Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren
International Neiegkeeten Sport

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren

D‘EU-Kommissioun an déi fréier jugoslawesch Republik Mazedonien (ARYM) hunn e

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen
International Neiegkeeten Sport

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet –

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen
International Neiegkeeten Sport

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko

Den Dylan Pereira erfëllt mat gudder Leeschtung d‘Ufuerderunge vum Rennstall

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko

Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup, ass zu Mexiko e Samschdeg an e Sonndeg gefuer ginn. A Mexiko huet sech als eescht ze huelend Erausfuerderung presentéiert. Dat ënnert anerem, well d‘Course op enger Héicht vun 2.240 Meter gefuer ginn ass, wat d‘Leeschtung an d‘Performance vum Porsche GT3 Cup Typ 2, beaflosst huet.

Beim éischte Kontakt mat der Piste, huet de Lëtzebuerger Pilot sech ënnert de 5 éischten erëmfonnt an de fräien Training op der 9. Plaz ofgeschloss. Dobäi war den Dylan Pereira nëmme knapp sechs Zéngtel vum amtéierende Champion, Michael Ammermüller ewech. De chronometréierten Essai, huet op enger propperer Pist, mee leider ouni Grip (et hat nuets gereent) ugefaangen.

Hei hat de Lëtzebuerger 30 Minutte fir eng Beschtzäit op de Macadam ze leeën. Den Dylan Pereira huet et mat Rou ugoe gelooss, an et der Konkurrenz iwwerlooss, Gummi op d‘Pist ze bréngen. Eng Rechnung net ganz esou op gaangen ass, wei een sech dat erhofft hat. Et war allerdéngs eng brutal ëmkämpfte Qualifikatioun, an och hei hunn nëmmen 6 Zéngtel op d‘Pole Positioun gefeelt.

Déi éischt vun zwou

Domatter stoung de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team, allerdéngs op der 13. Startplaz. Eng Situatioun déi eis bekannt virkënnt, grad wéi dem Dylan Pereira säi Start. Deen huet gepasst, an hie konnt sech direkt emol ëm dräi Plaze verbesseren. Am zweeten Tour war de Lëtzebuerger da schonn op der 9. Plaz, an esou hätt et eigentlech solle weidergoen.

Mexiko

Den Dylan Pereira, beim senger éischter Begéinung mam Autodromo Hermanos Rodriguez © Porsche Mobil 1 Supercup/ATP

Mee bon, eng Autoscourse huet seng eege Gesetzer, an de Dylan Pereira ass no engem „Kontakt“ eppes vun der Trajectoire ofkomm, an fält zréck op déi 11. Plaz. Hie konnt datt awer nees ophuelen, ass an der 8. Ronn op déi 10. Plaz virgefuer, a sollt déi och bis iwwer d‘Arrivée net méi hir ginn.

Den Dag drop ass um Autodromo Hermanos Rodriguez déi lescht Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup gefuer ginn. Hei sollt de Lëtzebuerger Espoir vu Startplaz 11 an d‘Renne goen. An esou ee Start aus dem Mëttelfeld verbierg Geforen. Den Duerchenaner deen hei am éischten Tour entsteet ass impressionnant, hei kënnt et och zu de meeschte „Kontakter“ déi zum Abandon féiere kënnen.

An de Punkten ukommen

Fir de Pilot vu Team Lechner Racing, war et wichteg an de Punkten unzekommen, wat hien net dovunner ofgehalen huet deen een oder anere Risk op sech ze huelen. Dat sollt sech ausbezuelen. Am éischten Tour huet hien direkt emol 2 Konkurrenten iwwerholl an sech an den Top Ten gesat. Et ass weidergaangen, an am 3. Tour huet hie sech eng gutt 8. Positioun erausgefuer.

Säi Versuch sech och nach déi 7. Plaz ze krope war spannend. Minuttelaang konnten d‘Kameraen net méi vum Dylan Pereira loossen. Hannert dem Géigner fueren, dat bedeit, datt dee wou hannert dir hir ass, opschléisse kann. Dat war hei de Fall, an eng behäerzegt Aktioun vum Konkurrent huet de Lëtzebuerger zwou Positioune kascht. Als néngte fiert hien um Enn iwwer d‘Arrivée.

Mexiko

Op enger Altitude vun 2.240 Meter, verléiert de Porsche GT3 Cup Typ 2 eppes u Performance, mee den Dylan Pereira huet dat ganzt zimlech gutt ënner Kontroll behalen. © Porsche Mobil 1 Supercup/ATP

Alles an alles kann den Dylan Pereira op ee méi wéi positive Bilan am Porsche Mobil 1Supercup zréckblécken. An 10 Rennen huet hie gutt Leeschtung erbruecht: 2 mol um Podium (Barcelona a Monaco), 6 mol Top Ten, beendegt de Lëtzebuerger d‘Championnat op der 7. Plaz, punktgläich mam sechsten. Säi Teamkolleg an amtéierende Meeschter huet säin Titel verdeedegt kritt.

Resultat vun der 9. Course Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Julien Andlauer (FR)
  • 2. Plaz Michel Ammermüller (DE)
  • 3. Plaz Thomas Preining (AT)
  • 10. Plaz Dylan Pereira (LU)

Resultat vun der 10. Course Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Julien Andlauer (FR)
  • 2. Plaz Nick Yelloly (GB)
  • 3. Plaz Michel Ammermüller (DE)
  • 9. Plaz Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Michael Ammermüller
  • 7. Plaz Dylan Pereira

Site web: www.dylan-pereira.com

Facebook: www.facebook.com/dylanpereiramotorsport

Twitter: www.twitter.com/dylanpereiralu

Instagram: www.instagram.com/dylanpereiraofficial

Foto: Fir de Lëtzebuerger Espoir am Automobilsport, war et dëst Joer déi éischt Renconter mat Mexiko. © Lechner Racing

Ähnlech Sujeten Automobilsport, Dylan Pereira, Mexiko, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel