Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich
International Neiegkeeten

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich

Den tierkeschen Ugrëffskrich dreift a ganz Europa d‘Leit op d‘Strooss.

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion
International Neiegkeeten

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion

Verluecht op den 28. Oktober 2020. D’Ticketen behalen hir Validéit.

Nationbranding kann och kreativ sinn
International Neiegkeeten

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

Britesche Premier bleift standhaft

BoJo: „Ënnert kengen Ëmstänn wäert eng Verlängerung vun der EU-Austrëttsfrist ugefrot ginn!“

Britesche Premier bleift standhaft

Seng Entscheedung steet fest an de Boris Johnson wëll sech vun näischt a kengem vu senger Linn ofbrénge loossen: „Mir verloossen d‘EU den 31. Oktober, ouni Wann an Awer“. Däitlech Wierder vum britesche Premierminister um Méindegowend virum Londoner Regierungssëtz.

Einfach huet de BoJo et allerdéngs net. Eng Grupp vu ronn 20 „Rebellen“ am eegene Lager kéinten sech der Oppositioun uschléissen an nach an dëser Woch de „Chef“ per Gesetz zwéngen, vu sengem haarde Kurs Ofstand ze huelen. Si sinn net iwwerzeegt, datt en haarde Brexit dem Land eng bléiend Zukunft brénge kann. Dës „Dissidenten“ hunn e Méindegowend dozou e Gesetzprojet deponéiert.

Aus dem Text – deen indymedia virläit – geet ervir, datt d‘Oppositioun mat de Rebellen aus der Regierungskoalitioun eng Verlängerung vun der Austrëttsfrist erzwénge wëll, fir de Fall dat et bis zum 19. Oktober net sollt méiglech sinn en Ofkommes mat der EU ze beschléissen. D‘Verlängerung sollt sech op dräi Méint bezéien. Dat wëll de Premier mat der Zwangspaus vum Parlament verhënneren.

Neiwahlen?

Fir de Boris Johnson kommen Neiwahlen net a Fro: „Ech wëll keng Neiwahlen an dir wëllt keng Neiwahlen“, esou de Premier um Méindegowend virum Regierungssëtz an der Downing-Street. An dat kann een him net falsch maachen. Zum enge verhënneren Neiwahlen den Austrëtt net, zum anere kann et net ugoen, datt d‘Briten an esou enger schwéierer Stonn ouni Regierung do stinn.

Premier

Bedauerlecherweis hunn sech d‘Fronten net nëmmen op der Insel verhäert, och säitens der EU gëtt et keng Bereetschaft sech de Wënsch a Fuerderunge vum duerchgeknallte Politiker unzehuelen. Ob Merkel oder Macron, jo esouguer beim Donald Tusk ass de Boris Johnson op Granit gestouss. Hei bréicht et da schonn zolidd a virun allem realistesch wéi ëmsetzbar Proposen, déi hien net huet.

„Under Pressure“

Fir d‘Géigner vun engem „No Deal Brexit“ ass den Drock net manner grouss. Dat wëll de Premier dem Parlament eng Zwangspaus vun e puer Woche „verschriwwen“ huet. Dës Paus fänkt schonn e Méindeg un a soll bis de 14. Oktober daueren. Mat anere Wierder: Oppositioun a Rebelle mussen hiert Gesetz bis e Sonndeg duerch d‘Parlament gejot hunn. Dat dierft éischter „komplizéiert“ ginn.

PremierSécher, de Boris Johnson huet am Parlament nëmmen eng ganz knapp Majoritéit – wat eigentlech nees fir Neiwahle schwätze géif – mee anersäits bestécht hien duerch seng Standhaftegkeet. Kënnt et eréischt nom Brexit zu Neiwahlen, wiere seng Chance am Amt bestätegt ze gi besser. Da muss hie net méi mat der „Brexit-Partei“ vum Nigel Farage konkurréieren. Dee sollt een net vergiessen…

Alternativen?

Dat géif allerdéngs och erklären, firwat am House of Commons doriwwer spekuléiert gëtt, datt de Boris Johnson am Fall vun Neiwahlen, dës Wahle fir den 1. November – also een Dag nom Brexit – kéint festleeën. Wéi eescht dat ass? Schwiereg ze beäntwerten, well de britesche Premierminister kann déi Neiwahlen net ouni Ënnerstëtzung vun der Oppositioun usetzen. Einfach ass anescht.

Premier

© Scott Daniels

Fir Neiwahle brauch de Boris Johnson d‘Zoustëmmung vun zweedrëttel vun den Deputéierten. Dat awer kann d‘Oppositioun net zouloossen, wann si verhënnere wëll datt Groussbritannien den 31. Oktober d‘Walliss vrun d‘Dier gestallt kritt an den Taxi fir „heem bei d‘Mamm“ selwer bezuele muss. Si kënnen Neiwahlen nëmmen dann zoustëmmen, wann déi virum Brexit stattfannen.

Mat haarde Bandagen

Wat d‘Dissidenten aus den eegene Reie betrëfft, esou gëtt och hei de Boris Johnson zimlech rabiat vir. De Premier huet d‘Klatzkäpp gewarnt: „Mir mussen der EU esouwuel Entschlossenheet wéi Zesummenhalt demonstréieren“. Et ass dann och richteg, datt fir seng Ziler ze erreechen, et absolut vu Virdeel ass, wann een zesummesteet. E Problem deen a vill Beräicher och op d‘EU zoutrëfft.

PremierA fir d‘Reien nees ze schléissen, huet de Boris Johnson de „Rebellen“ erkläert wat hinne bléit, wa si den „No Deal Brexit“ verhënnere wéilten: „Entweder dir stëmmt an Dënschdeg mat der Regierung oder dir aus der Partei ausgeschloss a Kënnt iech en neie Job sichen“. Ob et dann elo sënnvoll ass seng politesch Carrière fir eppes onofwennbares ze riskéieren? Fir verschiddener bestëmmt…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Neiwahlen, No Deal, The Brexit Party
Nächsten Artikel Virrechten Artikel