Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden
Neiegkeeten

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden

De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen-

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank
Neiegkeeten

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank

Op de Verkéierskniet déi d’Häerz vun Houston ëmschléngen ass nees

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen
Neiegkeeten

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen

Den 31. Oktober sinn d‘Mataarbechter vum Standuert Delphi Technologies zu

Porte Ouverte an der Fleegestatioun fir wëll Déieren

Porte Ouverte an der Fleegestatioun fir wëll Déieren

Um vergaangene Weekend duerft d’Ëffentlechkeet ausnamsweis een Abléck an d’Aarbecht vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng kréien. Schliisslech hat d’Ekipp, deenen d’Wuelergoe vun de wëllen Déieren um Häerze läit, den 30. Gebuertsdag vun dëser professioneller Statioun ze feieren. Dobäi ass nach emol kloer ënnerstrach ginn, datt Wäschbier, Fuuss a Co keng Hausdéiere sinn, mee an d’Fräiheet gehéieren!

Am Joer 1989 huet d’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng seng Dieren opgemaach. Waren et deemools eng 180 Déieren, déi opgeholl, gefleegt an uschléissend nees fräigelooss gi sinn, esou hu professionell a fräiwëlleg Fleeger eleng an dësem Joer schonn iwwer 3000 Patiente versuergt. Een Abléck an den Alldag vun den Aarbechter an hiren Ëmgang mat den Déieren ze kréien, sollt sech dofir als spannend Erliefnis erausstellen.

Um 14. a 15. September ass dofir op d’Porte Ouverte invitéiert ginn, bei der een ënner anerem un Atelieren deelhuele konnt, interessant Informatiounen iwwert déi wëll Déieren an hire Liewensraum matgedeelt krut oder och ee gudde Maufel zou sech huelen duerft. Besonnesch gefrot waren allerdéngs déi guidéiert Touren duerch d’Fleegestatioun, bei der een eng Rei wëll Bewunner kenneléieren duerft.

Fleegestatioun

© Shari Pleimelding/moien.lu

Just kucken, net upaken!

Virun allem d’Kanner waren immens gespaant, wien si an den eenzele Beräicher untreffe géifen. Kee Wonner also, datt d’Guidin direkt mat diverse Froen ugespronge ginn ass, déi si ganz professionell beäntwere konnt. Direkt am Ufank sollt gewosst sinn, datt keng Déieren ugepaakt ginn – se kéinte schliisslech bäissen – an net ze vill haart Diskussioune gefouert sollte ginn.

Donieft muss och kloer gestallt sinn, datt d’Personal sech bewosst war, datt d’Déieren duerch d’Presenz vun esou vill Publikum wuel wäerten nervös sinn. Blesséiert, ängschtlech an schwaach Déiercher krut een aus dësem Grond net zu Gesiicht, wat och komplett verständlech ass.

Een éischte Stopp gouf beim Beräich vum Kéisécker gemaach. Och wa kee pickege Kolleg present war, krut een als Visiteur ee schéinen Abléck, wéi si ënnert fräiem Himmel am Hee versuergt ginn. Als nuetsaktiivt Déier gesäit een den Igel normalerweis net am Daach, wouduerch een schnell handele muss, sollt een ee Kéisécker dobaussen an der Sonn fannen. An dësem Fall gëtt geroden d’Déier mat engem Duch opzehiewen – e pickt, ka Lais a vläicht och Krankheeten hunn – an en direkt op Diddeleng ze bréngen. Wichteg ze wëssen ass och, datt de Kéisécker mëttlerweil vum Ausstierwe bedreet ass a sech esou jiddweree vun eis un der Rettung vun dësem gemitterleche Kolleg bedeelege sollt.

Fleegestatioun

© Shari Pleimelding/moien.lu

Viru goung et bei d’Wäschbieren, déi an hirem Käfeg op de verschiddene Supporten a Spillsaache ronderëm geturnt sinn. Esou léift se och ausgesinn, de Véierbeener mat der schwaarzer Sträif iwwert d’Aen ass keen heemescht Déier a kann dofir och net méi an d’Fräiheet entlooss ginn. Doduerch, datt si eis heemesch Aarte verspeisen, gären emol Dreckskëschten duerchwullen an ëmmer emol Chaos hannerloosse, sollt ee si op kee Fall nach motivéieren, et sech am eegene Gaart gemitterlech ze maachen.

Den Tour ass awer net nëmme laanscht déi „typesch“ wëll Déiere gaangen. Och Lëtzebuerg kennt de Problem, datt tropesch an/oder wëll Déieren importéiert ginn oder bemol d’Flucht aus dem Käfeg ergräifen. Doduerch – esou komesch et och klengt – ginn et zu Diddeleng zuelräich Beräicher fir Deckelsmouken a Papageien. Dës Déiere kann een iwwregens no Ofsprooch mat der Fleegestatioun adoptéieren.

Fleegestatioun

© Shari Pleimelding/moien.lu

Ee Schwäin, a keen Hond

Eng ganz speziell Geschicht gouf et beim Terrain vum Wëllschwäi Peggie ze héieren. Virun 2 Joer ass de Véierbeener gebuer ginn a gouf vun enger Fra fonnt, déi d’Schwéngchen doheem opzéie wollt. Dobäi huet d’Peggie sech esou un de Mënsch gewinnt, datt eng Auswëlderung net méi méiglech war – wat senger zweebeeneger Mamm och eigentlech ganz rächt komm ass. Schliisslech hat si esou emol een anert Hauséier, wéi d’Noperen.

Am Januar 2019 ass d’Wëllschwäin, wat scho Verhalensweise vun engem Hond ugeholl hat, vum Parquet op Diddeleng bruecht ginn a genéisst elo hei säin Alldag. Dat nenne mir emol ee schwéngsegt Liewen!

Leider geet dem Mënsch seng Virsuergt an/oder eegen Dommheet méi oft, wéi geduecht, ze wäit. Ee Mann aus der Belsch war nämlech – ähnlech wéi dem Peggie seng Mamm – op déi gelungen Iddi komm, 5 Eeër vun engem Milan ze klauen an d’Gräifvulle bei sech ze versuergen. Och hei sinn beim Versuch si auszewëlderen, nees 3 Déieren zeréck komm a liewen zënterhier an der Fleegestatioun.

Fleegestatioun

Och de Gaardeschléifer gouf besicht. Sollt Dir esou eng Konstruktioun am Bësch fanne, looss se wann ech gelift stoen! © Shari Pleimelding/moien.lu

Wat maache, wann een wëllt Déier Hëllef braucht?

Wien ee blesséiert wëllt Déier fënnt, dee sollt et an engem éischte Schrëtt op kee Fall upaken a sech direkt bei der Fleegestatioun zu Diddeleng mellen. Hei kritt een all noutwenneg Informatiounen, wéi een am Beschten handele sollt. Op Uweisung muss een d’Déier an eng vun de 4 Drop-Off-Statioune (Diddeleng, Klierf, Jonglënster an Nidderfeelen) brénge, bei der een iwwer Telefon een Code kritt, fir iwwerhaapt emol d’Dier opzekréien. Op der Plaz ginn déi perséinlech Donnéeën opgeholl an dann huet ee säin Déngscht scho gemaach. Een interessante Flyer dozou kënnt Dir och HEI eroflueden.

An eenzele Fäll kann och emol hiren Taxi op d’Plaz kommen an hëllefen. An dësem Kader gëtt drop higewisen, datt d’Fleegestatioun ëmmer op Benevollen ugewisen ass. Sief et bei der Fleeg vun den Déieren, der Konstruktioun vu Käfeger oder dem Fuere vum Taxi, jiddweree kann aktiv ginn. Méi Informatiounen heizou ginn et ënnert naturemwelt.lu.

Mënsch an Déier kënnen immens dankbar iwwert d’Aarbecht vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng sinn. Mat hirer Hëllef ginn eis heemesch Aarten – an och déijéineg, déi sech ageschlach hunn – gutt versuergt a kréien d’Chance nach eng liewenswäert Zäit verbréngen ze deirfen.

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Benevolat, Diddeleng, Fleegestatioun fir wëll Déieren, Kéisécker, porte Ouverte, Wäschbier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel