Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand
International Neiegkeeten Sport

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem

angry
Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen
International Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
International Neiegkeeten Sport

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

Porsche Mobil 1 Supercup: De Lëtzebuerger huet sech um Hockenheimring behaapt

Porsche Mobil 1 Supercup: De Lëtzebuerger huet sech um Hockenheimring behaapt

De Lëtzebuerger Pilot, Dylan Pereira, huet sech de leschte Weekend op neits gutt op der Piste behaapte kënnen, a bleift am Championnat op der drëtter Plaz. Dobäi hat sech de Weekend net wierklech gutt presentéiert: vill Reen an eng rutscheg Streck hunn fir Kappzerbrieches gesuergt.

Mee de Pilot vum Team MOMO Megatron Lechner Racing, huet Maturitéit bewisen a konnt sech zu gudder Lescht dann och déi sechste Startplaz um Depart sécheren. An déi war zolidd verdéngt. Virum chronometréierten Essai hat et gereent, wat d‘Piste rutscheg a geféierlech gemaach huet. E puer Passagen hunn dann och dem Dylan Pereira seng ganz Opmierksamkeet gefuerdert.

An och fir de Renndag hunn d‘Wiederprevisiounen näischt Guddes virausgesot: et sollt während der Course reenen. Esou huet sech de Lëtzebuerger Pilot entschloss déi beschte Reglagen ze fannen an déi richteg Pneue fir eng „naass“ Course anzefueren. Eng wichteg Entscheedung, well no sengem Ausfall zu Silverstone, wou hie keng Punkte gemaach huet, war hie schaarf op eng gutt Placéierung.

De Risk méiglechst kleng halen

Nom Start huet den Dylan Pereira d‘Course virsiichteg ugefaangen, an ass gutt laanscht d‘Gedrécks an den éischte Kéiere komm. Iwwert déi ganz Course ewech, konnt sech de jonke Lëtzebuerger am Grupp vun de véier Porsche GT3 Cup (Typ II), déi sech ëm déi véiert Plaz bekämpft hunn, halen.

Et war dann och déi interessantsten Ausenanersetzung, déi dës vum Manche Porsche Mobil 1 Supercup gebueden huet. Hei war séier kloer, datt den Dylan Pereira ëmmer eppes méi séier ënnerwee war wéi seng Géigner. Zwee Tier viru Schluss huet de Lëtzebuerger Pilot eng vun de seelenen Occasiounen ergraff, iwwerholl an fiert op der fënnefter Plaz duerch d‘Arrivée.

Dat waren dann awer 12 wichteg Punkten déi den Dylan Pereira sengem Rennstall geschenkt huet. Punkten déi him zudeem erlaben déi drëtt Plaz am Generalklassement ze behalen. Dëse Weekend ass de jonke Lëtzebuerger Pilot zu Budapest am Asaz. Hei sollt et dann och nees zu enger Course bei schéinstem Wieder kommen, an et gëtt gemunkelt, datt hei e Podium méiglech ass.

Resultater Porsche Mobil 1 Supercup Hockenheim:

1er Nick Yelloly (GB)

2ème Mattia Drudi (IT)

3ème Michael Ammermüller (DE)

5ème Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup:

1er Michael Ammermüller (DE) 81points

2ème Nick Yelloly (GB) 76 points

3ème Dylan Pereira (LU) 58 points

Foto: © ATP Qian Jun

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hockenheimring, Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel