Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung
International Neiegkeeten

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung

De belsche Premierminister, Charles Michel, huet e Sonndeg, nodeems déi

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!
International Neiegkeeten

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!

Den Donald Trump hat Mexiko mat engem evolutive Strof-Zoll gedreet,

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen
International Neiegkeeten

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan

Staatlech Noriichtenagence Xinhua werft der Wahlgewënnerin Bedruch a Stëmmekaf vir

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan

Déi chinesesch Zentralregierung zu Peking besteet op hir territorial Integritéit, also och drop datt Taiwan zur Volleksrepublik gehéiert. Den Ausseministère huet d‘Weltgemeinschaft opgeruff déi „Ee-China-Politik“ ze respektéieren: „Taiwan ass eng bannenzeg Ugeleeënheet vu China“. Esou kritiséiert déi kommunistesch Regierung déi erneite Wahl vum Tsai Ing-wen zur Presidentin.

Elo ass d‘Presidentin an hir Fortschrëttspartei (DPP) mat 57% vun de Stëmme bestätegt ginn, an dat mëssfällt der Muecht zu Peking. Vun der staatlecher Noriichtenagence gëtt d‘Wahl als, virleefeg „Géigestréimung“ verkläert, wat sécherlech net als Normalzoustand fir dës „Provënz“ bewäertbar ass. Esou eppes wier nëmme méiglech duerch d‘Amëschung vun anti-chinesesche Kräften.

TaiwanHei geet ganz kloer op de „Westen“ gedeit an et ass denkbar datt d‘Amerikaner d‘Tsai Ing-wen mat finanzielle Mëttel gestäipt hunn, a sief et nëmmen, wéi et vu Xinhua ënnerstallt gëtt, de politeschen Afloss vu China ze bremsen an en Zesummeschloss vun Taiwan mam Festland ze verhënneren. Eng propagandistesch Siicht, déi vun heftege an deels schwéiere Beschëllegunge begleet gëtt.

Esou gëtt der Partei DPP an dem Tsai Ing-wen ënnerstallt, mat knaschtegen Tricke bei der Wal agéiert ze hunn. Si hätt bedrunn, Wieler ageschüchtert a repressiv Mëttel agesat fir Stëmmen ze gewannen, esou Xinhua. Méi däitlech kann ee kengem Wahlbedruch virwerfen. Peking hätt et jo och léiwer gehat, wann hire Kandidat vun der Kuomintang-Partei, dës Wahle gewonnen hätt.

TaiwanMee dee vun der Zentralregierung agesaten Han Kuo-yu, dee sech massiivst fir en „Uschloss“ un d‘Volleksrepublik agesat huet an och nach asetzt, huet nëmmen 38% vun de Stëmme kritt. Dat ass allerdéngs éischter Peking selwer geschëlt, déi zu Taiwan Stëmmung géint d‘Tsai Ing-wen gemaach an mat hirer „Gang-Aart“ zu Hong Kong, keng Loscht op en Zesummeschloss opkomme loossen.

No der Wal huet sech déi al an nei Presidentin vun Taiwan mam Amerikaner Brent Christensen getraff. D‘Amerikaner déi offiziell keng diplomatesch Bezéiungen zum Inselstaat ënnerhalen, well dat Auswierkungen op d‘Handelsbezéiungen hätt, sinn awer d‘Schutzmuecht, déi verhënnert, datt Peking sech d‘Insel militäresch einfach averleift. D‘USA hëlleft Taipeh dann och militäresch.

TaiwanAm August 2019 huet den Donald Trump héchst perséinlech, d‘Liwwerung vu weidere 16 F16-Kampffliger un Taiwan autoriséiert. Dat veriergert Peking an erfreet Washington. Déi chinesesch Regierung bezeechent Taiwan weiderhin als eng „abtrünneg“ Regioun, déi mat alle Mëttel – also och militärescher Gewalt – nees der Volleksrepublik muss ugeschloss ginn, zu all Präis.

Zanter dem Enn vum chinesesche Biergerkrich huet sech Taiwan eng eegen Identitéit zougeluecht an sollt vun der Weltcommunautéit och als Onofhängeg unerkannt ginn. Deem ass da wéinst streng wirtschaftlechen Interessen net esou, firwat déi demokratesch Republik Taiwan kaum internationale Réckhalt huet, an esou eigentlech formell „isoléiert“ ass. Also hält ee sech un den USA fest.

mat indymedia/tpe

Foto: D‘Presidentin vun Taiwan, Tsai Ing-wen, ass fir en zweet Mandat mat 57% vun de Stëmmen erëmgewielt ginn. D‘Amerikaner, déi offiziell näischt mat dëser Regierung um Hutt hunn, si wéi net anescht ze erwaarden, begeeschtert. China a seng Zentralregierung wëll sech Taiwan nees ënner den Nol räissen, an ass entspriechend veriergert. Iergendwann schécken si d‘Arméi, fir sech hir Insel zréckzehuelen an d‘Welt – och d‘Amerikaner – wäerten se gewäerde loossen… © 中華民國第14任總統

Ähnlech Sujeten China, Demokratie, Kommunismus, Taipeh, Taiwan, Tsai Ing-wen, USA, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel