Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun
International Neiegkeeten

half time hook up

En ass iech sécher schonn hei an do op engem

t mobile hookup 2018
International Neiegkeeten

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert
International Neiegkeeten

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Während sech Amerika vun den Iwwerschwemmungen déi den Orkan Harvey

Pornostar Stormy Daniels soll dem Donald Trump 20 Milliounen US-Dollar bezuelen

Pornostar Stormy Daniels soll dem Donald Trump 20 Milliounen US-Dollar bezuelen

De perséinlechen Affekot vum US-President, Michael Cohen, behält sech d‘Recht fir, net manner wéi 20 Milliounen US-Dollar vum Pornostar Stormy Daniels ze fuerderen. De Motiv: D‘Stormy Daniels hätt 20 mol géint d‘Schweigeflicht verstouss, déi et an engem Accord mam Donald Trump zougesot huet.

D‘Stormy Daniels, dat am richtege Liewe Stephanie Clifford heescht, wëll dësen Accord, deen et ee puer Deeg virun der Wal am November 2016 ënnerschriwwen huet, fir ongülteg erkläre loossen. An dësem Accord hat d‘Stormy Daniels sech bereet erkläert de Mond ze halen, iwwert eng „Relatioun“ déi et soll mam Milliardär gehat hunn.

Dem Michael Cohen säin Affekotenteam verlaangt dann och net manner wéi 1 Millioun US-Dollar fir „all Verstouss“ géint de genannten Accord. Dat geet aus Dokumenter ervir, déi e Freideg um federale Geriicht zu Los Angeles deposéiert goufen, an vun der AFP konnten agesi ginn. De Michael Cohen wëll och, datt d‘Pornostar ophält der „Affär“ Reklamm ze maachen.

Geld ass Muecht

„D‘Tatsaach, datt e President am Amt iwwer 20 Millioune Schuedenersatz vun engem Bierger verlaangt, just well deen der Ëffentlechkeet well erziele wat wierklech passéiert ass, ass bal net ze gleewen. Mir loossen d‘Affär net falen a wäerten eis och net aschüchtere loossen“, esou via Twitter dem Stormy Daniels säin Affekot, Michael Avenatti.

Hie bezeechent d‘Aussoe vum Affekotenteam als Aschüchterung. De Michael Avenatti huet zudeem ee Freideg op MSNBC an CNN behaapt, datt seng Mandantin och bedreet ginn ass. Méi Detailer zu der Bedreeung, ausser datt der Pornostar soll kierperleche Schued ugedoe ginn, huet den Affekot net ginn.

Pornostar

Eng ongläich Koppel. Den Donald Trump (l) an d‘Stephanie Clifford, alias Stormy Daniels (r) sollen eppes matenee gehat hunn. Sollt et en Accord mat Schweigeflicht ginn hunn, géif datt eng Relatioun tëscht béide Persoune bestätegen. Mee „Recht hunn“, a „Recht kréien“ sinn zwee ënnerschiddlech puer Schong. © Mandel Ngan/Ethan Miller/AFP

Aus dem Wäissen Haus koum dann och direkt d‘Äntwert. „Dat Wäisst Haus veruerteelt jiddereen deen en Individuum bedreet, mee ech sinn net iwwert dës Beschëllegungen informéiert“, esou d‘Spriecherin Sarah Sanders. D‘Geriicht zu Los Angeles hëlt sech den 12. Juli dem Recours vum Stormy Daniels un, wou et fuerdert, datt den Accord fir ongülteg erkläert soll ginn.

Um Freideg hunn dem Donald Trump seng Affekote gefuerdert, datt d‘Affär un en anert Geriicht, wéi e kalifornescht, soll iwwerstallt ginn. Den US-President dementéiert mam Stormy Daniels (38) eng „Relatioun“ gehat ze hunn. D‘Pornostar sengersäits huet ugebueden, déi 130.000 US-Dollar Schweigegeld, déi et 2016 erhale soll hunn, zeréckzebezuelen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Pornostar, Schweigegeld, Stormy Daniels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel