Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten
Neiegkeeten

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten

Ab elo direkt, profitéieren all d‘Membere vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL)

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff
Neiegkeeten

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag
Neiegkeeten

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag

D’Open Air Konstfestival A.s.b.l. luet den 23. Juni 2019 op

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

Während der europäescher Mobilitéitswoch am September, an am Kader vum Klimapakt, haten de Klimabündnis Lëtzebuerg an de Verkéiersbond hiren „Tour du Duerf“ (www.tourduduerf.lu) nei opgeluecht. Deen huet als Objektiv, d‘Bierger, d‘Gemengeconseilleren an déi verschidde consultativ Kommissioune fir d‘Benotze vum Vëlo ze sensibiliséieren.

Duerf

© Charles Soubry/Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg

De Vëlo kann een all Dag benotze fir schnell an op eng agreabel Aart a Weis op d‘Schaff ze kommen. Et ass zudeem en ëmweltfrëndlecht a käschtegënschtegt Transportmëttel. Bei der Aktioun ass dann och drëms gaangen, esou vill Kilometer wéi nëmme méiglech ze „sammelen“. De Succès vun der Aktioun kann een dann och, ugesicht de Participatioun, net méi a Fro stellen.

A well d‘Stad Lëtzebuerg och ganz staark drun interesséiert ass, déi douce Mobilitéit ze fërderen an d‘Ëmwelt ze schützen, huet si mat vill Enthusiasmus a 15 Equippen um Tour du Duerf deelgeholl. Dës Equippen hunn zesummen 9.249 Kilometer zréckgeluecht, an esou ganze 1.313 Kg CO2 agespuert. D‘Aktioun ass de 7. Oktober op en Enn gaangen.

Bravo a Respekt fir d‘Laureaten

Déi dräi bescht „Eenzelleeschtungen“, wéi och déi dräi bescht Equippen déi sech an der Stad ageschriwwen haten, hu vum Schäfferot e Präis iwwerreecht kritt. D‘Präisiwwerreechung war e Mëttwoch op der Gemeng, wou d‘Laureaten en Akafsbong vun engem Vëlosgeschäft iwwerreecht kruten.

Op der éischter Plaz de Sauro Bicchiarelli, mat 807 Kilometer a 114,6 Kg CO2, huet en Akafsbong an héicht vun 300 Euro erhalen. Hannert him de Christian Schmurr mat 705 Kilometer a 100 Kg CO2, erhält en Akafsbong vun 200 Euro. De Camille Muller op der drëtter Plaz mat 516 Kilometer a 73,3 Kg CO2, dierf sech iwwert en Akafsbong an héicht vun 100 Euro freeën.

D‘Cyclisten aus den dräi beschten Equippen hunn alleguerten e Kaddo vun der Stad Lëtzebuerg erhalen. Hei waren „déi gréng“ (14 Leit) mat engem Total vun 3.318 Kilometer an 471,2 Kg CO2 op déi éischt Träppche komm. D‘Equippe „Mobilitéit – VDL“ (14 Leit) gëtt mat 2.667 Kilometer an 378,7 Kg CO2 déi zweet, an déi fënnef ganz couragéiert vun „Gaasperech 1900“ komme mat 749 Kilometer a 106 Kg CO2 op eng ganz éierbar drëtt Plaz.

D‘Stad Lëtzebuerg begréisst dës Initiativ a gratuléiert alle Cyclisten déi um „Tour du Duerf“ deelgeholl hunn. A wann et op den éischte Bléck och vläicht net esou ausgesäit, esou hunn se alleguerten e grousse Bäitrag vir d‘Ëmwelt geleescht. De Schäfferot encouragéiert si dann och weiderhin de Vëlo ze benotzen.

Ähnlech Sujeten Klimabündnis, Stad Lëtzebuerg, Tour du Duerf, Vëlo, Verkéiersbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel