Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss
Money Neiegkeeten

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”
Money Neiegkeeten

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018

De leschte Sonndeg hat déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (F.L.S.C) zu

money

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Géif den Ëmgang mam Personal de Finanzresultater entsprieche kéint een deem Zoustëmmen

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi Bilan fir d‘Joer 2018 virgeluecht an d‘Zuelen si méi wéi nëmmen erfreelech. Dësen Etablissement Public huet sech da géintiwwer dem Virjoer ëm 7,4% verbessert an verweist op en Ëmsaz vun 827 Milliounen Euro.

Elo ass dëst Resultat net vum Himmel gefall, an et wier, esou zumindest déi eegen Duerstellung, och partiell der Integratioun vun zwou Entreprisen (Join & Diagora) geschëlt. De netto Benefice selwer awer ass zréckgaangen, a läit fir 2018 bei 33 Milliounen, dat ass e Minus vu 4,3 Milliounen. Dozou mengt de Verwaltungsrotspresident Serge Allegrezza: „D‘Zil vu POST Lëtzebuerg ass et laangfristeg zu enger akzeptabeler Rentabilitéit ze kommen (…) an de Grupp ass um gudde Wee“.

POST Lëtzebuerg, deckt déngschtleeschtungsméisseg 3 Beräicher of: Telekommunikatioun, Finanz an Courrier. Den Direkter Claude Strasser, deen elo net direkt onzefridde ma Resultat ass, bemierkt allerdéngs, datt ee weiderhi ganz virsiichteg muss virgoen. D‘Konkurrenz schléift bekanntlech net an de Präiskampf erliichtert engem den Alldag och net. Hie leet grousse wäert drop, d‘Käschte vu POST Lëtzebuerg ze reduzéieren. Gemengt sinn hei an éischter Linn d‘Ausgabe fir d‘Personal…

De „Roaming“ ass Schold

Eng Ausso déi sech duerchaus als „wirtschaftspopulistesch“ qualifizéiere léisst, ass d‘Behaaptung datt d‘Enn vum Roaming d‘POST eng deier ginn ass. Fir e Wirtschaftsacteur vun deem eigentlech ze erwaarde wier, datt e sech pro-europäesch engagéiert – ëmmerhin ass et eng staatlech Firma – an domatter selwer hätt sollen en Interessi um Enn vum Roaming hunn, eng traureg Ausso. Mee wien deenen Äermsten am Schalter de leschte Cent aus der Täsch kraazt, ka sech dat erlaben…

Datt de Roaming de Benefice tëscht 2015 a 2018 ëm 12 Milliounen Euro reduzéiert huet ass bei wäitem keng gutt Nouvelle, woubäi déi ganz Branche mat dësem „Problem“ ze kämpfen hat an nach emol: d‘POST ass keng privat Entreprise am klassesche Sënn. Den Deal mat „Join“ deen duerchaus eppes ëmstridden ass, kann een elo och net wierklech als „geniale Coup“ bezeechnen. Nodeems Join sech aus der Belsch zréckgezunn huet, sinn der POST 8 Milliounen abhande komm.

Et gëtt net genuch Bréiwer

Onbestridden ass de Réckgang beim Courrier. Géintiwwer 2013 wieren 2018 bal 25 Millioune Bréiwer manner verschéckt ginn (-16%). Gutt datt ass e Grond sech Suergen ze maachen, woubäi dat och fir den héije Management vu POST Lëtzebuerg net wierklech iwwerraschend dierft sinn. Hale mir dann och nach fest, datt d‘Entreprise gutt vun de Chamberwahle profitéiert hat, an och soss vun den Administratioune beduecht gëtt. Woubäi et net nëmmen de Courrier gëtt.

Esou kann sech POST Lëtzebuerg nach ëmmer iwwert de grousse Wuesstem beim Onlinehandel erfreeën (+137% géintiwwer 2013) an hire Logistik-Service huet mat engem Ëmsaz vu ronn 159 Milliounen Euro (+9%) eng uerdentlech Performance gebueden. Dofir ass et net verwonnerlech datt D‘POST dem Beruff als Bréifdréier seng Attraktivitéit entzitt. D‘Päck aus dem Onlinehandel gi schonn zanter Jore vu „Partner“ ausgeliwwert oder op d‘Pakstatioune verdeelt.

Internet via Glasfaser

Am Kontext vun der Informatik ass d‘POST Lëtzebuerg e sougenannte „big Player“, schliisslech gehéieren hir d‘Leitungen… Esou kann ee wuel behaapten et géif ee massiv investéieren, woubäi datt sech unhéiert wéi wann dat d‘Firme-Strategie wier, an et tatsächlech hir Missioun ass. Egal, eng zweedrëttel vun de Menagen zu Lëtzebuerg verfügen iwwert e Glasfaseruschloss, a kéinte vu bis zu 1 Gigabit Datentransferleeschtung profitéieren. D‘Betounung läit ganz kloer op „kéinten“.

D‘POST ass och aktiv um Marché vun de „SIM-Kaarten“ an de „verbonnenen Objeten“. Esou wieren 1,3 Millioune SIM-Kaarte vun der POST an der Welt ënnerwee, eng Partie dovunner a Gefierer vun engem franséische Konstrukteur. Dat neit „Mobilt“ netz 5G ass och um kommen, firwat ee gespaant ass wéi d‘Lizenzen attribuéiert ginn. Et wier een awer net besonnesch presséiert, wat eventuell eppes mam Dissens tëscht Washington an Huawei kéint ze dinn hunn.

Foto: Juanita Mulder / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bilan 2018, Claude Strasser, Post Lëtzebuerg, Serge Allegrezza
Nächsten Artikel Virrechten Artikel