Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn
Auto International Neiegkeeten Sport

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme

Widderwëlleg schléisst den Diktator d‘Transitlager
Auto International Neiegkeeten Sport

Widderwëlleg schléisst den Diktator d‘Transitlager

Nodeems déi ungaresch Regierung de 14. Mee vum europäesche Geriichtshaff

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen
Auto International Neiegkeeten Sport

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun

Den digitaliséierte Motorsport

Um leschte Weekend vun der Porsche Mobil 1 Supercup „virtual Edition“ erreecht de Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira nees ee Podium an séchert sech déi 3. Plaz am Generalklassement.

Den digitaliséierte Motorsport

Motorsport am virtuelle Raum, dat war an ass nach ëmmer zimmlech ongewinnt. Et war awer virun allem fir d‘Piloten an d‘Teame vum Porsche Mobil 1 Supercup eng Erausfuerderung, well och si hu sech emol mat dëser Iddi ufrënnen. Deene meeschte schéngt et jiddefalls gefall ze hunn, an och fir den Dylan Pereira, eenzeg Lëtzebuerger an dësem Marke-Cup, war et eng ganz flott Experienz.

Um Samschdeg sinn déi zwou lescht Manche vun der Porsche Mobil 1 Supercup „virtual Edition“ um legendäre Circuit vu Monza (Italien) gefuer ginn. Den Dylan Perreira ass dëse leschte virtuelle Renndag ganz motivéiert ugaangen: d‘Zil war et méiglechst genuch Punkten se sammele fir déi drëtt Plaz am Generalklassement ze bestätegen. Nach e weidere Podium wier d‘Kiischt um Kuch.

Monza, déi Rennstreck mat den onendleche Riichten, séiere Kéieren an hannerlëschtege Schikanen, bitt dem Zuschauer net nëmme spektakulär Biller, mee de Piloten och en héijen Adrenalin-Niveau. Am fräien Training ass et dem Pilot vum Team BWT Lechner Racing emol drëms gaangen déi hei ganz wichteg Bremspunkten uerdentlech festzeleeën, wat him esouwäit ganz gutt gelongen ass.

Porsche

Porsche 911 GT3 Cup, #25 Larry ten Voorde (NL), #22 Ayhancan Güven (TR), Porsche Mobil 1 Supercup Virtual Edition, Start Rennen 1

Déi hei gemaachten Erfarunge konnt den Dylan Pereira op seng Porsche CT3 Cup beschtens mat an d‘Qualifikatioun huelen, wou jo d‘Starterfeld ermëttelt gëtt. Hie konnt sech behaapten, hat och eng Zäit laang déi zweet séierst Zäit an huet sech um Enn op enger gudder 3. Plaz kënne festhalen. Dat elo och an der Course selwer nach emol hinzekréien, hänkt dann awer net ganz eleng vun him of.

Iwwerluecht um Limitt fueren

Wa gewosst ass, datt et esou ee virtuellen Depart schonn emol eppes konfus kann oflafen, versteet ee séier, datt den Dylan Pereira hei seng Chancen net wollt a Gefor bréngen, an dat Start mat vill Beduecht ugaangen ass, ouni seng drëtt Positioun dofir hierzeginn. Op de viischte Plazen hu seng Géigner sech kee Kaddo gemaach an de Lëtzebuerger huet gedëlleg op de Feeler gewaart.

Deen huet sech dem Dylan Pereira an der 12 Minutt gebueden, wouduerch sech eng Opportunitéit opgedoen huet. Mee de Leader am Generalklassement war „not amused“ an huet masseg Drock gemaach. Dräi Ronnen drop hat dësen sech seng Positioun zréckeruewert. De Lëtzebuerger Pilot hat awer d‘Schwaachstell ausgemaach, a konnt an der leschter Ronn den Deckel zou maachen.

Eigentlech ganz zefridde mam Resultat, huet eise Pilot säin Team op dee gefillte „Gripp-Verloscht“ vu sengem Porsche GT3 Cup higewisen, firwat déi d‘Balance vun der Rennmaschinn nach emol iwwerschafft hunn. Fir déi 8 a lescht Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup „virtual Edition“ war de Plang eintlech deeselwechte wéi bei der 7. Manche. Mee et ass nach ëmmer och Motorsport.

Beim Start huet den Dylan Pereira direkt Drock op d‘Pole Positioun gemaach, war dunn awer wuel eppes iwwermotivéiert, wat derzou gefouert huet, dat hien de Bremspunkt an enger Kéier net esou getraff huet wéi dat eigentlech hätt sollen de Fall sinn. Hie koum du vun der Pist of, huet eppes Lack un der Leitplank hänke gelooss an huet op der 4. Positioun nees an d‘Feld agereit.

Mam beschiedegte Gefier huet et och mat der Balance net méi geklappt an esou ass et dem Dylan Pereira hei emol primär drëms gaangen de Schued a Grenzen ze halen. Esou konnt de Lëtzebuerger déi véiert Plaz net halen, mee war awer nach séier genuch, fir als fënneften duerch d‘Zil ze fueren. Vill Punkten an ee flotte Podium zu Monza ginn duer fir déi 3. Plaz am Generalklassement ze halen.

Klassement Manche 7:

  1. Larry ten Voorde (NL/Team GP Elite)
  2. Dylan Pereira (L/BWT Lechner Racing)
  3. Leon Köhler (D/Lechner Racing Middle East)
  4. Ayhancan Güven (TR/Martinet by Alméras)
  5. Jaxon Evans (NZ/Momo Megatron Lechner Racing)

Klassement Manche 8:

  1. Larry ten Voorde (NL/Team GP Elite)
  2. Ayhancan Güven (TR/Martinet by Alméras)
  3. Leon Köhler (D/Lechner Racing Middle East)
  4. Jaxon Evans (NZ/Momo Megatron Lechner Racing)
  5. Dylan Pereira (L/BWT Lechner Racing)

Generalklassement:

  1. Larry ten Voorde (NL/Team GP Elite), 180 points
  2. Ayhancan Güven (TR/Martinet by Alméras), 166 points
  3. Dylan Pereira (L/BWT Lechner Racing), 123 points

Méi vum an iwwert den Dylan Pereira

Foto: © Porsche mobil 1 Supercup / Porsche AG

Ähnlech Sujeten BWT Lechner Racing, Dylan Pereira, Motorsport, Porsche 911 GT3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup virtual edition
Nächsten Artikel Virrechten Artikel