Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?
Kultur Neiegkeeten

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?

Groussbritannien ass zolidd vun der Covid19-Pandemie betraff a kaum ee

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“
Kultur Neiegkeeten

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint

surprise
D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren
Kultur Neiegkeeten

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg

D'Zäit vum Wiener Kongress bis zum Éischte Weltkrich (1815-1914)

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg

Hätt Dir gewosst, datt eis däitsch Noperen emol déi gréisst Aarbechtergrupp zu Lëtzebuerg duergestallt hunn? Datt d’Immigranten een immensen Afloss op d’Zesummeliewen a Kultur am Land haten, ouni déi mir haut net wieren, wat mir sinn? Datt mir duerch déi Däitsch Gefalen um Béier fonnt hunn, déi éischt Bank gegrënnt konnt ginn an d’Stolindustrie opgebléit ass? Dat a villes méi kann een nach bis den 2. Februar bei der Wanderausstellung Präsenz, Wirken und Integration von Deutschen in Luxemburg zu Dikrech am Geschichtsmusée gewuer ginn. Mat engem breede Spektrum un Themen a villsäitege knackegen Informatioune gëtt d’Zesummeliewe vun däitschen a Lëtzebuerger Matbierger zur Zäit virum Éischte Weltkrich unhand vun Texter, Grafiken, Biller a Géigestänn verdäitlecht.

Kuckt een op eis Geschicht, a virun allem den Afloss vun den Däitschen zeréck, esou gëtt an de meeschte Fäll just vum Éischten an Zweete Weltkrich an dem Nationalsozialismus geschwat. Vun den däitsch-Lëtzebuerger Bezéiungen, de Virdeeler an Innovatiounen, déi d’Awanderer mat sech bruecht hunn oder de generellen Aflëss vum Zesummeliewen ass an de wéinegste Fäll riets.

Aus dësem Grond hu sech d’ Asbl vum Deutscher Verein in Luxemburg an de Centre de Documentation sur les Migrations Humaines zesummegedoen an a Sisyphusaarbecht Archiven duerchsicht. Och Gemengen, Muséeën, d’Pressewiesen an aner Organisatioune goufen direkt zu hiren Informatioune befrot, sou datt eng eemoleg Ausstellung mat Begleetband entstoe konnt, déi net nëmme geschichtsinteresséiert Persounen, mee och ënnert anerem Personal aus der Educatioun an Historiker begeeschtert.

Dikrech

34 Tafelen a 4 Zëmmer op 2 Etagen liwwere spannend Erklärungen © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng wichteg Aarbecht, déi ni zu Enn wäert sinn

Nodeems 2010 d’Iddi vun der Ausstellung méi konkret diskutéiert ginn ass an Aarbechtsgruppen entstane sinn, fir ee pragmatescht Virgoe bei der Sich no Informatiounen ze garantéieren, huet ee schnell missen zouginn, datt ee sech hei een décke Batz u Recherchen opgelueden huet. Trotzdeem wollt een dësen historesche Beräich endlech konkret opgräifen an zesummefaassen, wouduerch eng richteg Beweegung un d’Rulle komm ass. Souguer d’Universitéiten hunn de Studenten dëst Thema fir hir Aarbechten zougewisen.

Mëttlerweil ass déi ganz Ekipp esou an dësem Beräich opgebléit, datt en och elo nach no interessanten Informatioune sicht. Glécklecherweis sinn et och Privatleit, déi duerch d’Ausstellung privat Material erausginn, Urenkel déi verstuerwe Familljemember erkennen oder Sammler, déi nëtzlech Artefakter vun doheem matbréngen.

Dikrech

Fir ee super Vernissage gëschter Owend hunn (v.l.n.r.) d’Helma Werner, Kuratorin a Projektleiterin, Deutscher Verein in Luxemburg; d’Carine Welter, Direktesch vum Dikrecher Geschichtsmusée an den Karl-Martin Schröter, däitsch Botschaft zu Lëtzebuerg gesuergt © Shari Pleimelding/moien.lu

No gutt 3 Joer haarder Aarbecht, ënnert der Leedung vun der Kuratorin Helma Werner, konnt d’Wanderausstellung säi Resultat an der Abtei Neumünster presentéieren. Weider gaangen ass et iwwert Tréier, Saarbrécken oder och Weimar, bis eben elo op Dikrech. D’Stad am Norden ass wuel éischter bekannt fir säi Krichsmusée an d’Opliewe vun der Ardennenoffensiv, wat op kee Fall vergiess soll ginn. Allerdéngs gouf et och eng friddlech Zäit virun de Kricher, déi gewise muss ginn.

„Mat Hëllef vun net nëmme Lëtzebuerger mee och dätschen Archiven an hiren Archivare ass et eis gelongen, esou vill Dokumenter iwwert eis dätsch Virfaren am Land ze sammelen, wéi mir et eis ni hätten erdreeme kënnen“, erkläert d’Helma Werner.

Dikrech

Och Fraebeweegungen entstinn a setze sech fir d’Interessen vum weibleche Geschlecht an © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Ausstellung a 4 Deeler

Ganzer 32 Panneaue presentéieren op 2 Etagen a 4 Zëmmere folgend Beräicher:

  1. D’Bundesfestung an nei Grenzen
  2. Wirtschaft an Industrialiséierung
  3. Stadentwécklung, Gesellschaft a Kultur
  4. De Groussherzoglechen Haff

Esou gëtt een hei beispillsweis gewuer, datt d’ Lëtzebuerger Fraen oft den däitsch Ënneroffizéier verfall sinn. Als gutt „Heiratskandidaten“ sinn tëscht 1816 an 1835 ganzer 408 Bestietnisser ofgewéckelt ginn.

Dikrech

D’Pressewiesen vu fréier © Shari Pleimelding/moien.lu

Qualifizéiert däitsch Aarbechter hunn déi national Industrie opbléie gelooss. Esou war et den däitschen Héichueweningenieur Max Meier, deen zesumme mat Paul Wurth fir Innovatiounen am Stolsecteur gesuergt huet. Net ze vernoléissegen ass awer och déi däitsch Drénkkultur. War de Lëtzebuerger ëmmer éischter ee Wäindrénker, esou hunn déi däitsch-Lëtzebuerger Bezéiungen d’Léift zum Béier opkomme gelooss. Wousst Dir beispillsweis, datt zu Hollerech een Bayrisches Brauhaus zum Löwenbräu stoung?

Och a Saache Musek konnten eis Noperen eis immens prägen: Als klengt Kand ass de Johann Anton Zinnen mat sengem Papp op Lëtzebuerg komm, ass spéider den éischten Direkter vum Allgemenge Lëtzebuerger Museksveräin (haut Union Grand-Duc Adolphe) ginn an ass mëttlerweil bekannt fir d’Melodie vun eiser Heemecht.

Dikrech

Zäit emol op Dikrech an de Geschichtsmusée ze kommen © Shari Pleimelding/moien.lu

Nach bis de Februar zu Dikrech

„Verbindungen entstinn iwwer Mënschen“, sou de Klaus Werner, President vun der Asbl Deutscher Verein in Luxemburg. D’Majoritéit vun den däitsche Bierger zu Lëtzebuerg hu sech integréiert, goufen neutraliséiert a gehéiere mat zu eise Wuerzelen. All Dag ziele mir iwwer 40.000 däitsch Grenzgänger, 15.000 hu sech souguer am Groussherzogtum néiergelooss.

Ee Grond méi, sech d’Vergaangenheet emol méi genau unzekucken a sech iwwerraschen ze loossen. D’Ausstellung ass vum 9. Januar bis den 2. Februar 2020 all Dag vun 10 bis 18 Auer (ausser Méindes) op. Et fënnt een se am Dikrecher Geschichtsmusée (13, rue du Curé).

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beier, Brauerei, Carine Welter, Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Deutscher Verein in Luxemburg, Dikrech, Éischte Weltkrich, Geschicht, Geschichtsmusée, Helma Werner, Innovatioun, Integratioun, Karl Martin Schröter, Klaus Werner, Kulturliewen, MHSD, Präsenz, Räichtum, Wanderausstellung, Wiener Kongress, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg, Wirken und Integration von Deutschen in Luxemburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel