Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
International Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten
International Kultur Neiegkeeten

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten

Ab elo direkt, profitéieren all d‘Membere vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL)

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun
International Kultur Neiegkeeten

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun

Elo huet d’Joanne Goebbels opginn, d’Nominatioun zeréckgezunn an iwwerléisst d’Bühn

Postmodern Jukebox – ee eenzegaartege Sprong an 20er Joer!

Postmodern Jukebox – ee eenzegaartege Sprong an 20er Joer!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Owend huet dem Scott Bradlee seng Band Postmodern Jukebox d’Rockhal an der Zäit zeréck versat. Hits vun haut hunn déi zuelräich Museker nei interpretéiert an am Stil un den 20er Joer de Fans eriwwerbruecht, wouduerch d’Musek ee ganz neie Charme kritt huet. Vir dëse Concert geet een eenzegt Wuert bal duer: WOW!

Bekannt ass déi US-amerikanesch Museksgrupp, déi eng ëmmer wiesselnd Besetzung huet, duerch hiert räichhaltegt Repertoire un Jazzarrangementer vun der zäitgenëssescher Pop-Musek. Viru sechs Joer huet PMG een éischten Titel op Youtube verëffentlecht, wat schonn no kuerzer Zäit bal 2 Millioune Leit virum Computer faszinéiert huet. An esou kënnen si mëttlerweil weltwäit mat erfollegräichen Optrëtter iwwerzeegen, bei deenen een einfach net ophale ka matzewibbelen.

Och zu Lëtzebuerg war d’Bud strubbelvoll an op Kleng oder Grouss, d’Féiss konnten net roueg stoe bleiwen. Bei der Atmosphär vun den 20er Joer, a Kombinatioun mat der fantastescher Musek ass een dozou animéiert ginn, sech zum Takt an dem Rhythmus matzebeweegen, ouni iwwerhaapt mussen opgefuerdert ze ginn.

Dobäi ass wärend zwou Stonnen duerch een decke Programm aus Reprisë vum Katy Perry, dem Lady Gaga, Metallica, Toto, Radiohead, Megan Trainor a ville méi, geleet ginn. Am Hannergrond ass d’Besetzung aus engem Pianist, engem Gittarist, engem Museker um Kontrabass (iwwregens de Matbegrënner vun der Grupp – den Scott Bradlee), engem Batteur, engem Saxophonist an enger Persoun op der Trombonn net geännert. D’Sänger, déi mat hire kräftege a gefillvolle Stëmme méi wéi iwwerzeege konnten, hunn dogéint ëmmer nees getosch, sou wéi och d’Kleedung gewiesselt.

Bei dëse Performancë kënnt awer nach ee ganz wichtegen Aspekt dobäi! Nieft den dräi Sänger, dovun zwou Fraen an ee Mann, huet wärend verschiddene Wierker och ee Stepper d’Musek rhythmesch ënnerhalen. Passend gekleet am Stil vun den 20er Joer hu si een Hit nom aneren gespillt, gedanzt an d’Roll vun enger vergaangener Zäit richteg gelieft.

Wärend dem Concert krut all Member d’Chance sech mat engem Solo ze beweisen, wat och nees déi immens Talenter an d’Passioun vun de Museker ënnerstrach huet. An esou war een no deenen zwou Stonne wierklech bal traureg, datt et schonn eriwwer wier. Bis zum Moien an nach weider hätt een hinnen nolauschteren an nokucke kënnen, woubäi nëmmen ze hoffen ass, datt Postmodern Jukebox eist Land an noer Zukunft nees besiche wäert!

Ähnlech Sujeten 20er Joer, Blues, Concert, Cover, Jazz, Musék, Postmodern Jukebox, Rockhal, Swing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel