Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zodi um Härebierg
Neiegkeeten

Zodi um Härebierg

Béi der Lëtzebuerger Arméi ass Salz am Kaffi. Säit Mëtt

Wier déi lénk eng Ratingsagence…
Neiegkeeten

Wier déi lénk eng Ratingsagence…

Et war dee selwechten idyllesche Kader wéi am leschte Joer,

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen
Neiegkeeten

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen

Um 30. Mäerz 2020 huet d’Chamber eestëmmeg de Gesetzesprojet 7532

Positiv denken – e puer Tipps fir d’Gemitt

Positiv denken – e puer Tipps fir d’Gemitt

Ech maache mir Suergen, wann ech liesen, dass den SOS Détresse-Telefon zanter dem Ufank vum Confinement 30% méi Uriff kritt huet. Dobäi kënnt nämlech, dass een och op der Corona-Hotline, dem Elterentelefon oder dem Kannertelefon kann uruffen, wann een net weider weess a mat engem schwätze wëll. Also ass d’Donkelziffer vill méi héich.

Dir sidd net eleng – dee Saz ass séier gesot. Mä ech fannen, dass en net duergeet. Wéi kann ech hëllefen? Déi Fro ass mir stonnelaang duerch de Kapp gegeeschtert. An e bemol hat ech d’Äntwert.

Hei sinn e puer Tricken, déi hëllefe kéinten dat Positiivt am Liewen net aus den Aen ze verléieren. Probéiert et wann ech gelift aus!

  • De Confinement rappt un den Nerven, dat ass eis alleguerte bewosst. Fir dass déi negativ Gefiller net Iwwerhand huelen, fänkt e Sonnentagebuch un. Schreift all Dag eppes Schéines dran – wat huet Iech zum Laache bruecht? Et ass egal wéi banal et ass.
    Haaptsaach et hëlleft. Soubal d’Trauregkeet ze present gëtt, bliedert an den Erënnerungen. Äert Ënnerbewosstsinn gëtt drun erënnert, dass Dir och Positives erlieft hutt.

Positiv denken

  • Loosst d’Kand an Iech eraus a beschäftegt et. Sidd net nëmmen erwuessen. Et ass wichteg och dësem Deel vun Ärem Geescht Raum ze ginn. Moolt eppes, bastelt. Turnt duerch d’Wunneng – maacht den Hampelmann oder e puer Kopplabunz.
    Sidd kannereg a laacht iwwert Iech selwer. Dir däerft virwëtzeg, verspillt a lieweg sinn. Ech garantéieren Iech, dass Dir d’Liewen dono aneschter empfannt. D’Kand gëtt Iech an dëser Zäit den noutwennege Courage.

Positiv denken

  • Haalt Iech just begrenzt mat Noriichten op! Ech weess, dat ass méi einfach gemaach ewéi gesot. All Dag déi schlecht Nouvellë schloen op d’Gemitt. Wien géing dann do net d’Hoffnung verléieren?
    Negativ Noriichte kënnen eis gutt Laun a Freed zerstéieren, dofir ass et méi gesond fir d’Moral, d’Opmierksamkeet op si ze begrenzen. Natierlech sinn se dann nach do, ma se hunn awer kee sou groussen Afloss.

Positiv denken

Positiv denken

Zu gudder Lescht wëll ech Iech dëst Zitat nach mat op de Wee ginn:

Gott gebe mir die Gelassenheit, Dinge hinzunehmen, die ich nicht ändern kann, den Mut, Dinge zu ändern, die ich ändern kann, und die Weisheit, das eine vom anderen zu unterscheiden.

Reinhold Niebuhr

Bleift gesond a passt op Iech op!

Opmaacherbild: © Sven Brandsma / Unsplash

Ähnlech Sujeten Confinement, Coronavirus, Hotline, Kanner- a Jugendtelefon, Laachen, Noriichten, Positiv bleiwen, Positivitéit, SOS Détresse, Tagebuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel