Search

You may also like

Neijoerschreceptioun an der Chamber
Kultur Neiegkeeten

Neijoerschreceptioun an der Chamber

D‘Neijoerschreceptioun an der Chamber ass fir de Chef vun der

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem
Kultur Neiegkeeten

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet

Music Night mam Mad Fox, Jackie Moontan & DJ Dr. Gonzo (Ausverkaaft)
Kultur Neiegkeeten

Music Night mam Mad Fox, Jackie Moontan & DJ Dr. Gonzo (Ausverkaaft)

Am Kader vum Mini-Festival kann sech de Publikum op e

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!

Fir seng nei Saison huet de Prabbeli zu Wolz e räichhaltege kulturelle Programm zesummegestallt. Vun Theater, iwwert Concerten, bis hin zu Workshops – an dat an de verschiddenste Beräicher a Stiler – fënnt Kleng a Grouss spannend Evenementer, fir den Honger no Kultur an Erliefnis ze stëllen.

Déi éischt Virstellung muer, um 22. Oktober 2020 mat „In einem unbekannten Land“ huet leider missen ofgesot ginn. Drécke mir d’Daumen, datt dës Palett un Evenementer stattfanne wäert:

  • Droleg Natur
    Den 30. an 31. Oktober 2020 um 14:30, respektiv 14:00 Auer am Ciné Prabbeli
    Stil: Ciné-Concert
    Déi dräi animéiert Kuerzfilmer si voller Liichtegkeet an Ironie. D’Thema ass d’Natur, mat Haaptfiguren, déi grouss Erfindunge maachen an dobäi nach nei Frënn fannen. Déi beweegte Biller gi musikalesch begleet vum Florence Kraus a Grégoire Terrier.
    Ticketen: 10 € / 5 € < 26 Joer

  • Mam Zuch an de Musée – Skulpturen aus verschiddenen Zäiten
    De 04.-05. November 2020 vun 10:00 bis 16:00 Auer an der Villa Vauban, dem MUDAM an dem Atelier Prabbeli
    Stil: Workshop
    Zesummen huele mir den Zuch vu Wooltz bis an d’Villa Vauban an an de Mudam a beschäftegen eis mam Thema Skulptur. Zesumme gi mir d‘Ausstellunge kucken a gestalten doropshin eis eege Skulptur am Atelier Prabbeli.
    Ticketen: Fräien Entrée

Prabbeli

  • Nomad (Schoulvirstellung)
    Den 13. November 2020 um 14:30 Auer am Brandbau
    Stil: Kannerconcert
    Kommt mat op eng musikalesch Weltrees mat der lëtzebuergescher Band NOMAD. Mir reese vun Argentinien iwwer Indien, vum Balkan bis an de Mëttleren Osten. Nom ofwiesslungsräiche Programm kënne mir dann de Museker Lächer an de Bauch froen. Des Concertsserie versprécht musikalesch Iwwerraschunge fir eis jonk Nolauschterer am altersgerechte Kader.
    Ticketen: 10 € / 5 € < 26 Joer

  • Nomad
    Den 13. November 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Stil: Concert
    Véier Museker huelen Iech mat op eng Odyssé un d’Grenze vun der Welt, den Zivilisatiounen an de Kulturen. Musek aus Argentinien, Indien, dem Balkan an dem Mëttleren Oste gräift de Lëtzebuerger Grupp NOMAD bei senger spannender Aventure op. Um Kontrabass fanne mir de Jeannot Sanavia, op der Klarinett de Sébastien Duguert, um Akkordeon a Bandoneon den Daniel Gruselle an ëm d’Perkussioun këmmert sech de Victor Kraus.
    Ticketen: 14 € / 7 € < 26 Joer (Oweskeess: 16 € / 9 €)

Prabbeli

  • Tête-à-Tête: Hände Hoch!
    De 26. November 2020 um 14:30 Auer am Brandbau
    Stil: Erzielunge fir Kanner mam Betsy Dentzer a Selma Scheele
    D’Erzielerinne Betsy Dentzer an d’Selma Scheele loossen sech et och dëst Joer net huelen an hirem Geschichterepertoire fir Kanner ze kromen. Si hu fir iech e puer immens béis Ganovinnen a Lausbouwen un d’Handschelle geluecht a wëllen si iech elo virféieren. Falls se net virdru schonn erëm fortgelaf sinn …
    Ticketen: 10 € / 5 € < 26 Joer

  • Tête-à-Tête: Hände Hoch!
    Den 26. November 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Stil: Erzielunge fir Erwuessener mam Betsy Dentzer a Selma Scheele
    „Mord ist der Wollust nah wie Rauch dem Feuer.“ sot schonn deemols de William Shakespeare. Ma da leeë mir mol lass! Nee, net mat morden, mee mat erzielen! Mir wäerten iech hannerrécks d’Ouere bluddeg erziele bis iech d’Hoer zu Bierg stinn – mat messerschaarfe Wierder, rätselhaften Anekdoten an äiskale Kriminalgeschichten. Mir hu Bludd geleckt a kënnen iech et net erspueren: eist genësserlecht batterbéist Blutgewinsel.
    Ticketen: 12 € / 6 € < 26 Joer (Oweskeess: 14 € / 8 €)

Prabbeli

  • Wiplala
    Den 28. November 2020 um 14:20 Auer am Ciné Prabbeli
    Stil: Kannerkino
    De siwejärege Johannes Blom ass ganz erstaunt, wéi hien e klenge Mann am Kicheschaf entdeckt, verstoppt hannert dem Afennossbotter. Nach méi iwwerrascht ass hie wéi e realiséiert datt dëse klenge Mann, de „Wiplala“, magesch Kraaft huet. D’Aventure fänkt sou richteg un, wéi de Wiplala déi ganz Famill verzaubert an si op eemol all ganz kleng sinn…
    Ticketen: 5 €

  • Arthur Possing Quartet Feat. Thomas Mayade
    Den 28. November 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Stil: Concert / Jazz
    Traditioun an d’Moderne gi gemëscht, wann den Arthut Possing Quartet eege Kompositiounen an eng Selektioun vun imprevisibele Stécker virdréit. Nodeems de Grupp sech 2013 gegrënnt huet ass den éischten Album „Four Years“ am Joer 2018 erauskomm.
    Ticketen: 14 € / 7 € < 26 Joer (Oweskeess: 16 €/ 9 €)

Prabbeli

  • Goldschmiedecours
    Den 4. Dezember 2020 vun 17:00 bis 20:30 Auer an de 5. Dezember 2020 vun 10:00 bis 17:00 Auer am Atelier Prabbeli
    Stil: Workshop iwwer 2 Deeg fir Erwuessener
    Ob opulent oder schlicht – zesumme mat dem Diana Prokot kënnt Dir Äre ganz eegene Bijou kreéieren, an dat vun der kreativer Gestaltung bis hin zu der handwierklecher Aarbecht mat verschiddenen Techniken a Materialien. Zesumme léiere mir d’Grondtechnike wéi Seeën, Feilen, Léiden a Béien.
    Präis: 80 €

  • Pascal Schumacher
    Den 4. Dezember 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Stil: Concert / Jazz
    De renomméierte Museker Pascal Schumacher sicht ëmmer no Neiem, nom Onerwaarten, nom Obekannten. Zu Wolz presentéiert hien säi Solo-Album „SOL“ mat engem perséinleche Programm an enger intimer Ambiance.
    Ticketen: 14 € / 7 € < 26 Joer (Oweskeess: 16 € / 9 €)

Prabbeli

  • L’Hiver féérique
    De 26. Dezember 2020 um 14:30 Auer am Ciné Prabbeli
    Schnéiflacke falen, Stäre glitzeren. Mat originellen Techniken an der traditioneller Animatioun gëtt e magesche Wanter am festlecher Stëmmung gebueden.
    Ticketen: 5 €

Prabbeli

Ma, schonn elo kann ee sech och op d’Joer 2021 virfreeën. Um Programm sti beispillsweis Wolf & Moon (Elektro Folk aus Däitschland) um 16. Januar, Isle (Dream Pop aus Holland) um 13. Februar, Stärennuecht mat The Tame And The Wild (Indie Folk aus Lëtzebuerg) um 13. Mäerz an de Poetry Slam De Lux’ 11 um 3. Abrëll.

All weider Detailer fannt Dir op www.prabbeli.lu, sou wéi an der Borschür. Hei kënnt Dir och Är Sëtzplaz(e) reservéieren. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Arthur Possing Quartet, Concert, Droleg Natur, Expo, Jazz, Nomad, Pascal Schumacher, Prabbeli, Programm, Saison 20/21, Theater, Wiplala, Wolz, Workshop
Next post Previous post