Search

You may also like

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !
International Neiegkeeten

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa

Gëschter hat den Aarbechts- a Sozialminister, Nicolas Schmit (LSAP) „héije“

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch
International Neiegkeeten

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch

Den Ambroise ass Matrous u Bord. Hien ass säit 2016

Post aus dem Mëttelmier

Post aus dem Mëttelmier

Viru genee zwee Méint huet d’Sea-Watch 4 de Souleman a seng Famill vun engem iwwerfëllten a marode Gummisboot gerett. Wéi de Souleman a Sécherheet war, huet hien e Bic a Pabeier gefrot.

Dat hei huet hien opgeschriwwen:

„[…] Den 23. August 2020, hunn ech mäi Laachen erëmfonnt. No méi wéi dräi Joer Folter, Zwangsaarbecht an Nuechten ouni Schlof. Ech wäert den 23. August 2020 ni vergiessen, well et den Dag war, an deem mir vun der Sea-Watch 4 Crew gerett goufen. Dofir wëll ech der Crew an allen Mënschen, déi sech Dag an Nuecht fir d’Rechter vu Migrant*innen asetzen, Merci soen.

Mëttelmier

Europa dréit haut erëm dëse Migrant*innen de Réck zou, dobäi wëllen si einfach d’Erlaabnis do ze liewen.

Libyen ass fir mech d’Häll op Äert an ech wënsche kengem Mënschen, datt en dësen Uert eemol passéiere muss. A Libyen ass et eis nëmmen ëm d’Iwwerliewe gaangen. Dat si keng Internéierungs-Anstalten, dat sinn Anstalten aus der Hell. A wat am meeschte wéideet, ass, datt Europa trotz onserem Jäizen d’Söldner vun der libyscher Küstewuecht weider finanzéiert. Esou hëlt Europa a Libyen un all de schrecklechen Dote géigeniwwer Schwaarze Männer deel.[…]“

Mëttelmier
Related topics Bréif, Europa, Flüchtling, libesch Küstewuecht, Mëttelmier, Post, Rettungsboot, Sea-Watch 4, Séinoutrettung, Souleman
Next post Previous post