Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt
Auto International Neiegkeeten Sport

CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt

Um Méindeg huet den CNFP (Nationalrot fir ëffentlech Finanzen) de

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht
Auto International Neiegkeeten Sport

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht

An der Nuecht e Mëttwoch sollt d’Parlament a Polen eng

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen
Auto International Neiegkeeten Sport

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn –

Wann et bis rullt!

Zwee mol de Podium beim Porsche Carrera Cup Däitschland fir den Dylan Pereira

Wann et bis rullt!

 

De leschte Weekend war den Dylan Pereira zu Spielberg (Éisträich) a senger „zweeter Disziplin“ dem Porsche Carrera Cup Däitschland ënnerwee, an no „Startschwieregkeeten“ konnt de Pilot vu Lechner Racing hei dann och endlech nees mam verdéngten Erfolleg uknäppen. Esou stoung hien an Éisträich dann och direkt zwee mol um Podium.

Ofgehale goufen déi 5. a 6. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland um Red Bull Circuit vu Spielberg. Eng grandios Streck déi, ëmgi vun de Bierger, vill Héichtenënnerscheeder (Steigunge vu bis zu 11%) an eng Rei ganz technesch usprochsvoll Kéiere a sech huet. Op dëser Pist, ass den richtege Bremspunkt esou wichteg wéi op kaum engem anere Circuit.

Carrera Cup

© Porsche Carrera Cup Däitschland

A scho beim Training ass d‘Hoffnung opkomm, datt et fir den Dylan dëse Weekend gutt kéint lafen. Hien huet sech am fräien Training, mat der zweeter Beschtzäit schonn emol der Konkurrenz gewisen. An der Qualifikatioun geléngt et him géint „Halbzeit“ nach emol déi zweet séierst Zäit op d‘Auer ze setzen, wourop hien dann och nees an d‘Box komm ass fir neie Gummi opzeleeën.

Wéi de Lëtzebuerger Espoir nees op d‘Pist erausgefuer ass, waren zwee vu senge Kontrahenten ënnerwee: de Larry ten Voorde, aktueller Leader am Generalklassement, an de Michael Ammermüller, säin Teamkolleg bei Lechner Racing. Hei ass et dann och zu engem ganz flotte Schlagaustausch komm. Säin Teamkolleg mécht d‘Beschtzäit, hie qualifizéiert sech als zweeten.

Eng eescht Ugeleeënheet

Mat dëser Performance huet de Lëtzebuerger sech exzellent Startplaze geséchert, an esou wéi mir den Dylan Pereira kennen, ass hien och an der éischter Course vum Weekend gestart. Woubäi et net dee ganz perfekten Depart war, well hien huet sech vum Julien Andlauer iwwerrasche gelooss a verléiert esou virleefeg eng Plaz.

Kuerz drop huet en zolidd Accident am Peloton ginn an d‘Course missen ofgebrach ginn. Nom Neistart hannert dem Safety-Car huet de Julien Andlauer direkt versicht Drock op den Dylan ze maachen. Jo och dee Pilot wëll Punkte sammelen an do brauch ee kee virun sech. Mee et muss een dann och laanscht kommen, an den Dylan hat d‘Dier gutt zougemaach.

Net nëmmen datt de Lëtzebuerger de Julien Andlauer hannert sech behale konnt, hie konnt och nees op de Larry ten Voorde opschléissen. Deen ass allerdéngs och eng zackeg Nummer a wollt sech d‘Botter net méi vun der Schmier zéie loossen. Vun dësem Zweekampf huet dann nees de Fransous profitéiert a stibitzt kuerz dem Dylan Pereira seng zweet Plaz.

Bis zur Arrivée waren net méi allzevill Tier, mee de Lëtzebuerger huet bäigehalen. Dann de Feeler vum Julien Andlauer. Vun der Pist ofkomm, war dee keng Gefor méi, an de Pilot vum Lechner Racing Team konnt seng zweet Plaz nees behaapten an huet déi och elegant an d‘Zil bruecht. Domatter war den nächste Podium vun der Saison sécher.

An der zweeter Course huet den Dylan op e neits e richteg gudden Depart hikritt, mee de Julien Andlauer hannert him hat fir dës Course aner Pläng. A schonn am zweeten Tour ass dem Fransous d‘Konschtstéck gelongen net nëmmen de Lëtzebuerger Pilot ze iwwerhuelen, nee och den Hollänner huet sech misse geschloe ginn. Um Enn dann awer nach déi drëtt Plaz.

Wann et esou weider geet

Et war also ee richteg gudde Weekend fir den Dylan Pereira, deen esou och nees mam Erfolleg ugeknäppt huet. Vill wichteg Punkten am Championnat konnten zu Spielberg gesammelt ginn, wat dem Lëtzebuerger nees erlaabt sech sengem Zil, d‘Championnat ze gewannen, nees mat eppes méi Optimismus unzehuelen. A mir géifen eis och iwwert eng Placéierung ënnert den Top 3 freeën.

Carrera Cup

© Dylan Pereira

Den Dylan war dann och nees mat sech zefridden. „Ech si glécklech. Et war eng gutt Qualifikatioun a gutt Manche mat top Resultater. Dat op engem Weekend mat villen Incidenten. Mir ass et gelongen ouni Feeler zwee op de Podium ze kommen“, esou de kuerze Statement vum Pilot am Porsche Carrera GT3 Cup vum Team Lechner Racing.

Gutt motivéiert a sécherlech och preparéiert, kann sech den Dylan Pereira op den Challenge an der Porsche Mobil 1 Supercup Klass freeën, deen och op dësem Circuit ausgedroe gëtt. Dat ass de Fall de Weekend vum 28. bis 30 Juni, wou de Porsche-Zirkus nees de Kaderprogramm fir d‘Formel 1 stellt. Dir alleguerten häerzlech agelueden op dësem Dag dem Dylan d‘Daumen ze drécken.

Klassement 5. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 2. Dylan Perreira (LU)

Klassement 6. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Julien Andlauer (FR)
  • 3. Dylan Perreira (LU)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 3. Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

mam Isabel Casimiro Gargulho/Gen.Com.

Foto: © Porsche Carrera Cup Däitschland

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Red Bull Ring, Spielberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel