Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt a verschiddene

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
Kultur Neiegkeeten

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Ee linguisteschen Nomad: De Präis Batty Weber 2020 geet un de Pierre Joris

Ee linguisteschen Nomad: De Präis Batty Weber 2020 geet un de Pierre Joris

T’ass d’Mëschung aus Poesie an essayistescher Aarbecht, déi de linguisteschen Nomad Pierre Joris ausmécht. Aus zuelräiche Grënn huet d’Kulturministesch Sam Tanson, zesumme mat engem Jury decidéiert, hien als Artist mam Präis Batty Weber 2020 auszezeechnen.

Zesummegesat huet sech de Jury aus dem Vesna Andonovic, dem Anne Diderich, dem Fabienne Gilbertz, dem Frank Hoffmann, dem Luc Marteling an dem Sébastian Thiltges, dat ënnert der Presidentschaft vum Claude D. Conter. „Dem Pierre Joris seng poetesch an essayistesch Aarbecht ass een Ausdrock vu senger onermiddlecher villsäiteger Transzendenz vu Grenzen, mat engem Versuch eng kosmopolitesch Visioun ze kréien“, motivéiert de Jury säi Choix.

De Saz ‘Routes not roots’, also ‘Stroossen, net Wuerzelen’ misst dofir als als programmateschen Titel verstane ginn, dee mam Joris senge Beweegungen tëscht de Sproochen (Englesch, Franséisch, Däitsch, Arabesch, Lëtzebuergesch), tëscht der Literatur an der Kultur anhir geet. Doduerch, datt hien op eng verlackend an experimentell Aart a Weis d’Natur vun de Wieder benotzt, bréngt hien et fäerdeg de Lieser un d’Ecke vun der Welt ze bréngen, duerch d’Diaspora ze flanéieren a sech Doheem ze fillen.

A senge poetesche Wierker wieft hien sproochspillerech-experimentell Wort(ver)suchungen, een Netz vun iwwerraschenden Zesummeféierungen aus ënnerschiddleche literareschen a kulturellen Texter vun der Avantgarde, der Beat Generatioun, Rilke, Ezre Pound, T.S Eliot iwwert maghrebinescher Literatur bis zur Popkultur.

Virausgesat an agefuerdert ginn Oppenheet vum Geescht, Beweeglechkeet vum Denken a Wëllen zur Sprochdekonstruktioun. An genee esou gi seng Wierker eng modern Äntwert op all Formen vun ideologesch Aschränkungen a Verblendungen. „De Joris erweist sech net nëmmen als iwwerzeegten an iwwerzeegende literaresche Kosmopolit, hien hëlt seng LieserInnen och mat op d’Rees hin zum ‘in-between’, der eigentlecher Plaz vum Nomad“, erkläert de Jury.

Zum literareschen Talent

De Pierre Joris, gebuer am Joer 1946 zu Stroossbuerg, huet Ufanks Medezin studéiert, ier et vir hien a Richtung vu senger eigentlecher Leidenschaft gaangen ass. Mat verschiddenen Ofschlëss, vum Iwwersetzer bis hin zum Dokter a Literatur, huet hien bis 2013 als Professer fir englesch Literatur zu New York geschafft. Seng eege Recherchen hu sech ëm déi zäitgenëssesch anglophon Poesie, d’Poetik a literaresch Iwwersetzunge gedréit.

An der ganzer Welt ass hie fir seng Konferenzen, säi Wëssen a seng eege Wierker bekannt. Heizou gehéiert ënnert anerem ‘The Fifth Season’ (1971), ‘Janus’ (1988) oder och säi jéngst Wierk ‘The Book of U = Le livre des cormorans’ (2017). Onzielech Kollaboratiounen, kritesch Etüden, wéi och Iwwersetzungen an Adaptatioune kommen dobäi.

De Präis Batty Weber

Gegrënnt am Joer 1987, gëllt de Präis Batty Weber als national Auszeechnung vun der Lëtzebuerger Literatur, éiert an erënnert dobäi un de Schrëftsteller Batty Weber. De Präis belount Lëtzebuerger Schrëftsteller fir hir literaresch Qualitéit, Originalitéit an dat kulturellt Ausstralen a senger Gesamtheet. De Gewënner erhält dobäi eng finanziell Belounung vun 10.000 €.

Wéini d’Präisiwwerreechung stattfënnt, kann eréischt an nächster Zäit bestëmmt ginn.

Opmaacherbild: De Pierre Joris zu New York, 30. September 2019 © Philippe MATSAS

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Kulturministesch, Linguisteschen Nomad, Literatur, Pierre Joris, Präis Batty Weber, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel