AutiSport: déi nei Sportsaktivitéit vun der Fondation Autisme Luxembourg
D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) setzt sech fir d’Rechter vu Persoun
D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) setzt sech fir d’Rechter vu Persoun
Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um
De Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours (CGDIS) deelt mat,
De Weekend war haart fir den Dylan Pereira, déi lëtzebuergesch Hoffnung am Porsche Mobil 1 Supercup. Hie setzt seng gutt Saison zu Silverstone zwar iwwerzeegend fort, konnt awer, opgrond vun der Aggressivitéit vu senge Géigner, op briteschem Buedem keng Punkte mathuelen.
Et hat awer alles esou gutt ugefaangen: hie war ee vun de séierste Piloten op der Pist a konnt sech als Drëtten an der Startopstellung – mat engem Retard vun 0,157 Sekonnen op d‘Pole Positioun – areien. D‘Rennmaschinn war richteg gutt agestallt a op all Temperaturen a Wiederkonditioune virbereet ginn, ëmmerhi gouf an England gefuer, an do ass et mam Wieder wéi mam Iessen…
Hei goufen sech dann och grouss Ziler gesat: et sollt mindestens de Podium sinn an déi 1. Plaz vum Championnat. Wann et richteg ass, datt et bis zum Sonndeg (bal) perfekt gelaf ass, esou sollt de Sonndeg eis eng nei Dimensioun virun Ae féieren. De Pilot vum Team MOMO Megatron Lechner Racing huet zu Silverstone säi Start versaut a sech direkt dem Drock vu senger Géigner ausgesat.
An der éischter Ronn huet hien an enger Kéier missen „opmaachen“ wat direkt dräi Plaze kascht huet. Mat vill Engagement konnt den Dylan Pereira sech awer am Grupp vun de Leader halen, an alles war nach am Beräich vum Méiglechen. Betounung läit hei eendeiteg op „war“…
Nodeems de franséische Pilot Julien Andlauer dem Dylan Pereira an dat hënnescht lénks Rad geknallt war, huet de lëtzebuergeschen Espoir am Porche Mobil 1 Supercup missen opginn. © VM/ MOMO Megatron Lechner Racing
Bis an déi siwent Ronn huet ee mat Freed dem lëtzebuergeschen Espoir am Porsche Cup kënnen nokucken. Hien huet un de Piloten déi virun him waren „gepecht“ a war drop an drun sech no vir ze bréngen. Dat huet och alles gutt ausgesinn, bis de Fransous Julien Andlauer him zolidd an den hënneschte lénke Pneu gerannt ass. Do war dem Dylan Pereira säi Rennen eriwwer…
Trotz dësem „Abandon“ verléiert de Lëtzebuerger Pilot am General nëmmen eng Plaz, a läit elo op Rang dräi. Wéi den Dylan Pereira mat dësem ongléckleche Rennverlaf ëmgeet ka vun hei aus net gesot ginn. Et ass awer gewosst, datt opgrond vun der exzellenter Virbereedung, hie mat sengem Team, beim grousse Präis vun Däitschland, wäert versichen nees u seng Leeschtung unzeknäppen.
Elo dierf een da gespaant sinn, wéi sech den Dylan Pereira de Weekend vum 20. bis 22. Juli bei der 5. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup um Hockenheim wäert schloen. E wichtegt Renne mat deem hie seng Positioun am Generalklassement muss verdeedegen, an eventuell esouguer sollt verbesseren. Him dofir d‘Daumen ze drécken ass duerchaus ubruecht.
1. Michael Ammermüller (DE) 65 points
2. Nick Yelloly (GB) 56 points
3. Dylan Pereira (LU) 46 points
Fotoen: © ATP Vincent MIGNOTT