Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten
International Neiegkeeten

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten

Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister
International Neiegkeeten

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister

Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-

Covid19-Situatiounsiwwersiicht fir Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Covid19-Situatiounsiwwersiicht fir Lëtzebuerg

„Zu Lëtzebuerg bleift d‘Zuel vun den Neiinfektiounen onverännert héich, mee

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf och Keng. Deen ale President ass dee neien, an dat mat 76% vun de Stëmmen. De Vladimir Putin hunn sengen Unhänger Merci gesot.

Haut Méindeg, si gutt 80% vun der Stëmmen ausgezielt, an der Héichrechnung no, kritt de Vladimir Putin 76% Zousproch. Dat mellt aus Moskau déi zentral Wahlkommissioun. Um Owend huet de President vun der russescher Federatioun senge leit Merci gesot: „Dir sidd eis Mannschaft. Ech sinn e Member vun ärem Team, an alleguerten déi haut gewielt hunn, dinn Deel vun eisem Team. Eis erwaart den Erfolleg“, esou de Vladimir Putin.

De Vladimir Putin huet da senge Leit och gesot, datt hien am Ament net un eng Verfassungsreform denkt. Eng Regierungsëmbildung kéint awer no senger Inauguratioun stattfannen. Der d’Fro zu enger méiglecher Amtszäit no dëser, ass de russesche President ausgewach. „Et wier lëschteg déi Fro elo ze stellen“.

Ouni Konkurrenz

E wierkleche „Géigner“ hat de Vladimir Putin bei dëser Wal net. Als „beschten Zweeten“ konnt sech de Kandidat vun der kommunistescher Partei, Pawel Grudinin, behaapten (13.3%). Schonn ofgeschloen, de Nationalist Wladimir Schirinovski (6,3%) a just derbäi statt mattendran, déi onofhängeg Kandidatin Xenia Sobtschak (1,4%). Den Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny huet net dierfen untrieden.

D’Wahlbedeelegung soll bei 64% geleeën hunn, wat ënnert deem ass, wat ee sech zu Moskau erwaart huet. D’Bedeelegung un der Wal gëtt als wichtegen Indicateur fir de Réckhalt an der Bevëlkerung gewäert. Dat erkläert och den deels massiven Opruff un d’Bierger, sech un der Wal ze bedeelegen.

Demokratesch Onregelméissegkeeten

Et ass bei der Wal net alles an net iwwerall esou gelaf, wéi ee sech dat vun engem demokratesche Prozess erwaarden dierf. Oppositionell Politiker an d’Wahlbeobachter vu „Golo“ wëllen 2.400 Verstéiss gezielt hunn. Dorënner esou Saache wéi: „méi Stëmmen ofgi wéi een dierf“, „Behënnerung vun de Wahlbeobachter“, Wieler sollen zudeem schwéier bedrängt gi sinn.

Faiten, déi esou och der Wahlkommissioun bekannt sinn, an déi op d’Manipulatiounen higewisen huet. Déi huet Biller vun enger Kamera gewisen, déi an engem Wahlbüro bei Moskau opgeholl goufen. Dës Opname weisen, wéi Leit aus dem Wahlbüro gefälscht Stëmmziedel an d’Urne stiechen. Den Oppositiounspolitiker Alxej Nawalny hat d’Wahl allerdéngs schonn iert se Stattfonnt huet als „Farce“ bezeechent an och zum Boykott opgeruff.

Hëlleft alles näischt, no 18 Joer un der Spëtzt vum Land, behält de Vladimir Putin och déi nächst sechs Joer d’Zigel an der Hand. Laut Verfassung dierf hien dann awer net méi untrieden. Op Spekulatiounen iwwert eng Kandidatur fir 2030 reagéiert de russesche President ongehalen: „Dat ass lächerlech. Mengt dir ech géif hei sëtze bis ech 100 Joer al sinn?“.

mat AFP

Foto: De Vladimir Putin huet um Owend no der Wal, sengen Unhänger Merci gesot. © Kirill Kudryavtsev/AFP

Ähnlech Sujeten Russland, Vladimir Putin, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel