Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Goodbye“ Groussbritannien
Kultur Neiegkeeten

„Goodbye“ Groussbritannien

Konsens wéi nach ni, London ënner Drock Zu Bréissel hunn

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
Kultur Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

UNO brauch Geld fir Libyen
Kultur Neiegkeeten

UNO brauch Geld fir Libyen

Den héije Kommissariat fir d’Refugiéë vun der UNO (HCR) huet

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!

Gëschter Owend war am Naturmusée am Gronn déi grouss Feier fir de Präis „Hëllef fir d’Natur 2018“ un een exzeptionelle Projet ze iwwerreechen, deen säi Beitrag zur Ëmwelt an dem Naturschutz leescht. Bei der Zeremonie waren ënnert anerem och d’Ministesche Carole Dieschbourg a Sam Tanson vertrueden.

Scho säit 1985 gëtt dës Auszeechnung vum Kulturministère, dem Naturmusée an natur&ëmwelt Fondatioun Hëllef fir d’Natur iwwerreecht. Gutt 14 Joer méi spéit huet och den Ëmweltministère sech entschloss, d’Initiative ze ënnerstëtzen. Et sollt een immens emotionalen Owend ginn, sief et duerch d’Laureaten oder och duerch déi musikalesch Begleedung duerch den Thierry Kinsch an d’Eva Cloostermans.

Fir unzefänken huet den Alain Faber, Direkter vum Naturmusée a President vum Jury d’Ziel vum Präis erkläert, wat doranner läit ee besonneschen Engagement am Beräich vun der Natur an der Ëmwelt ervir ze hiewen. De Jury, den aus diverse Leit besteet déi aktiv um Terrain sinn, sicht sech hei selwer seng Projeten eraus an éiert normalerweis ee Gewënner. Dëst Joer sollt awer eng Ausnam gemaach ginn: ee spezielle Präis gouf un d’Liewenswierk an déi passionéiert Séil vum Camille Gira iwwerreecht.

Am Mee d’lescht Joer ass den engagéierte Lëtzebuerger Politiker, den och der Natur seng Stëmm ginn huet, fir ëmmer vun eis gaangen. Mat vill Asaz an Häerzblutt huet hien sech fir eng nohalteg Entwécklung an Ëmwelt agesat, wouduerch et scho bal op der Hand läit, datt een senger Fra dëse spezielle Präis vun der Jury iwwerreecht. Domat ass de Camille Gira posthum geéiert ginn.

Hëllef fir d'Natur 2018

De Gérard Anzia bei senger emotionaler Ried iwwert de Camille Gira © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng ganz besonnesch Ried huet hei de Gérard Anzia, selwer aktiv an der Lëtzebuerger Politik a gudde Kolleg vum Camille, gehalen. Dobäi huet hien seng Geschicht als Busrees verpak, woubäi mir verschidde Stopper bei diverse Liewensetappe gemaach hunn. Dorënner war beispillsweis d’Pressekonferenz mat Sikona, bei der dem Politiker seng Verbonnenheet zur Natur erauskoum.

Donieft sinn awer och eng Rëtsch Projeten opgezielt ginn, woubäi een bei dem immens groussen Engagement net alles ernimme konnt. Besonnesch ervir gehuewe gouf d’Zitat „Mir musse méi a Käpp investéieren, wéi a Bëtong“, woubäi seng Verbonnenheet zu all kreativer Persoun, déi eppes ännere wëll, ënnerstrach gouf. Duerch de Camille sinn esou Initiativen entstanen, woubäi d’Vëlospisten an Trëppelweeër ausgebaut goufen oder och Hecke geplanzt gi sinn, wouduerch en ekologesch Gemengepolitik entstanen ass. Donieft huet de Gérard Anzia nach dem Camille seng immens Sensibilitéit an de sozialen Asaz gelueft, sou wéi och seng innovativ Visiounen a kloer Zieler, déi tatsächlech ëmgesat gi sinn.

De Präis Hëllef fir d’Natur 2018 geet un…

No enge ergräifende musikaleschen Interlude mat enger Foto-Projektioun vum Camille a senge Projete war et dunn um Vizepresident vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur, fir de Gewënner vum Haaptpräis ze verkënnegen. Duerch säi remarkabelen Asaz fir d’Natur ass d’Schéiferei Weber geéiert ginn. Hire Wanderbetrib dréit een essentiellen Deel zum Ökosystem bäi, doduerch datt d’Schof grouss Fläche beweeden, sou datt dës net verbuschen.

Mat gutt 600 Schof an 10 Hënn verlaangt et vill Aarbecht an een enormt Organisatiounstalent fir dës eemoleg Initiative um Liewen ze halen. Fir d’Koppel, der de Betrib gehéiert, ass dëse Präis genau zur richteger Zäit komm, wouduerch och si vill Mercien ze verdeelen haten. 2018 war ee Joer mat extreme Wiedersituatiounen, vill Pabeierkrich an neiem Personal. Elo konnten si nei Motivatioun sammele fir d’Zukunft.

Gegrënnt ginn ass de Betrib vun den Eltere vun der Koppel, déi schonn an enger Zäit, ier den Naturschutz „in“ war innovativ Gedanke gefleegt hunn. 2012 kruten déi zwee momentan Besëtzer dunn d’Zepter an d’Hand gedréckt. Et sollt awer keen einfache Wee sinn. Nieft Krankheeten, déi d’Déiere befale kënnen, ass och nach d’Schofsprime ewech gefall. 2016 sinn 50% vun de Flächen ewech gefall, déi si normalerweis beweed hunn, wouduerch och d’Halschent vun de Schof keng Aarbecht hat.

Zesumme mat Sikona ass d’Rad nees un d’Rulle komm. D’Koppel huet sech immens staark fir hir „Daseinsberechtegung“ an den Uklang an der Politik agesat. De Wanderbetrib vun der Schéiferei Weber berout op engem ale Prinzip, wouduerch d’Ökosystem op natierlech Aart a Weis ënnerstëtzt ka ginn. Duerch d’Schof kann een d’Isolatioun vu Planzen ophiewen an esou de Som, den sech an der Woll vun den Déiere festsetzt, op aner Fläche bréngen. Donieft bréngen déi gemitterlech Schof och Liewen op d’Wisen, sou wéi och an den Naturschutz.

Hëllef fir d'Natur 2018

(v.l.n.r.) Sam Tanson, Kulturministesch; Claude Meisch, Vizepresident vun natur&ëmwelt; Florian Zimmer a seng Fra Myriam Zimmer vun der Schéiferei Weber; Alain Faber, Direkter vum Naturmusée; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch © Shari Pleimelding/moien.lu

Ee wichtege Beitrag an der Educatioun

D’Wanderungen duerch dat ganzt Land, wouduerch een och d’Schéinheet vun Lëtzebuerg erliewe kann, dierf all Persoun begleeden, déi gutt zu Fouss ass. Och Schoulklasse kënne mëttlerweil de Betrib besichen, woubäi vill Wäert op d’Wëssensvermëttlung geluecht gëtt. An och wann am Wanter d’Lämmercher op d’Welt kommen, déi d’Zukunft vum Betrib sécheren, ass dëst natierlech kee Kuschel-Zoo.

Och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet un enger Wanderung deelgeholl an net schlecht gestaunt, wou si den immensen Engagement, d’Passioun, mee och d’Sensibilisatioun mat erliewe konnt. Vun hirer Säit gouf ee grousst Luef un d’Jury ausgeschwat fir hire Choix, wouduerch si souwuel d’Schéiferei, wéi och d’Projete vum Camille Gira geéiert hunn.

Och d’Kulturministesch Sam Tanson konnt do just zoustëmmen. Si selwer huet de Wanderbetrib nach net kannt a bewonnert hiren Asaz. Ganz houfreg huet si d’Schéiferei Weber als Patrimoine Immatériel erkläert, deen ënnerstëtzt muss ginn.

Zu gudder Lescht sinn d’Präisser, déi eng stiliséiert Eil duerstelle sollen, un d’Laureate verdeelt ginn. Dobäi huet een déi emotional Atmosphär spiere kënnen, bei der d’Fra vum Camille Gira de Präis fir hire Mann entgéint geholl huet. Vill Leit am Publikum waren hei den Tréinen no, wat nach emol bestätegt, datt de Jury hei ee super Instinkt hat. Och déi jonk Koppel vun der Schéiferei huet dëse feierleche Moment ergraff, woubäi si mat hirer Sympathie an hirer Passioun enorme Charisma ausgestraalt hunn. Do ass et kee Wonner, datt deen een oder aneren duecht, datt e seng Wanderschong doheem erauskrome wäert, fir mat de Schof duerch d’Land ze trëppelen!

Hëllef fir d'Natur 2018

Een ergräifende Moment, souwuel fir de Publikum, wéi och fir de Camille Gira seng Fra © Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alain Faber, Camille Gira, Carole Dieschbourg, MNHM, Naturmusée, Naturschutz, Präis Hëllef fir d'Natur 2018, Sam Tanson, Schäferei Weber, Schof
Nächsten Artikel Virrechten Artikel