Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Police: Schützt iech an der Vakanz virun Abriecher
Neiegkeeten

Police: Schützt iech an der Vakanz virun Abriecher

Wann et dëst Joer wéinst dem Coronavirus Covid19 sécherlech manner

De laangen Aarm vun der US-Justiz
Neiegkeeten

De laangen Aarm vun der US-Justiz

E Bundesgeriicht zu Washington huet e Freideg d‘Beschlagnahm vum iranesche

Et huet sech elo ausgejodelt
Neiegkeeten

Et huet sech elo ausgejodelt

D‘ADR ass entsat iwwert déi nei Entgleisungen, déi den Här

An elo och nach de Postbüro zu Bouneweg!

Schléissung vu Filialen ass net wierklech dat, wat ee sech vun enger Entreprise mat Staatskapital erwaart

An elo och nach de Postbüro zu Bouneweg!

Nodeems de Konsumenteschutz (ULC) sech schonn iwwert d‘Mooss geiergert huet, datt d‘POST seng Déngschtleeschtungen ëmmer méi a verstäerkt outsourct, ass et dann elo och d‘ADR, déi hei formell hire Protest ëffentlech mécht. Woubäi hir Roserei méi wéi verständlech ass.

An hirem Communiqué deelt d‘ADR mat, datt d‘POST hir Entscheedung, d‘Filial zu Bouneweg zum 30. September endgülteg zouzemaachen, schonn den 12. September public gemaach huet, wat zäitlech betruecht schonn zimlech frech ass, wéi et d‘ADR gesäit. Et ass awer och eng bosseg, an engem Quartier mat ronn 15.000 Awunner an enger Rei Geschäfter, esou ee Service ze sträichen.

No Bartreng, Klierf, Housen an der Filial am CHL, dann elo och Bouneweg. Domatter verfollegt d‘POST seng Strategie „2015/2025“ wouzou gehéiert, alles, wat sech net rentéiert (ausser natierlech d‘Direktioun), zouzemaachen. Wou nach ee puer Cent ze kraze sinn, ginn dës Servicer u Partner outgesourct. An de Client, besonnesch wann e vulnerabel ass, huet fir esou eppes näischt iwwreg.

Hei vertrëtt d‘ADR an d‘ULC eng an déi selwecht Positioun: déi Mesure sinn diskriminéierend fir eeler Bierger an därer mat spezifesche Besoinen. Besonnesch eis „eeler Semester“, déi nu emol net „digitaliséiert“ sinn, dierfen elo laang a beschwéierlech Weeër op sech huelen, fir déi puer Euro opzehiewen oder e Virement ofzeginn. Dat wat d‘POST als „Ersatz“ ubitt ass nämlech keen…

De Point POST deen an der fréierer Kooperativ (haut Cactus) installéiert gëtt, kann net all Servicer ubidden, firwat „Ersatz“ als Informatioun irféierend ass. Wéi et dann 2025 wäert ausgesinn, wann et nach 15 Postfiliale gëtt – wat der méiglecherweis och nach ze vill sinn – kann ee sech liefhaft virstellen. Mee d‘POST muss elo zwéngend Profit maachen, si ass jo elo eng Aktiegesellschaft…

Dozou mengt d‘ADR: „Léif Postdirektioun, un ärer Strategie, déi op Käschte vun de Bierger geet, ka keen iech hënneren, mee wann Dir alt nees eng Kéier e Büro kuerzfristeg zoumaacht, dann hutt wéinstens den Anstand, déi betraffe Bierger mat Zäiten ze informéieren“. Mee d‘POST ass d‘POST, an déi steet wäit iwwert de Suerge vu grad deene Leit, fir déi si eigentlech sollt do sinn. Merci.

Illustratioun: Christian Dorn / Pixabay

Ähnlech Sujeten adr, Bouneweg, Post, Postfilialen, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel