Search

You may also like

Gitt dem Virus keng Chance
Neiegkeeten

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

Automobilisten uecht gedoen: den 2. Februar ass Liichtmëssdag
Neiegkeeten

Automobilisten uecht gedoen: den 2. Februar ass Liichtmëssdag

Muer ass et nees esouwäit, da lafen d‘Krapperten an d‘Knetzelen

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Presenz vu Jelliskäpp am Stauséi

Presenz vu Jelliskäpp am Stauséi

Säit Ufank September konnten am Stauséi ëmmer méi Jelliskäpp fonnt ginn. D’Taucher vum CGDIS konnten elo Fotoe vun de Waasserliewewiesen vun d’Waasserwirtschaftsamt (AGE) an d’Naturverwaltung (ANF) vermëttelen, an domat d’Presenz vum sougenannten Craspedacusta sowerbii bestätegen. Grond zur Panik gëtt et awer net!

Denkt ee bei Quallen direkt un dat Nesseldéier, wat bei der klengster Beréierung Verbrennungen an aner Blessure verursaacht, esou gëllt dës Aart, déi eigentlech aus Asien kënnt, als ongeféierlech fir de Mënsch.

Quallen

Craspedacusta sowerbii © GSAQ-CGDIS/Jean-Luc Linster

Duerch d’Verbreedung vu Waasserplanzen an -déieren uechtert d’Welt, huet et och den asiatesche Kolleg bis op Lëtzebuerg gepackt. Déi exotesch Spezies gëtt dobäi net méi wéi 25 mm breet an hält sech am Léifsten am rouegen a proppere Waasser ob, dat sech am Summer erwiermt. Temperaturen iwwert 20 °C iwwert e längeren Zäitraum sollten et scho sinn.

A well d’Waasser am Summer un der Uewerfläch am Wäermsten ass, kann een déi exotesch Gesellen de ganzen Dag iwwer observéieren. Ma, si konnten och schonn an Nopeschregiounen fonnt ginn, wouduerch d’ANF an d’AGE dovunner ausginn, datt hir Verbreedung am Zesummenhang mam Klimawandel steet.

Vu Juli bis Oktober trëtt dës Aart vu Jelliskäpp ob, mat engem Pic fir Enn August an Ufank September. D’Presenz vu Bloalgen steet a kengem Zesummenhang mat der Presenz vum exotesche Waasserbewunner.

Déi eegen Observatiounen kann een ënnert peche@eau.etat.lu mellen.

Opmaacherbild: © GSAQ-CGDIS/Jean-Luc Linster

Related topics AGE, ANF, Asien, CGDIS, Craspedacusta sowerbii, Jelliskäpp, Klimawandel, Naturverwaltung, Nesseldéier, Ongeféierlech, Quallen, Stauséi, Taucher, Waasserwirtschaftsamt
Next post Previous post