Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss
Fail International Neiegkeeten

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!
Fail International Neiegkeeten

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Um kommende Samschdeg, den 8 Juni 2019 ass zu Esch

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch
Fail International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch

Op der Sëtzung vum Escher Gemengerot um Freideg ass et

dislike

President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt

President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt

E Samschdeg huet d‘Bevëlkerung vum Ruanda d‘Victoire vum neien ale President, Paul Kagame gefeiert. Den ass fir en drëtt Mandat vu siwe Joer, mat iwwer 98% vu de Stëmmen erëmgewielt ginn. Domadder bleift hien Här iwwert ee Land, datt hien zanter 23 zolidd awer brutal an der Hand huet.

Dës Victoire vum 59 järege Paul Kagame, muss gutt gehale ginn, dem Genozid vun 1994 en Enn bereet an och d‘Land wirtschaftlech nees opgebaut ze hunn. Allerdéngs steet hie wéinst sengem Verständnes vun Demokratie an der Kritik. Demokratie awer schéngt net den éischte Besoin vun de Bierger am Ruanda ze sinn.

„Ech si glécklech. Ech hu mer dës Victoire erhofft“ sot ee Samschdeg d‘Yvette Uwineza, eng Informatikerin vu 36 Joer. „D‘Kontinuitéit ass berouegend“ erkläert déi jonk Fra, déi dem Paul Kagame dankbar ass der Bevëlkerung ee bessert Liewen erméiglecht ze hunn.

Keng Plaz fir Zweiwel

Déi vun der Wahlkommissioun (NEC) um Samschdegmëtte verëffentlecht Resultater, loosse keng Plaz fir Zweiwel. Den Ensembel vun de Stëmmziedel bestätegen d‘Victoire vum Paul Kagame. Mat 98,63% vun de Suffragen iwwertrëfft sech de Kagame selwer. 2003 war hie mat 95% a 2010 mat 93% gewielt ginn.

Laut der Wahlkommissioun hunn 96,42% vun de ronn 6,9 Millioune Wahlberechtegten hir Stëmm ofginn. Den onofhängege Philippe Mpayimana kritt awer 0,73% Stëmmen. Fir den Frank Habineza, Leader vun der grénger demokratescher Partei – eenzeg zougeloossen Oppositiounspartei am Ruanda – waren nach 0,47% vun de Stëmmen iwwreg.

De Prozentsaz deen de Kagame bei dëse Walen erreecht huet, entsprécht deem, wat d Ruander bei der Verfassungsreform u Stëmmen ofginn haten. Déi war néideg fir dem amtéierende President en drëtt Mandat ze erméiglechen. Et ass dem Paul Kagame esouguer méiglech d‘Land bis 2034 ze regéieren.

Eesäiteg Zukunft

Mat gutt 98% Zoustëmmung fir d‘Verfassungsreform steet der Muecht vum President näischt wierklech entgéint. Observateuren haten d‘Reform kritesch begleet, waren awer weder an de Medien nach soss op der internationaler Bühn wierklech zu Wuert komm.

„Dat bestätegt datt d‘Ruander eng Wiel iwwert déi Zukunft déi si wëlle getraff hunn“ sot de Staatschef an der Nuecht op e Samschdeg dausende Supporter virum neien Haaptsëtz vu senger Partei zu Kigali. Mat der patriotescher Front vum Ruanda (FPR) „wäerte mir mat der Aarbecht déi mer ugefaangen hunn, weider maachen an ee bessert Ruanda erschafen“ esou de Kagame.

Phantomgéigner

Seng Géigner, déi an enger sech vum FPR ugëeegente Wahlkampf net opgefall sinn, hunn dem Kagame seng Victoire unerkannt. „Ech huelen d‘Resultat un a felicitéieren den FPR an de Paul Kagame“ sot den Mpayimana der AFP. „Ech wäert awer net hei ophalen. Ech ruffen all d‘Bierger op sech mir unzeschléissen, fir bei de nächste Wahle méi staark ze sinn“.

Den Ekologist Habineza huet zougi vu sengem Resultat enttäuscht ze sinn. En huet och bedauert während der Campagne vill Schwieregkeete begéint ze sinn. Allerdéngs seet hie senge Supporter Merci: „Dir hutt mir méi Courage a Vertraue ginn, fir e Kampf weiderzeféieren dee fir méi Demokratie steet“.

Um Samschdeg hunn sech d‘USA dann awer besuergt gewisen. „Mir si verstéiert duerch d‘Onregelméissegkeeten déi beim Wahlresultat ze observéiere sinn. Mir sinn och weiderhi besuergt wat d‘Integritéit vun der Prozedur, déi d‘Grondlag vir zesummenziele vun de Stëmme stellt, ugeet“ esou d‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert an engem Communiqué.

Am gläiche Communiqué deelt d‘US-Diplomatie mat, datt si besuergt ass iwwert de „Mangel un Transparenz déi sech op d‘Eligibilitéit vu méigleche Géigekandidate bezitt“.

D‘Ruander haten sech op verschidde Plazen am Land zesummefonnt, fir ganz diskret dës Victoire ze feieren. Just zu Kigali haten sech e puer honnert Leit an enger Sportshal zesummegedoe fir ze danzen an ze feieren. „Mir feieren de Paul Kagame“ huet hei ee jonke Mann duerch de Kaméidi vun enger ouerendéidender Popmusek gejaut.

Wien ass de Kagame?

Et ass dann och wichteg ze wëssen, datt de Paul Kagame de staarke Mann vum Ruanda ass, zanter den FPR am Juli 1994 déi extremistesch Hutu Regierung gestierzt hat. Déi hat ee Genozid ausgeléist deem op mannst 800.000 Mënsche sollten zum Affer falen. Besonnesch viséiert war d‘Tutsi Minoritéit.

De Kagame war fir unzefänke Vizepresident a Verdeedegungsminister, huet awer och dunn schonn de facto d‘Land regéiert. Am Joer 2000 ass hien du vum Parlament als President gewielt ginn. 2003 an 2010 ass hien dann am Kader vu Landeswahlen als kéiers als President bestätegt ginn.

Onbestridde steet de Paul Kagame fir eng spektakulär Entwécklung. Déi besonnesch op wirtschaftlechem Niveau, nom schreckleche Genozid deen d‘Land getraff hat. Him gëtt dann awer och virgeworf, d‘Meenungsfräiheet ze beschneiden an all Form vun Oppositioun ze ënnerbannen.

Vill vun de kritesche Stëmme sinn entweder agespaart, an den Exil gezwongen an fir verschiddener, einfach ëmbruecht ginn. Observateure vun de Wahle wëllen dann och an de Kandidature vum Habineza oder dem Mpayimana, beschtefalls Marionette gesinn. Hir Bedeelegung sollt esou der internationaler Communautéit eng Demokratie virspillen déi et esou net géif ginn. E Wahlresultat vun 98% schwätzt dann och éischter fir dës Opfaassung.

mam Stephanie Aglietti/AFP

Foto: Zefridde Supporter vum Paul Kagame mat hire Fändele vum FPR. Wirtschaftlech entwéckelt sech de Ruanda gutt. Op et allerdéngs ëmmer demokratesch zougeet an op d‘Demokratie iwwerhaapt ee „Besoin“ vun der Bevëlkerung ass, steet op engem anere Blat (© Marco Longari/AFP)

Nächsten Artikel Virrechten Artikel