Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus
Neiegkeeten

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?

Haut geet et nees duerch d’Land! Dës Kéier konzentréiere mer

Food For Your Senses: Den zweeten Dag!
Neiegkeeten

Food For Your Senses: Den zweeten Dag!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?

Bei Sea Shepherd handelt et sech ëm eng international a gemengnëtzeg Organisatioun, déi sech de Schutz vum Mier an der dozougehéiereger Déierewelt zur Aufgab gemaach huet. Hier Missioun ass géint d’Zerstéierung vu Liewensraim oder och illegal Fëscherei an deementspriechend d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren.

Am Beräich vum nohaltege Schutz vun eisem Ekosystem erweist sech Sea Sheperd als immens engagéiert, innovativ a strikt: Si ermëttelen, dokumentéieren a gräifen noutfalls an, wann illegal Aktiounen um Mier opgedeckt ginn. Duerch dësen Engagement droen si dozou bäi, datt den Ekosystem fir eis zukünfteg Generatiounen erhale bleift.

D’Organisatioun gouf 1977 vum Captain Paul Watson gegrënnt. Zanterdeem ass nawell vill passéiert, et ginn onofhängeg, national a regional Gruppen., wouduerch mëttlerweil eng weltwäit Beweegung mat enger gemeinsamer Missioun handelt: Liewe retten.

Engagement och do, wou kee Mier ass

An och mir zu Lëtzebuerg kënnen eisen Deel dozou bäidroen, Sea Shepherd huet nämlech och e Sëtz hei am Land.

De Samschden, 12 September steet e MoselCleanUp zu Maacher um Programm. Et ass dach gutt ze wëssen, datt och hei am Groussherzogtum e Bléck op eis Gewässer geheit gëtt. D’Botz gëtt vum Maacher Lycée an der Gemeng Gréiwemaacher organiséiert.

Donieft wäert een d’Organisatioun och um Weekend vum 18. bis den 20. September op der Internationaler Tattoo Convention an der Luxexpo The Box untreffen.

All Hëllef ass wëllkomm!

E Bléck op hier Facebooksäit (an Internetsäit) lount sech definitiv. Dobäi sief awer gesot: Wann Iech d’Fakten oder verschidde Videoen net gefalen oder ofschrecken, dann heescht dat a mengen Ae just eppes: Si hunn alles richteg gemaach! An zwar andeems gewise gëtt, ewéi et wierklech dobaussen ofleet.

Et gëtt kee Free Willy, kee Flipper a kee glécklech agespaart Mieresliewewiesen. Brutal an illegal Juegten musse gestoppt musse!

Sea Shepherd

Sea Shepherd Luxembourg / Facebook

D’Organisatioun kann een iwwregens mat Spenden ënnerstëtzen, ech perséinlech géing mir méi eng aktiv Hëllef wënschen. Maacht mat an engagéiert Iech zu Maacher. Kuckt Iech d’Wäibierger an d’Ëmgéigend un a maacht eppes Guddes fir eis Kanner an Enkelkanner.

An dësem Kader biede mir och nach emol dorëm d’Petitioun zum Verbuet vun Haiflossen z’ënnerschreiwen. Weider Informatiounen dozou ginn et HEI.

Opmaacherbild: © Simon Ager / Sea Shepherd Global

Ähnlech Sujeten Captain Paul Watson, Ekosystem, Gréiwemaacher, Illegal Fëscherei, Juegd, Mieresliewewiesen, Mieresschutz, MoselCleanUp, Sea Shepherd, Shark Finning
Nächsten Artikel Virrechten Artikel