Search

You may also like

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier op

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?
Neiegkeeten

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?

Op Facebook an Twitter, hunn déi zwee Deputéiert vun der

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner
Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !

Bei OGBL fänkt een un es deem ganze midd ze ginn. Tëscht Juli an August huet et mat der POST Lëtzebuerg dräi Verhandlungssëtzunge ginn, mee wann et ëm déi Haaptfuerderung vun de bei der POST Beschäftegte geet, gemengt ass d‘Gehältergläichstellung, da stellen se an der Direktioun hir Oueren op Duerchzuch. Soll hei ee Sozialkonflikt eropbeschwuer ginn?

Zanter der Liberaliséierung (eigentlech eng erzwonge Privatiséierung) vun der POST-Lëtzebuerg 2009, gëtt et bannent der Entreprise véier ënnerschiddlech Statuten, déi zur Folleg hunn véier ganz verschidde Gehälterstrukturen ze schafen. Esou gëtt et d‘Staatsbeamten – vun deenen d‘Direktioun sech esou gären trenne géif – déi al Privatbeamten an déi „aner“, déi no Kollektivvertrag schaffen.

De Kollektivvertrag 1.0 vun 2013 war schonn net zefriddestellend an de Kollektivvertrag 2.0 huet och kaum bis éischter keng Verbesserunge mat sech bruecht. Elo stécht een an de Verhandlungen zum drëtte Kollektivvertrag. An nees stinn d‘Gehaltsfuerderunge ganz uewen op der Lëscht, wëll dës och weiderhin zolidd ënnert den „ëffentleche Gehälter“ bei der POST Lëtzebuerg leien.

Zu de siwe Fuerderunge vum OGBL, gehéiert d‘Erhéijung vum garantéierte Fix-Gehalt zum Nodeel vun der arbiträrer Primm, déi de Chef de Service „jee no Gefill“ bestëmmt. Zudeem soll et nees en 13. Mount ginn, quasi eng Primm zu Joresenn, an och beim Iesse soll eppes bäigeluecht ginn an dat gefällegst no de staatleche Standarden. Begréisst gëtt datt den Télétravail am Kollektivvertrag ass.

Foto: © Martine de Lagardère /moien.lu (Archiv)

Annexe: Communiqué vum OGBL, mam Detail vun de Fuerderungen

Related topics Gehältergläichstellung, Kollektivvertrag, OGBL, Post Lëtzebuerg
Next post Previous post