Search

You may also like

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht
Neiegkeeten

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) ass oft ëmstridden an d‘Covid19-Pandemie

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung
Neiegkeeten

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung

Haut de Moien hunn d’Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP sech nees Damp

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
Neiegkeeten

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)

50 Milliounen Euro fir de Glasfaserreseau vun der Post wieren e Beitrag vir d‘Covid19-Relance

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)

Um Dënschdegnomëtten hunn den Direkter vun der Post, Claude Strasser, an de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) zu Diddeleng ee Chantier besicht. Eng gutt Geleeënheet Mediewierksam op sech opmierksam ze maachen an ze bemierken, datt een als wichtegen Acteur vun der heemescher Ekonomie Verantwortung iwwerhëlt. D‘Glasfaser wier och ouni d‘Covid19-Kris geluecht ginn.

Wann een duerchaus dierf Versteesdemech dofir hunn, datt ee sech virun der Summervakanz nach emol muss an der kollektiver Erënnerung verankeren, esou dierf een drun erënneren, datt de Sujet „Glasfaser“ zanter zwee Joerzéngten en Thema ass, an och an de leschte fënnef Joer zolidd um Reseau geschafft ginn ass. Bis zu 70% vun den Haiser – jee no Regioun – profitéiere schonn dovun.

D‘Glasfaser ass wichteg fir en Zougang zum séieren Internet (1Gb/Sekonn) ze hunn, a bis 2023 wëll de Claude Strasser 75% vun de Residente mat dësem Service beglécken. Zudeem kann sech den Direkter vun der Post och driwwer freeën, déi gewënschte 5G-Frequenzen zougesprach kritt ze hunn, wat der Staatsentreprise d‘Konvergenz vun den zwee Netzwierker erméiglecht.

Gutt d‘ILR, also de Regulateur huet dat bis ewell nach net offiziell bestätegt, mee et wäert schonn seng Richtegkeet hunn, soss géif ee jo kaum a Presenz vum Minister esou eng Ausso woen. Et dierf een dann och drun erënneren, datt d‘Post an d‘Regierung sengerzäit eng 100% national Ofdeckung versprach haten. Si waren awer ganz iwwerrascht, datt een administrativ Prozedure muss anhalen.

De Franz Fayot huet sengersäits erwähnt, datt sech d‘Post mat dëse 50 Milliounen um Effort vun der wirtschaftlecher Relance bedeelegt. Hien ze bedenke ginn datt de Glasfaserprogramm mat der flotter Lëtzebuerger Bezeechnung „Fiber 2 the Home“, en Impakt op de Bruttoinlandprodukt (BIP) vu bis zu 3% kann hunn. D‘Glasfaser géif zur wirtschaftlecher Entwécklung vum Land bäidroen.

Illustratioun: De Mënsch huet fir näischt méi Zäit, an och am Internet zielt a Milliounstel-Sekonn. D‘Glasfaser, setzt sech dann och ëmmer méi duerch. Net iwwerall esou séier wéi d‘Leit et sech erhoffen, als éischt gi jo emol déi grouss Ballungsgebidder un de Reseau ugeschloss, an duerno kann de Reseau och an de ländleche Raum erweidert ginn. Planet Fox / Pixabay

Related topics Claude Strasser, Fränz Fayot, Glasfaser, Mobilfunknetz 5G, Post
Next post Previous post