Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit
parrot dating

msn dating

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

speed dating studenten freiburg
parrot dating

Kollektivvertrag – No 2,5 Joer endlech een Accord am Bausecteur

Um 22. Oktober 2018 huet den LCGB sech mam federale

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun
parrot dating

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun

Mat der Cargolux ze verhandelen, besonnesch wann et drëms geet

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck

De privatiséierte Staatsbetrib POST Lëtzebuerg – dee wéinst de massive Fermeture vu sengen Agencen am ländleche Raum eppes a Verruff geroden ass – kann sech wéinst der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, den Ament net iwwert e Mangel un Aarbecht beschwéieren. An engem Communiqué heescht et datt bei der POST elo richteg eng lass ass.

Laut dem Schreiwes, hunn d‘POST am Kontext vun de Päck, aktuell esouvill Aarbecht, wéi soss iwwert d‘Chrëschtdeeg. An de leschten zwou Wochen, also zanter et fir eis alleguerten heescht „bleift doheem“, eng Mesure déi gutt respektéiert gëtt, huet d‘Opkommes ëm 22 % zougeholl. Bis zu 125.000 Päck, datt ass en decke Batz, an et sollen déi nächst Woch nach vill méi Päck ginn.

Fir dëser „Flut“ Här ze ginn, sinn d‘Bréifdréier an de Soustraitant, deem sech d‘Post bedéngt, maximal mobiliséiert. Fir Enkpäss ze verhënneren, huet sech d‘POST Lëtzebuerg esou eppes wéi eng Krisenzell geleescht. Déi hëlt Reaffektatioune vir, oder wéi et am Communiqué heescht, et gëtt no Fräiwëllege gesicht, fir d‘Ekippen am Triage ze ënnerstëtzen. Si sinn also eppes am Stress…

Praktesch un der sanitärer Kris ass dann awer de Fait, datt well jo jiddereen doheem ass, d‘Päck am allgemenge beim éischte Passage beim Destinataire ofgeliwwert kënne ginn. Wéineg Retouren an duebel Passage bleiwen de Pack-Sklaven esou wéinstens erspuert. Zudeem heescht et säitens POST Lëtzebuerg, datt ee beméit ass, d‘Deplacementer zu de Pak-Statioune méiglechst ze evitéieren.

Op deenen Agencen déi et nach gëtt, ginn dann elo d‘Päck och net méi 14, mee 30 Deeg gehalen, wann de Pak aus de bekannte Grënn net kann ofgeholl ginn. Ass dësen Delai verstrach, gëtt nach eng leschte Kéier versicht de Pak bei den Destinataire ze bréngen. All d‘Päck, wou fir Geschäfter a gastronomesch Betriber bestëmmt sinn, déi hunn missen zoumaachen, gouf och eng Léisung fonnt.

Déi gi d‘Dauer vun der sanitärer Kris stockéiert, an esou wéi sech nees alles normaliséiert huet, gi se dann och den Destinatairen zougestallt. Wier nach ervirzehiewen, datt opgrond de ville Bestellungen um Site corona-letzshop.lu – et solle bannent fënnef Deeg iwwer 1.000 Commande gemaach gi sinn, d‘POST Lëtzebuerg op Ufro vun der Regierung nei Moossnamen ergraff huet.

Esou gouf bannent dräi Deeg e System opgestallt, deen engersäits de Stockage, d‘Zesummestellung vun de Commande an d‘Ausliwwerung vun de Liewensmëttel fir vulnerabel Persounen erméiglecht, an anersäits de Soustraitant, deen d‘Wueren dann un dës Persounen ausliwwert, mat alle Mesure vertraut gemaach, déi sech an dësem spezifesche Fall imposéieren. Et kann ee soen: „et rullt“….

Foto: Du gleefs net wat alles an eng Camionnette erapasst. © Claudio Schwarz / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Post Lëtzebuerg, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel