Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hémecht – D’Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht elo och online!
Neiegkeeten

Hémecht – D’Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht elo och online!

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) an den zoustännege Redaktiounscomité annoncéiere mat Freed, datt

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung
Neiegkeeten

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
Neiegkeeten

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

Präis Hëllef fir d’Natur 2019: Ee Vull fir d’Ëmwelt

Präis Hëllef fir d’Natur 2019: Ee Vull fir d’Ëmwelt
© Naturmusée
Präis Hëllef fir d’Natur 2019: Ee Vull fir d’Ëmwelt
© Naturmusée
Präis Hëllef fir d’Natur 2019: Ee Vull fir d’Ëmwelt
© Naturmusée

Gëschter ass am Stater Naturmusée eng méi lass gewiescht: De Präis Hëllef fir d’Natur 2019, eng national Auszeechnung vum natierleche Patrimoine, ass iwwerreecht ginn. Zënter 1985 belount dëse Präis Initiativen, déi sech mam Schutz an Erhal, Entwécklungsprojeten an der Bildung oder och der Recherche am Beräich vun der Natur an der Ëmwelt befaassen.

Bei der Zeremonie mat dobäi waren d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, d’Sam Tanson, Kulturministesch, den Alain Faber, Direkter vum Naturmusée an de Claude Meisch, Vize-President vun natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur. Nom Design vum Skulpteur Jean-Pierre Georg éiert d’Statue a Form vun enger Eil all Joer ee Projet, deen ee besonneschen Engagement fir Natur an Ëmwelt bewisen huet. Esou war et 2018 beispillsweis d’Schéiferei Weber, 2017 de Kass-Haff an 2016 de CELL.

Präis Hëllef fir d'Natur 2019

© Naturmusée

An de Präis geet un…

De Jury huet de Präis Hëllef fir d’Natur 2019 un AG Feldornithologie an AG Beringung iwwerreechen dierfen. Hire remarkabelen Engagement am Benevolat, hire Beitrag zum Erhalt vun der Biodiversitéit an déi wëssenschaftlech Approche zur Ëmwelt konnten iwwerzeegen.

Schonn ëm 1920 hunn zuelräich Amateuren sech zesumme gedoen, fir Villercher an zwou ornithologeschen Aarbechtsgruppen ze beobachten. Ganzer 100 Joer méi spéit bilden déi Fräiwëlleg d’Fundament vun der sougenannter Centrale Ornithologique bei natur&ëmwelt. Mat 120 Hobby-Ornithologen an 31 Réngmeeschter kënnen all Joer iwwer 50.000 Donnéeë gesammelt ginn an ëm 20.000 Vulle mat engem Rank gekennzeechent ginn.

Wisou ee sech esou staark op déi gefiedert Déiere bezitt, huet een einfache Grond: Vulle liwwere wichteg Informatiounen zum Zoustand vun der Ëmwelt. All fräiwëlleg Persoun dréit domat säin Deel zur Etüd bäi. Déi gesammelt Informatioune ginn uschléissend zum Schutz an Erhalt vum Déier a sengem Liewensraum genotzt.

Präis Hëllef fir d'Natur 2019

Do war d’Freed grouss! © Naturmusée

Déi ornithologesch Zentral zu Lëtzebuerger

Enk verbonne mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung dirigéieren zwou Aarbechtsgruppen d’Aufgaben um Terrain. All ornithologesch Donnéeë gi gesammelt, an der Zentral analyséiert a genotzt, fir den Zoustand vun Déier a sengem Ëmfeld ze verbesseren.

Mam Uleeë vun de Réng um Fouss vun den Déiercher gëtt ee wichtegen Deel zum Enregistrement vun der Avifauna zu Lëtzebuerg bäigedroen. Nieft den dräi Statiounen (Uewersyren, Schëffleng a Rëmerschen) gi reegelméisseg Etüden zum Projet organiséiert, déi méi zur Populatioun vun de Vullen an de verschiddene Liewensraim erausfannen.

Mat de Réng gëtt et méiglech déi verschidden Aarten ze identifizéieren, wat virun allem bei de Migratiounen am Fréijoer an Hierscht net eleng duerch einfach Observatioune gemeeschtert ka ginn.

Mir gratuléieren zur Auszeechnung!

Ähnlech Sujeten AG Beringung, AG Feldornithologie, Alain Faber, Auszeechnung, Carole Dieschbourg, Claude Meisch, natur&ëmwelt, Naturmusée, Ornithologie, Präis Hëllef fir d'Natur 2019, Sam Tanson, Vull
Nächsten Artikel Virrechten Artikel