Search

You may also like

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz
International Kultur

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz

[onionbuzz quiz-id=106][/onionbuzz] Bibliothéike sinn immens: Do fënns de dausende vun

Coronavirus Lëtzebuerg: Situatiounsiwwersiicht
International Kultur

Coronavirus Lëtzebuerg: Situatiounsiwwersiicht

Um Freideg huet de Gesondheetsministère, bei sengem leschte Bilan wësse

Demonstratiounen och a Südkorea
International Kultur

Demonstratiounen och a Südkorea

Wann de südkoreanesche President am Kontext vun der Covid19-Pandemie vill

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag gefeiert huet, feelt et net un Engagement. Mat engem neien Album vu Reprisen, deen an Zesummenaarbecht mat den Isley Brothers entstanen ass, wëll hien d’Maueren an der Welt zum fale bréngen.

„Mir hu gefillt, datt mir eis missten zesummendoe wéi Superhelden an dëser Zäit entgéint fléien, op dësem Planéit deen Hëllef brauch fir sech nees opzeriichten“, erkläert dee jonke 70 Järegen, bei der Virstellung vu sengem neie Wierk zu New York.

Dës „medezinesch Musek“ wéi de Carlos Santana se beschreift, besteet aus engem Album vu Reprisen. Mam Titel „Power of Peace“ huet den Album ee puer echt Evergreens nei opgeluecht. Esou besipillsweis dem Stevie Wonder säin „Higher Ground“ oder dem Marvin Gaye seng Öko-Hymne „Mercy Mercy Me (The Ecology)“.

Eng „Message“

De Gesang iwwerhëlt de Ron Isley (76), eenzegen Iwwerliewende vum Gesangstrio „Isley Brothers“. Deen huet säi sënnlechem Klang iwwert d’Joerzéngten erhalen. Dat beweist hien ausdrocksvoll mat engem Titel vum Billie Holliday; „God bless the Child“.

(v.L.n.R) Ernie Isley, Ron Isley, Alan Light, Carlos Sanatan an Cindy Blackman Santana bei der Pressekonferenz zu hirem Album „Power of Peace“ am Electric Lady Studio zu New York den 1. August (© Angela Weiss/AFP)

„Ech ermonteren d’Leit, den Album op Parkplazen, an Akafszentren, um Radio, jee iwwerall ofzespillen“, huet de Ron op der Pressekonferenz gesot, „dat fir e Geescht ze corrigéieren, deen ofweeeg an onéierlech ass, deen anere wéi wëll doen“.

Hien huet mat engem glënneren an den Ae bestätegt, datt hie wierklech den Donald Trump domadder mengt: „ee Verréckten dee versicht nach méi Maueren ze bauen“.

Véier Deeg

Gebuer an opgewuess a Mexiko, mee zanter laangem Amerikaner, huet de Carlos Santana ee Fouss op béide Säite vun der Grenz. Där Grenz, op där den amerikanesche President eng Mauer wëll erriichten.

„Power of Peace“ ass zu Las Vegas opgeholl ginn an dat a knapp véier Deeg. Mat derbäi, dem Rony Isley säi jéngste Brudder Ernie. Deen huet als Gittarist um Album matgewierkt. „Et war fir mech, no 60 Joer Musek spillen, eng onerkläerlech Erfarung“, esou de Ron Isley.

Dem Carlos seng Fra, d’Cindy Blackmann huet hir Spueren och um Album hannerlooss. Déi erfueren Drummerin huet sech erënnert, datt déi zwee musikalesch Ausnamen sech bei der Opnam vereent hunn. Et wier ee Floss gewiescht „ouni Energieabroch oder Klangdifferenz“.

De Gittarist, deen zanter Woodstock (August 1969) zur Ikon ginn ass, sot hie hätt wëlles déi Zesummenaarbecht weiderzeféieren. Eng Tournée schéngt deemno keen Zweiwel ze maachen, ëll de Carlos huet gement: „Mir wëllen eng Kéier ronderëm d’Welt (…) esou vill Maueren an de Käpp ofräisse wéi et nëmme geet“.

mat AFP

Foto: De Carlos Santana stellt de neien Album „Power of Peace“ deen an Zesummenaarbecht mat den Isley Brothers entstanen ass, am Electric Lady Studio zu New York vir (© Angela Weiss/AFP)

Related topics Musék
Next post Previous post