Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss
International Neiegkeeten

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss

Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado
International Neiegkeeten

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado

Den Tornado deen de 9. August zu Péiteng a Käerjeng

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
International Neiegkeeten

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien

Um Mëttwoch hunn sech d‘Presidente vum Iran, Russland an der Tierkei, bei engem Sommet zu Ankara, engagéiert zesummenzeschaffe fir eng laangfristeg Wafferou a Syrien erbäizeféieren. Zu hirer dräi, hunn si de Konflikt an den Hänn, entscheede wéi et viru geet.

Den Hassan Rohani, Vladimir Putin an de Recep Tayyip Erdogan setzen zu grad deem Ament zesummen, wou den US-President Zweiwel street. Den huet ugekënnegt, d‘US-Truppen aus Syrien ofzezéien. An dat Wäisst Haus huet um Mëttwoch nach emol betount, datt déi militäresch Missioun, mat där den Islamesche Staat (IS) sollt eliminéiert ginn, zum Enn kënnt. Wéini dat soll geschéien a wéi et am Detail soll ausgesinn, doriwwer huet Washington bis ewell kommunizéiert.

Dovunner ausgoend, datt den IS bal ganz opgeriwwen ass, stellen déi amerikanesch Exekutive an hir Partner awer kloer, datt een determinéiert ass, och de Rescht vun deem, wat emol den IS war, ze eliminéieren. „Mir tauschen eis weider mat eisen Alliéierten iwwert d‘Zukunft aus“, heescht et am Communiqué.

E Communiqué huet et och vum Sommet ginn. Déi dräi Presidenten hunn an dësem op e neits drop higewisen, datt si konsequent un hirer Zesummenaarbecht festhalen. Si schénge sécher ze sinn, all d‘Konfliktparteie vun enger Wafferou iwwerzeegen ze kënnen. Si wëllen nees Rou op den Terrain bréngen, d‘Liewe vun den Ziviliste schützen, an der humanitärer Hëllef e schnellen Zougang zu den Mënschen a Nout erméiglechen.

D‘Tierkei besteet um Ausläsche vun den Terroristen

Moskau an Teheran, déi de Regimm zu Damaskus ënnerstëtzen, engersäits. Ankara, dat déi syresch Rebellen a seng militäresch Operatiounen abënnt an d‘Regimmgéigner stäipt, anersäits. Dat sinn se, déi wou vun der Welt als d‘Pätter vum Astana-Prozess betruecht ginn. Et war dann och um Sommet vun Astana, wou déi véier Zone vun der Deseskalatioun festgeluecht gi waren.

Nom Sommet vun Ankara, huet de Vladimir Putin déi international Communautéit fir hire Manktem un Aktioun kritiséiert. „Kee mécht eppes, ausser dem Iran, der Tierkei a Russland“, iergert sech de russesche President. „Mir gesi kleng humanitär Hëllefsliwwerunge säitens der UNO, mee dat geet net wäit genuch“.

Den tierkesche President huet, ofgesi vum syresche President Baschar al-Assad, a Syrien aner Problemer an Interessen. Den Erdogan huet dann och erwaardungsgeméiss den Akzent op déi eege militäresch Aktivitéiten am syreschen Norde geluecht. Hei geet déi tierkesch Arméi, ënnerstëtzt vu Rebellen am Kader vun der Operatioun „Olivenzweig“, massiv géint d‘Kurdemiliz YPG vir. Déi Alliéiert vun der internationaler Koalitioun gi vun Ankara als Terroriste bezeechent.

Am diplomatesche Jargon héiert sech dat esou un: „Mir wäerte keng Rou ginn, bis all dës Regioune securiséiert sinn, notamment Manbij“, seet den Erdogan, mat Referenz un eng weider strategesch geleeë Stad am Norde vu Syrien. An zu Manbij dierft d‘Noriicht vum US-President, sech aus Syrien zréckzezéien net esou gutt ukomm sinn. Hei gëtt d‘Kurdemiliz YPG vun US-Truppen ënnerstëtzt.

Vun iranescher Säit, déi och den Baschar al-Assad politesch, finanziell a militäresch ënnerstëtzt, huet och ganz bemoossen Aussoe ginn. Déi Wichtegst: den Hassan Rohani, President vun der Islamescher Republik Iran, huet affirméiert datt „d‘Zukunft vu Syrien de Syrer gehéiert“.

Ënnerschiddlech Usiichte bleiwen

Gesäit een e kuerze Moment dovunner of, datt sech „déi Dräi“ op eng Zesummenaarbecht verstännegt hunn, esou dierf dat net doriwwer ewech täuschen, datt se allen Dräi kontradiktoresch Interessen an Differenzen hunn, wat dem Baschar al-Assad seng Zukunft betrëfft. Deem seng politesch „Positioun“ ass no siwe Joer Konflikt an 350.000 Affer, esou gutt wéi laang net méi.

An et gëtt dann och kleng Unzeechen, déi drop hindeiten, datt trotz Zesummenaarbecht, een hei net vu Frëndschaft ka schwätzen. Esou huet den Hassan Rohani a senger Ried drop bestanen, datt d‘Stad Afrine, déi Ankara aus den Hänn vun der Kurdemiliz YPG „befreit“ huet, der Kontroll vun der syrescher Arméi misst iwwerdroe ginn.

De leschte Sommet vun den dräi Presidenten, hat et den 22. November 2017 zu Sotchi ginn. Hei konnt een d‘Konfliktparteie vun engem syreschen Nationalkongress iwwerzeegen. Deen huet wuel stattfonnt, war awer net gelongen. Mee den Iran, Russland an d‘Tierkei hunn sech op en drëtte Sommet (zu Ankara) gëeenegt. Den Datum gëtt et zu engem spéideren Zäitpunkt.

Mat der Ënnerstëtzung vu Moskau an Teheran, ass dem Assad-Regime gelongen, nees d‘Muecht iwwert méi wéi d‘Hallschent vum Territoire ze kréien. Am anere Lager, huet sech Ankara mat de syresche Rebelle grouss Beräicher vum syreschen Norden eruewert.

Et ass dann och d‘Zukunft vun der Rebelle-Provënz vun Idlib, am syreschen Nordosten, déi d‘Zesummenaarbecht vun der ongläicher Tripartite dierft op d‘Prouf stellen. An dat ganz besonnesch dann, sollt den Assad-Regime entscheeden sech „dem Problem“ unzehuelen. An dëser Regioun, nach ëmmer kontrolléiert vun den Al-Qaida Dschihadisten, huet d‘Tierkei eng Rei Observatiounsposten ageriicht.

Eng Kollaboratioun tëscht der tierkescher Arméi an den Islamisten, mam Bléck op d‘Vernichtung vun de Kurden, gëtt reegelméisseg denoncéiert. Op déi gutt Bezéiungen tëscht der Tierkei a Russland, déi differenzéiert Siicht op Idlib erhale bleiwen, hänkt awer och dovunner of, wéi sech déi international Koalitioun positionéiert. Déi huet zumindest eng moralesch Schold géintiwwer hire kurdeschen Alliéierten.

mam Maria Panina an dem Luana Sarmini-Buonaccorsi/AFP

Foto: Déi „Dräi“ vun Ankara: (v.l.n.r.) Hassan Rohani, President vum Iran; Recep Tayyip Erdogan, President vun der Tierkei; Vladimir Putin, President vu Russland. Si hunn sech op eng Zesummenaarbecht verstännegt, déi zum Fridden a Syrien soll bäidroen. Op se all hir Differenze bäigeluecht kréie fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen, wäert d‘Zukunft weisen. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Baschar al-Assad, Hassan Rohani, Iran, Recep Tayyip Erdogan, Russland, Syrien, Tierkei, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel