Search

You may also like

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci
Neiegkeeten

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci

Am Juni hat de Parquet vum internationale Jugoslawien-Tribunal (ICTY) zu

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?
Neiegkeeten

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?

Zanter de Premierminister Xavier Bettel a senger Ried zur Lag

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht
Neiegkeeten

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus

Vereedegung fir d’Gemenge Préizerdaul a Mamer

Vereedegung fir d’Gemenge Préizerdaul a Mamer

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 9. Januar 2021 an de ministerielle Veruerdnunge vum 22. Januar 2021 sinn de Buergermeeschter an zwee Schäffe vum Préizerdaul, sou wéi ee Schäffe vun der Gemeng Mamer vereedegt ginn.

Fir méi genee ze sinn huet de Marc Gergen säin Eed als Buergermeeschter vun der Gemeng Préizerdaul ofginn. Gläichzäiteg sinn de Fernand Muller a Marc Rehlinger als Schäffen vun der selwechter Gemeng vereedegt ginn. Als Schäffe vun der Gemeng Mamer huet de Luc Feller säin Eed ofginn.

Nom Artikel 6 vum Gemengegesetz, dat um 13. Dezember 1988 modifizéiert gouf, hu si der Inneministesch Taina Bofferding folgend Versprieche misse ginn:

„Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Marc Rehlinger, Schäffe vun der Gemeng Préizerdaul; Fernand Muller, Schäffe vun der Gemeng Préizerdaul; Taina Bofferding, Inneministesch; Marc Gergen, Buergermeeschter vun der Gemeng Préizerdaul; Luc Feller; Schäffe vun der Gemeng Mamer © MINT

Related topics Buergermeeschter, Eed, Fernand Mller, Inneministère, Luc Feller, Marc Gergen, Marc Rehlinger, Schäffen, Taina Bofferding, Vereedegung
Next post Previous post