Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
Neiegkeeten

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

No Katowice, d‘EU mat engem Versuch et besser ze maachen
Neiegkeeten

No Katowice, d‘EU mat engem Versuch et besser ze maachen

D‘Negociateure vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament hunn sech e

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt
Neiegkeeten

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Mam chrëschtleche Selbstverständnes, esou wéi dat d‘ADR gesäit, besonnesch wann

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

D'Resultater vun de Premièresexame si bekannt

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht Schüler, déi um Premièresexamen Deel geholl hunn, solle sech dës Beméiungen och bezuelt maachen. 2.615 kënnen elo hiren Diplom am Grapp halen. Am ganzen hate sech zu dësem Examen 3.333 Kandidate presentéiert. Den Taux de Reussite läit bei 78%, wat e bëssche mi niddreg ass, wéi nach 2017 (80%).

An enger Hisiicht ass awer d’Tendenz kloer no uewe gaangen: Méi Schüler konnten eng “motioun excellente” asammelen. Déi kritt een, wann een eng Moyenne vun 52 oder méi huet. Dëst Joer waren 139 bei 2.615 Reussitten. 2017 waren et der 100 bei 2.679 Reussitten. 122 vun dësen exzellente Notten hu Schüler aus dem Classique krut, 17 am Enseignement Secondaire Général.

Den Taux vun deenen, déi an den Noexame mussen, läit dëst Joer bei 16%, zwee Prozentpunkten iwwert dem leschte Joer. Riicht eraus refuséiert goufen der grad emol 6%, wat de selwechte Pourcentage wéi am Joer virdrun ass.

Mam Service Information et Presse

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Premièresexamen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel