Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Universitéit luet zum virtuellen Dag vun der oppener Dier an
Kultur Neiegkeeten

D‘Universitéit luet zum virtuellen Dag vun der oppener Dier an

Dëst Joer organiséiert d‘Universitéit zu Lëtzebuerg den Dag vun der

Kranaarbechten an der Avenue Pasteur (25.08.2020)
Kultur Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Avenue Pasteur (25.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt en Dënschdeg, de 25. August

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
Kultur Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum 21. bis den 29. September ënnert dem Thema „Konscht an Ënnerhalung“ stinn, luet d’Stad Lëtzebuerg op d’Porte Ouverte vum Hollerecher Schluechthaus an. Dëse Samschdeg sollt ee sech op alle Fall fräi halen!

E Samschdeg, den 21. September kann ee vun 10:00 bis 17:00 Auer de Site vum ale Schluechthaus besichen. A Kombinatioun mat Erklärunge, Fotoen an Aktivitéite fir Kleng a Grouss dierf een esou an eis Vergaangenheet andauchen. Eng Mëschung aus liicht makaberer Atmosphär a dem Drang zur Aventure leeden duerch d’Raimlechkeeten, an deene fréier Déiere fir eise Fleeschkonsum geschluecht gi sinn.

Fir op de Verkéierschaos ze verzichte sollt een am Beschten um P&R Bouillon parken an d’AVL-Linn Nummer 15 (Arrêt Hollerich, Schluechthaus) notzen. Op der Plaz erwaarden Iech ënnert anerem Graffiti- a Skateboard-Atelieren, divers Spiller a Musek.

De Site vum Schluechthaus, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert, zielt eng Fläch vu ronn 2,5 Hektar – dorënner och gréng Ecker. Mat der Lag un zwou grousse Stroossenaxen, verschiddene schouleschen Etablissementer an dem zukünftegen Ecoquartier „Porte de Hollerich“ kann d’Schluechthaus mat senger exzellenter geographescher Situatioun an der Haaptstad iwwerzeegen.

Schluechthaus

Ee spannende Concours

Am Joer 1997 sinn d’Aktivitéiten am Etablissement agestallt ginn, wouduerch ee Skatepark, Stocken an de Sportsservice vun der Stad Lëtzebuerg eng Plaz gebuede kritt hunn. Doduerch, datt am Fréijoer 2020 de Sportsservice op den neie Site vum Boulevard Kockelscheier plënnert, lancéiert d’Stad ee Concours fir Architekten, fir esou de Reamenagement an d’Renovatioun vum Schluechthaus kreativ ze plangen.

Iddien a Meenunge ginn an all senge Facette gesammelt. Esou kënnen un dësem Samschdeg och d’Visiteuren sech abréngen an hir Virschléi op speziell Etikette schreiwen. All Propositioun ass häerzlech wëllkomm!

An enger nächster Phas vum Projet gëtt schliisslech eng Synthees aus alle gesammelten Iddie gemaach. Wat ka schlussendlech ëmgesat ginn?

Ähnlech Sujeten Concours, Hollerech, porte Ouverte, Reamenagement, Renovatioun, Schluechthaus, Vergaangenheet, Virschléi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel