Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)
Neiegkeeten Stories

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)

Déi geziilten „Neutraliséierung“ vum iranesche Generol Quassem Soleimani duerch d‘Amerikaner,

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss
Neiegkeeten Stories

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
Neiegkeeten Stories

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?

Wéi d’Post Lëtzebuerg am neiste Communiqué uginn huet wäerten ab Januar 2021 Bréiwer a Päck mat Dronen ausgeliwwert ginn. An Zesummenaarbecht mat der Bréifdréieschgewerkschaft, sou wéi dem Digitalisatiounsministère an dem Aarbechtsministère gëtt de Projet momentan ausgeschafft, woubäi ee mëttlerweil scho mat éischten Testflich ugefaangen huet.

No ville Kritike säitens de Bréifdréier, sou wéi etleche Bréiwer u verschidde Ministèrë steet elo d’Äntwert fest: De Bréifdréier soll aan noer Zukunft vun Dronen ersat ginn. Dobäi muss d’Post an Zukunft enorm Plazen ofbauen, an dat ëm 60%. „D’Zukunft steet virun der Dier. Als innovatiivt Land muss ee mam Fortschrëtt goen an divers Mesuren treffen. Heizou gehéiert och, d’Technik vun der Zukunft ze notzen an esou méi effizient ze schaffen“, sou den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen.

Déi éischt Phase vum Projet „Parcel and Post Drone For Future Development XE100“ konnt schonn erfollegräich fäerdeg gestallt ginn. Heibäi ass unhand vun diversen Iddien a Pläng de Modell zesumme gesat ginn, deen uschléissend un der Technescher Universitéit Berlin zesumme gebaut ginn ass. Mëttlerweil befënnt ee sech an der zweeter Phas, woubäi déi éischt Tester um liewegen Objet gemaach ginn. Heibäi gëtt d’Dron mat engem Tablet gesteiert. Bei dësem Schrëtt geet et virun allem dorëm, Miessungen duerchzeféieren zur reeller Akkulafzäit, dem Gewicht wat gedroe ka ginn an d’Distanzen, déi zeréck geluecht kënne ginn.

Uschléissend ass geplangt een Deel vum momentane Personal ëmzeschoulen, sou datt si fir d’Programmatioun vun den Drone an dem ideale Verlaf vun der Zoustellung verantwortlech sinn.

Wéi kann een sech dat Ganzt virstellen?

Laut dem *******, Servicechef bei POST Lëtzebuerg soll all Menage seng eege Box kréien, an där Bréiwer a Päck bis zu engem Gewiicht vu 5 Kilogramm geliwwert ginn. Duerch d’Programmatioun vun der Dron, bei der Mataarbechter eng entscheedend Roll spillen an d’Technik leeden, sollen d’Bréiwer an d’Päck un déi richteg Adress bruecht ginn an op der Terrasse, dem Balcon, am Virgäertchen oder och duerch eng oppe Fënster d’Këscht ofsetzen an nees an d’Zentral zeréck fléien.

D’Bierger gi gebieden op kee Fall mat Steng oder aneren Objeten ze probéieren d’Drone vum Himmel ze schéissen. Déi fléiend Technik ass aus Sécherheetsgrënn mat Kameraen equipéiert, wouduerch all Form vu Vandalismus mat enger Geldstrof tëscht 4.000 an 10.000 € bestrooft gëtt. De Projet knuppt mat enger Zomm vun 13,2 Milliounen Euro nees defteg an d’Staatskeess.

Mam A. Bröll an den S. Gäck

Opmaacherbild: Den éischten Test viru Press ass erfollegräich op der Kinnikswiss duerchgefouert ginn © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten 2021, Abrëllsgeck, Bréifdréiergewerkschaft, Ministère fir Digitalisatioun, Post Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel