Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tragesche Rouseméindeg
Meenung Money Neiegkeeten

Tragesche Rouseméindeg

Am hessesche Volksmarsen ass e Gefier an den Ëmzuch zu

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen
Meenung Money Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei

surprise
Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang
Meenung Money Neiegkeeten

Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang

De katalanesche Separatisteleader Carles Puidgemont, zanter November am Bréisseler „Exil“,

money

Un asoziale Projete feelt et der POST wierklech net

Un asoziale Projete feelt et der POST wierklech net

Datt d‘POST, ee private Betrib deen dem Staat gehéiert, et mat sozialer Verantwortung net esou huet, datt ass vu ville Säiten oft a vehement ënnerstrach ginn. Si mécht Büroen zou, zitt déi vulnerabelst Mënschen an der Gesellschaft iwwer de Leescht a geet zuweilen och géint dat eegent Personal vir. A fir den Nol nach eppes méi déif anzeschloen, gouf eng Schëpp nogeluecht.

Zanter dem 1. Oktober ass esou net méi méiglech, seng „Visa-Prepaid“ Kaart an engem Schalter opzelueden. Dat muss elo zwéngend iwwert den Internet, an zwar am „eboo“ eBanking System gemaach ginn (alternativ kann ee sech vun enger anerer Bank aus Suen op d‘Kaart iwwerweisen). Natierlech gëtt och d‘Visa-Prepaid an der Haaptsaach vun „äermere“ Mënsche genotzt.

Gesäit een emol kuerz dovunner of, datt een dofir ee sougenannten „LuxTrust-Token“ brauch, woubäi deen natierlech net gratis ass (70,20 Euro fir dräi Joer). Esou ass dat fir gewësse Leit den éischte Problem, emol ofgesi vum Sécherheetsaspekt an dem Fait, datt bei LuxTrust dräi Joer nëmme 34 Méint statt 36 Méint laang sinn. Mee si wëlle jo nëmmen eist Bescht.

Wie keen Accès zum Internet huet oder schlicht an ergräifend net domadder eens gëtt, huet scho verluer. Mee och all déi wou kee Vertrauen an d‘Sécherheet vum Internet hunn – et gëtt jo all Dag nei Meldungen datt Konte gehackt an/oder mëssbraucht ginn – dinn sech domadder schwéier. Mee bei der POST interesséiert dat keen, déi Leit solle kucken anerwäerts hiert d‘Gléck ze fannen.

De Clienten eppes opzwéngen, ass den neie Geschäftsmodell vun der POST, an et ass och ganz Staark dovunner auszegoen, dat dës Entreprise mat ganz vill Engagement an Äifer dru schafft, hire Bäitrag zur Ofschafung vum Boergeld ze leeschten. No dësem Coup, wäert den nächste Schratt derzou féieren, datt een am Postschalter nach just mat der Kaart bezuele kann. Esou einfach ass et.

Schlëmm ass hei allerdéngs net, datt d‘Direktioun sech et leeschte kann, mee virun allem datt et d‘Regierung ass, déi dat voll a ganz ënnerstëtzt. Gutt déi wäert nees soen, datt si enger privater Entreprise keng Virschrëfte maache kann, d‘Leier ass bekannt. Domm just, datt et alt nees eenzeg all déi trëfft, wou sech souwisou net zur Wier setze kënnen. Sozial Gerechtegkeet am Aarsch…

Illustratioun: © Kai Pilger / unsplash

Ähnlech Sujeten eboo, Internetbanking, Post, Post Finance, Visa Prepaid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel