Schinnen amplaz Stroossen: Lëtzebuerg als Spëtzereider
Am Joer 2019 huet de Groussherzogtum pro Awunner 448 Euro
Am Joer 2019 huet de Groussherzogtum pro Awunner 448 Euro
Den Narendra Modi, gëtt vu sengen Unhänger zäertlech „Papp vun
Gëschter hunn d’Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet Paulette Lenert, de Minister fir sozial Sécherheet Romain Schneider an de President vun der Agence eSanté Christian Oberlé den DSP emol méi genee presentéiert an déi zuelräich Virdeeler ervirgehuewen.
No enger Testphas koum Ufank dës Jores dat groussherzoglech Reglement zu de Modalitéiten a Konditiounen zur Notzung vum DSP eraus. No an no ginn all Persounen, déi zu Lëtzebuerg krankeverséchert sinn, an dësem System bäigefüügt, wat da folgend positiv Effekter mat sech bréngt:
Den elektronesche Patientendossier ass gratis an accessibel fir all Patient a Professionellen aus dem Gesondheetsberäich, deen zu Lëtzebuerg aktiv ass an déi concernéiert Persoun zu senge Patienten zielt. De Patient huet d’Recht fir engem Dokter den Accès op Informatiounen ze verweigeren, kritt esou och méi eng aktiv Roll.
Nodeems d’Testphas Enn 2019 ofgeschloss ginn ass, ware schonn 59.138 Dossieren opgemaach a mat insgesamt 314.281 Dokumenter gespeist ginn. Ganzer 9 Méint méi spéit ware 77 % vun den 850.000 Krankeversécherten am System dran. Um 30. September 2020 sinn esou 747.637 Dokumenter gezielt ginn. An 299.055 DSP’en huet sech op mannst een Dokument befonnt.
Wärend vum 1. Januar bis den 30. September an der Moyenne 1.553,9 Dokumenter pro Dag eropgeluede gi sinn, huet de September sech als stäerkste Mount erausgestallt mat 3,448,3 Dokumenter pro Dag. Aktuell befanne sech an der Moyenne 2,5 Dokumenter an all Patientendossier.
Dobäi si virun allem Resultater aus de Laboen (81%9 am Dossier ofgeluecht ginn. Op 2. Plaz sti Resuméë vu Patienten (9%), gefollegt vu Resuméen zu de Prestatiounen (6%).
Ab Mëtt Oktober gëtt dann och eng Informatiounscampagne lancéiert, bei där déi verschidde Medie genotzt ginn, fir den elektronesche Patientendossier virzestellen an ze promouvéieren.
Weider Informatioune ginn et op www.esante.lu.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Christian Oberlé, President vun der Agence eSanté; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet; Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet © MSS