Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
Neiegkeeten Sport

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen
Neiegkeeten Sport

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Wéinst dem EU-Spuerdiktat setzt d’Regierungspartei d’Mindestrent op 350€ erof. Déi

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C
Neiegkeeten Sport

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“

Vergaangene Mëttwoch huet de Sportminister Dan Kersch, zesumme mam President vum olympesche a sportleche Comité vu Lëtzebuerg, dem André Hoffmann bei der traditioneller Zeremonie fir d’Präisiwwerreechung fir „Bénévoles sportifs de l’année 2018“ an der Coque deelgeholl.

An dobäi gouf et eng weider Saach ze feieren! Et huet sech nämlech ëm déi 10. Zeremonie, säit der Grënnung am Joer 2019 gehandelt. Ziel war et schonn ëmmer d’Wäertschätzung an der Aarbecht vun den Traineren an anere sportleche Leeder ervir ze hiewen. Just duerch si kann déi national sportlech Beweegung erhale ginn.

Dobäi huet nieft dem President vum COSL och de Minister Kersch et sech net huele gelooss allen Sportsassociatiounen a -federatiounen fir hir Leeschtunge Merci ze soen. Just mat hirer Hëllef ass den idealen Oflaf vun den diverse Competitiounen a Manifestatiounen am Grand-Duché garantéiert.

Insgesamt sinn et 36 Laureaten aus Federatioune ginn, sou wéi 3 Laureaten, déi vun engem Jury ausgewielt gi sinn. Dobäi krute folgend Persounen ee Präis iwwerreescht:

  • Louis BARUZZINI (Fédération Luxembourgeoise des Quilleurs)
  • Johny BECK (Fédération Luxembourgeoise des Amateurs de Billard)
  • Romy BERTEMES (Special Olympics Luxembourg)
  • Nathalie BESLIJA (Fédération Luxembourgeoise de Basket-Ball)
  • Pit BINGEN (Luxembourg Field Sports Federation)
  • Claude BIRTZ (Fédération Luxembourgeoise des Échecs)
  • Henri BRESSLER (Sportspress.lu)
  • Anna DICKES (Fédération Luxembourgeoise de Handball)
  • Bruno DOS SANTOS (Fédération Luxembourgeoise de Haltérophilie, de Lutte et de Powerlifting)
  • Norbert EMERINGER (Fédération Luxembourgeoise de Football)
  • Carlo FELTES (Fédération Luxembourgeoise de Triathlon)
  • Nicole FROST-MULLER (Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table)
  • Andreia GASPAR (Dance Sport Federation Luxembourg)
  • Jean-Paul GASPERINI (Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme)
  • Arnold GASTAUER (Fédération Luxembourgeoise de Boxe)
  • Jean-Pierre Marcel GOERGEN (Fédération Luxembourgeoise de Tir aux Armes Sportives)
  • Siv JØNSSON (Fédération Luxembourgeoise de Badminton)
  • Erny KLARES (Fédération Luxembourgeoise de Canoë-Kayak)
  • Nathalie KLEIN (Automobile Club du Luxembourg)
  • Gaston KOBS (Fédération Luxembourgeoise des Associations de Sport de Santé)
  • Jean LORANG (Fédération Aéronautique Luxembourgeoise)
  • Sophie MINELLI (Luxembourg Paralympic Committee)
  • Remy MOUSEL (Fédération Luxembourgeoise des Activités et des Sports Sub-Aquatiques)
  • Jos ROLLER (Fédération Luxembourgeoise de Volleyball)
  • Paul SANDT (Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire)
  • Josette SANDT ep. TRES (Fédération Luxembourgeoise des Sports sur Glace)
  • Sven SCHANK (American Football & Cheerleading Federation Luxembourg)
  • Serge SCHAUL (Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux)
  • Denise SCHILTZ-GOEPPER (Fédération Luxembourgeoise de Tennis)
  • Marc SCHMETZ (Fédération de Squash Luxembourgeoise)
  • Roland SCHMIDT (Fédération Luxembourgeoise des Pêcheurs Sportifs)
  • Roger THULL (Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois)
  • Francine TOSSING (Fédération Luxembourgeoise d’Escrime)
  • Jacques VAN DER SCHILDEN (Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage)
  • Jean-Paul WEYDERT (Société Luxembourgeoise de Kinésithérapie du Sport)
  • Olivier WORRE (Fédération Luxembourgeoise de Hockey sur Glace)

Déi 3 Laureaten vu „Meilleur Bénévole Sportif 2018“

1. Präis: Roger THULL (Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois)

Funktiounen: Trainer a verschiddene Sportsclibb, Trainer beim FSCL an Encadrement vun den nationale Selektioune säit 36 Joer, Sekretär vun der Jugendkommissioun, Member vum Sportscomité vun der Technescher Kommissioun vun 1981 un, Engagement an der LASEP vun 1969 bis 1999

(v.l.n.r.) André Hoffmann, President vum COSL; Roger Thull, Laureat 2018; Dan Kersch, Sportminister © MSPORT

2. Präis: Erny KLARES (Fédération Luxembourgeoise de Canoë-Kayak)

Funktiounen: Cercle Nautique Diekirch, Member am Comité säit 1991 a President tëscht 1991 an 1996, Trainer säit 1980, Projetspromoteur zu Dikrech, Member vum Zentralcomité vun 1982 bis 1992, Generalsekretär säit 8 Joer, Initiator vum Projet „Schoul a Formatioun“, techneschen Expert am Stade d’Eau Vive Dikrech

(v.l.n.r.) Erny Klares, Laureat 2018; André Hoffmann, President vum COSL; Dan Kersch, Sportminister © MSPORT

3. Präis: Romy BERTEMES (Special Olympics Luxembourg ALPAPS)

Funktiounen: Benevole bei diverse Federatiounsaktivitéite säit 2009, Coach a Coordinatrice an der Federatioun säit 2014, Encadrement vu Wantersportkolonien säit 2009, Rekrutement vun neie Benevolen fir Special Olympics Aktivitéiten, Benevol am TC Schieren an Indiaca Club Colmar-Bierg

(v.l.n.r.) Romy Bertemes, Laureat 2018; André Hoffmann, President vum COSL; Dan Kersch, Sportminister © MSPORT

Ähnlech Sujeten André Hoffmann, Bénévole sportif 2018, COSL, Dan Kersch, Präisiwwerreechung, Special Olympics, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel