Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
International Stories

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

cool
Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen
International Stories

Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen

E Freideg war e groussen Dag fir d‘Fraen a Männer

tonguesurprise
Der ASTI gefält de Staatsbudget net
International Stories

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

De Veräin zur Ënnerstëtzung fir déi immigréiert Aarbechter (ASTI) bedauert

Viru 50 Joer: Sowjetesch Offensiv géint d‘Prager Fréijoer

Viru 50 Joer: Sowjetesch Offensiv géint d‘Prager Fréijoer

Den Dram vun engem „Sozialismus mat mënschlechem Gesiicht“ dee vu Panzer iwwerrannt gëtt: viru 50 Joer, an der Nuecht vum 20. op den 21. August 1968, iwwertrieden d‘Truppe vum grousse „Brudder“ d‘Grenze vun der Tschechoslowakei fir de reformisteschen Elan vum Prager Fréijoer ze briechen. Wat deemools geschitt ass, wëlle mir iech hei resuméieren.

Explosive Kontext

„Um 23 Auer hu sowjetesch, polnesch, ostdäitsch, bulgaresch an ungaresch Truppen d‘Grenz vun der Tschechoslowakei iwwerschratt“, mellt d‘AFP an der Nuecht vum 20. op den 21. August.

D‘Tschechoslowakei – déi 1993 an zwee Länner opspléckt gëtt, an déi tschechesch Republik an d‘Slowakei – bleift gezwongenermoossen ënnert dem „Afloss“ vun der Sowjetunioun. D‘Russen haten nom zweete Weltkrich d‘Land einfach „iwwerholl“. Nodeems eng reformistesch Equipe an der Tschechoslowakei un d‘Rudder komm war, huet sech d‘Stëmmung mat Moskau verschlechtert.

No de Walen, war am Januar 1968 de Stréimännche vu Moskau, Antonin Novotny, duerch de Slowak Alexander Dubček un der Spëtz vun der tschechescher kommunistescher Partei (KSC – Komunistiká strana Československa). De Generol Ludvik Svoboda, huet am Mäerz d‘Presidence vun der Republik iwwerholl. Et sollt zu grondleeënde Reforme kommen…

Ënnert dem Impuls vum Alexander Dubček sollt: d‘Zensur ofgeschaaft, d‘Fräiheet sech ze versammelen oder ze associéieren nees agefouert, an eng (virsiichteg) Ëmgestaltung vun der Wirtschaft ënnerholl ginn. Am Kreml huet een dat net mat engem gudden A gesinn, an de Leonid Ilyich Brejnev, huet „d‘Bridder zu Prag“ widderholl gewarnt, bis et zum Ultimatum komm ass.

Den „Iwwerfall“

Den 21. August 1968 platzt dem ieweschte Sojwet de Kolli. Moskau gräift zu drastesche Mëttel, a mat sengen „Alliéierten“ ginn 200.000 Zaldoten – eng Muecht déi a kuerzer Zäit op 600.000 uwiisst – un de Grenze stationéiert. D‘Parachutisten an d‘Infanterie iwwerrenne a wéinege Stonnen d‘Land.

Um 4.59 Auer mellt Radio-Prag, datt d‘Haaptstad an déi ganz tschechoslowakesch Republik besat sinn. D‘Regierung rifft d‘Bierger op „roueg ze bleiwen an sech net mat Waffen den auslänneschen Truppen entgéintzestellen“. Zu Prag konzentréieren sech déi sowjetesch Truppen op dräi strategesch Punkten: de Sëtz vum Zentralcomité vum KSC, d‘Zitadell vun Hradčany, an de Sëtz vum Radio.

Scho bei Sonnenopgank versammelen sech honnerten Awunner vu Prag virum Sëtz vum Radio, dee vu Panzer ëmstallt ass. „Eenzeg d‘Schëss aus de Mitraillette konnten d‘Gepäifs, an d‘Beleidegunge wéi ‚Gestapo‘ oder d‘Provokatioune wéi ‚Vive Dubček‘ iwwertéinen“, bericht de Journalist vun der AFP, Jean Leclerc du Sablon. An den éischten Deeg stierwen iwwer honnert Mënschen…

Eng grouss Ligen

Vu Moskau aus affirméiert d‘Presseagence TASS, datt déi militäresch Interventioun eng Äntwert op d‘Demande „vun tschechesche Staatsmänner“ ass. Historiker wäerte festhalen, datt ee vun dëse „Staatsmänner“ de Vasil Bilak war, e Member vum KSC-Politbüro. Direkt an den éischte Stonne vun der Invasioun, ass den Dubček an weider Dirigente vun der rouder Arméi festgeholl ginn.

Mat Gewalt sinn si den 22. August an de Kreml verschleeft ginn, wou si den Dag drop vun enger Delegatioun, ënnert der Leedung vum President Svoboda, rejoignéiert goufen. Si sinn opgefuerdert ginn, de sougenannte „Protokoll vu Moskau“ ze ënnerschreiwen. Mat dësem Dokument gëtt d‘Tschechoslowakei ënner Momper gestallt an déi sowjetesch Besatzung legitiméiert.

No véier Deeg hunn d‘Dirigenten, no zéie Verhandlungen opginn, a sech dem russeschen Diktat gebéit. Mat dësem „Accord“ bleift den Alexander Dubček zwar un der Muecht, mee hie muss de Russen zougestoen, datt d‘Partei nees déi „droend Roll“ am Land iwwerhëlt. Deen eenzegen dee sech verweigert huet ze ënnerschreiwen, war de František Kriegel.

Hie erkläert säi Geste esou: „Dëst Dokument ass net mat enger Fieder ënnerschriwwe ginn, mee ass mam Laf vun de Kanounen erzwonge ginn“.

Passive Widderstand

D‘Bevëlkerung, déi vun den „Verhandlungen“ an „Diskussiounen“ zu Moskau ausgeschloss ass, organiséiert e friddleche Widderstand. Séier ginn d‘Stroosseschëlder „erofgeschrauft“ fir de Besatzer ze desorientéieren. Iwwer Land, wou Bauerenhäff de Fändel op Hallefmast gehaangen hunn, sinn d’Wee-Schëlter duerch een eenzege Feil ersat ginn, op deem steet: „Richtung Moskau“.

Trotz alle Mesure fir se opzefannen, funktionéieren 12 fräi Radiosender weider. Reegelméisseg gëtt getut, d‘Sireene vun de Fabricken hurelen a d‘Klacke vun de Kierchen téine wéi wëll uechter dat ganzt Land. Et ass en Zeechen, datt een de Ludvik Svoboda an den Alexander Dubček ënnerstëtzt, an déi Männer och nees wëll zréckhunn.

Den Dout vum Prager Fréijoer

Um Muere vum 27. August, steet d‘Bevëlkerung um Parcours tëscht dem Fluchhafen an der Zitadell op där nees de Nationalfändel am Wand hänkt. Et ass nëmmen e kuerze Moment vum „Opootmen“.

An enger „Ried un d‘Natioun“ annoncéiert de Generol Ludvik Svoboda, datt den Depart vun de Besatzer un eng Konditioun gebonnen ass: „d‘Normalisatioun vun der Situatioun“. Den Alexander Dubček muss erklären: „D‘Fräiheet geet fir den Ament ageschränkt, wat eis erlabe soll nees zum normale Liewen zréckzekommen“.

Den Accord zum „temporäre Stationement vun de russeschen Truppen“ gëtt de 16. Oktober ënnerschriwwen. De 16. Januar 1969, immoléiert sech de Student Jan Palach zu Prag, fir géint d‘Besatzung duerch d‘Russen ze protestéieren. Hie stierft dräi Deeg méi spéit…

Vu Moskau verdrängt, gëtt am Abrëll 1969, den Alexander Dubček, duerch de Gustáv Husák „ersat“. Deen huet de Message vu Moskau, vu wou aus d‘Normalisatioun gefuerdert gëtt „richteg“ verstanen, an et gëtt endlos politesch Prozesser. Prag muss op „d‘Samett Revolutioun“ am Joer 1989 waarde fir nees mat der Demokratie unzeknäppen.

mam Karine Delorme/AFP

Foto: Prag den 21. August 1968: D‘Awunner ëmzéngele russesch Panzer, déi d‘Stad besetzen an op Uerder vu Moskau d‘Prager Fréijoer néierschloe sollen. © str/AFP

Ähnlech Sujeten 1968, Kommunismus, Prager Fréijoer, Sowjetunioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel