Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen e béise Jong?
Auto International Neiegkeeten Sport

Nëmmen e béise Jong?

Mat groussen Ae kuckt am Moment déi ganz Welt op

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden
Auto International Neiegkeeten Sport

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden

Um haitege Moien ass tëscht den Héichiewen um Belval den

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen
Auto International Neiegkeeten Sport

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen

Kuerz nodeems déi Lëtzebuerger Post eng 14% Erhéijung vun hiren

Ee Podium nom aneren

Porsche Mobil 1 Supercup Virtual Edition: Och um virtuelle Circuit vu Silverstone, huet de Lëtzebuerger Pilot säi Fangerspëtzegefill bewisen an sech bravouréis an Zeen gesat.

Ee Podium nom aneren

Leschte Samschdeg goufen déi zwou Manche vum virtuelle Porsche Mobil 1 Supercup um éiweg legendäre Circuit vu Silverstone ausgedroen. De brittesche Circuit ass esou berüümt wéi och berüchtegt, wat sengem héich taktesch ausgeluechte Streckeverlaf (18 Kéiere fir eng Distanz vun 5.891 Meter) zouzeschreiwen ass. Mee et ass ee Klassiker, a seng Klassiker muss ee beherrschen.

Eng Erausfuerderung, déi besonnesch an dësem Marke-Cup den Piloten hiert ganzt Talent fuerdert, an do mécht de virtuelle Circuit keng Ausnam. Hei ass maximal Konzentratioun gefuerdert, an den Dylan Pereira, dee fir BWT Lechner Racing mat sengem Porsche GT3 Cup, schonn e Freideg eng gutt Leeschtung bei den Tester gewisen hat, huet ee villverspriechende Pronostic ginn…

Mee de Motorsport ass onberechenbar an dem Dylan seng Konkurrente sinn elo net grad dat wat als Läppercher dierf bezeechen. An der Qualifikatioun war et dann och éischter „schwiereg“ firwat sech de Lëtzebuerger huet misse mat der 10. Plaz zefridde ginn. En däitlechen Handicap fir déi zwou Manchen, mee den Dylan Pereira léisst sech net esou liicht aus der Rou bréngen.

Réckschléi huet scho viru Silverstone a wäert et och no Silverstone ginn. Et muss ee mat deenen Dammen danzen déi do sinn, an dësem Fall awer mat beduecht, well vun der 10. Startplaz an esou eng wichteg Course ze goen, bréngt och ëmmer de Risk mat sech „de Géigner ze beréieren“, wat jo méiglechst ze evitéieren ass. Dat ass dem Dylan dann och eigentlech ganz gutt gelongen.

D’Rou behalen

Nom Start konnt hien den zuelräichen Accidenter nach galant aus de Féiss goen, bis hien op emol tëscht zwee Konkurrente geroden ass, déi beméit waren den Design vum Porsche GT3 Cup eppes ëmzegestalten. Et koum wéi et huet misse kommen, an no engem Exkurs duerch d‘Wiss, ass den Dylan Pereira op déi 15. Plaz zréckgefall. Do hätten der scho vill keng Loscht méi gehat…

Net esou de Lëtzebuerger aus dem Team BWT Lechner Racing. Eng Course ass bekanntlech eréischt eriwwer, wann de Fändel mam Schachbrietmuster säin Urteel gesprach huet oder d‘Maschinn – och virtuell – déi Geescht opginn huet. A kaum datt eise Pilot nees déi véier Pneuen um Goudron hat, huet hien sech déi zwee éischt Konkurrente gekroopt an hannert sech gelooss.

Séier den Dylan hannert sengem alen Team-Kolleg Julien Andlauer, deen elo net esou einfach ze iwwerhuelen ass. Et huet entspriechend „gedauert“ bis hie sech de Géigner esou agepräägt hat, datt dësem d‘Ofwiermëttel ausgaange sinn. Him ass dee sécherlech spektakuläersten Depassement am Agank zur leschter Ronn gelongen, a konnt sech esou mat enger 9. Plaz nach Punkte sécheren.

Elo dann awer…

Déi zweet Manche vu Silverstone ass an der Reiefolleg gestart ginn, wéi d‘Piloten an der éischter agelaf sinn. D‘Rabbelkäpp waren hannert eisem sympathesche Pilot, an de Start ass himm och weesentlech besser gelongen. Nach iert den éischten Tour ofgeschloss war, hat hien déi éischt zwee Géigner hannert sech gelooss, huet sech awer missen zolidd ustrenge fir den Uschloss ze halen.

An der Hallschent vun der Course, huet ee Konkurrent sech en Ausrëtt geleescht, wat dem Dylan eppes entgéint komm ass, mee säi Kampf ëm d‘Plaze war domadder net gedoen. Hien huet weider Drock gemaach, seng ganz Erfarung a wuel säin Talent hunn hie no vir bruecht. Déi zwee éischt haten sech an der tëscht duerch d‘Bascht gemaach, mee déi drëtt Plaz ass méi wéi verdéngt.

Esou kann den Dylan Pereira a véier Manchen dräi Podiume virweisen, an niewebäi alt nees der ganzer Welt weisen, Lëtzebuerg ass wäit méi wéi eng Start-up Natioun oder eng Finanzplaz. Hien huet d‘Landesfaarwen an natierlech d‘Faarwe vu sengem Team mat enger ganz respektabeler Leeschtung ganz héich gehalen. An esou dierf dann och roueg weidergoen, do ass jo nach Sputt.

De nächste Samschdeg (25. Abrëll) geet et dann och scho weider, da mat der 5. a 6 Manche. Och hei gëtt nees op engem vun de legendäerste Strecke vun der Welt gefuer: Spa-Francorchamps. Hei hat de Lëtzebuerger sech 2019 nieft de Pole-Positioun och d‘Victoire gekroopt. Dat seet elo net wierklech eppes aus, well jo virtuell Gefuer gëtt, mee et sollt ee mengen, datt d‘Streck bekannt ass.

Illustratioun: © Porsche Mobil 1 Supercup

Den Artikel vun den éischten zwou Manchen: https://moien.lu/wann-s-de-eppes-kanns/

Klassement vun der 3. Manche:

  • 1. Ayhancan Güven (martinet by ALMERAS)
  • 9. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Klassement vun der 4. Manche:

  • 1. Larry ten Voorde (Team GP Elite)
  • 3. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Generalklassement

  • 1. Larry ten Voorde (Team GP Elite) / Ayhancan Güven (martinet by ALMERAS)
  • 3. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Méi vum an iwwert den Dylan Pereira

Ähnlech Sujeten BWT Lechner Racing, Dylan Pereira, Motorsport, Porsche 911 GT3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup virtual edition
Nächsten Artikel Virrechten Artikel