Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Brexit: London leet Virschléi op den Dësch
Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-someone-with-schizoaffective-disorder-reddit/

Haut verëffentlecht London seng Proposen zu der Grenz tëscht Irland

political dating uk
Neiegkeeten

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit

Kuck dësen Trailer op kee Fall am Büro!
Neiegkeeten

Kuck dësen Trailer op kee Fall am Büro!

Wann d’Deadpool-Filmer eppes eenzegaarteg mécht vis a vis vun anere

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark

Deelweis méi wéi honnert Prozent

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark

Am Moment suergt eng einfach Foto op Facebook fir vill Opreegung. De Grond: Eng Prestatioun vun Help – Aides et soins ass am Präis vun engem Mount op deen aneren ëm iwwert 100% geklommen. D’Nofëlle vun der Pillbox huet am Dezember op dëser Rechnung nach 55,50€ kascht,  an de leschte Mount waren et der op eemol 135€.

De Grond ass schnell fonnt: Mat der Reform vun der Assurance Dependance, déi ab dem 1.1.2018 gräift, klammen d’Präisser fir gewësse Prestatiounen. Dowéinst konnt eis d’Pressespriecherin vun Help – Aides et soins, d’Chloé Kolb, och confirméieren, datt dës Rechnung wahrscheinlech authentesch ass.

All Klient gouf informéiert an hat e Choix

E puer Präzisiounen huet d’Chloé Kolb eis och nach ginn. D’Ännerunge goufen de Clienten matgedeelt, an si hu missen de Choix treffen, op si déi Offer och mat erhéichte Präisser géinge wouer huelen.

Elo liest een op Facebook awer oft genuch, wéi ee Choix verschiddener nach hätten. Well vill Leit sinn – op elo duerch Krankheet oder Alter bedéngt – net méi fäeg, sech selwer dorëmmer ze këmmeren. An och net jiddereen huet eng Famill, op déi en sech stäipe kann.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel