F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus
Um Evenement vun der zukünfteger Ekonomie „Lëtzebuerg kann Zukunft“ konnt
De konservative Politiker Jacques Chirac, deen zanter längerem Gediechtnesproblemer gelidden
Eis portugisesch Matbierger maachen haut insgesamt 16% vun eiser Populatioun aus. 1970 waren et grad emol 1,7%. Dëst ass eng vun den Eckdaten, déi STATEC haut publizéiert huet. An a wéi enge Gemengen sinn se am stäerkste vertrueden? Zu Larochette maachen se ganzer 44,1% vun der Populatioun aus.
Dohannert fënnt een dann Déifferdeng mat 35,7% an Esch-Uelzecht mat 32,7%. Wann et ëm absolut Zuele geet, da fënnt een awer eng aner Gemeng ganz wäit fir un der Spëtzt. D’Stad Lëtzebuerg kënnt op ganzer 12.454 Portugisesch Matbierger. Esch-Uelzecht (11.473) an Déifferdeng (9.356) kommen do direkt hannendrun.
Duerchschnëttlech sinn d’Portugisen mi jonk, wéi d’Lëtzebuerger. Hiren Duerchschnëttsalter läit bei 36,7 Joer, während d’Lëtzebuerger duerchschnëttlech bei 41,6 Joer leien. De Solde Migratoire (Emigratioun versus Immigratioun) louch d’lescht Joer bei 888 Persounen. Dobäi sinn awer zwou Entwécklunge fest ze halen: Éischtens geet d’Zuel vun den Immigréierten zënter Joren zeréck (2010 waren 3.845 heihinner komm, 2017 waren et der 3.342). Gläichzäiteg klëmmt d’Zuel vun de portugiseschen Auswanderer: 2010 gouf et 1.696 Departen, 2017 der 2.454. Nëmmen 2 vun 10 Portugisen sinn hei am Land op d’Welt komm. 7 vun 10 sinn a Portugal gebuer. Am leschte Joer hunn 1.325 Portugisen d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.
Wat d’Gebuertsplaz vun de Portugisen ugeet, esou schéngt et kloer, datt dës och mam Alter zesummenhänkt. D’Portugisen, déi mi al sinn ewéi 40 Joer, si gréisstendeels a Portugal gebuer. Nëmmen 1,9% vun hinnen sinn zu Lëtzebuerg gebuer. Mee 40% vun de Portugisen ënner 40 Joer sinn zu Lëtzebuerg gebuer. A bei deenen ënner 19 Joer sinn et der esouguer 67,4%, esou STATEC.
Bei den Naturaliséierungen stellt de Statec fest, datt d’Bereetschaft bei de Portugise manner staark ass, wéi bei anere Communautéiten. Vun den 27.642 Persounen, déi tëschent 2010 an 2017 eng Naturalisatioun ugefrot hunn, hunn d’Portugisen mat 9.356 Naturalisatiounen e gudden Drëttel ausgemaach. Bei de Persoune mat enger duebeler Nationalitéit maachen d’Portugise mat 7.502 Persounen déi gréisste Grupp (27,3%) aus.
Quell: Statec