Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“
Fail International Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“
Fail International Neiegkeeten

CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat numerescht entwéckelen“

Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik
Fail International Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik

Um 28. November 1520 kënnt de portugiseschen Entdecker, zesumme mat

dislike

Presidentewal am Kenia annuléiert

Presidentewal am Kenia annuléiert

Um Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff am Kenia eng historesch Entscheedung geholl. Wéinst „Onreegelméissegkeeten“ ass d‘Resultat vun de Wale vum 8. August, bei deenen de Uhuru Kenyatta als Gewënner erkläert ginn ass, ongëlteg. Neiwahle musse bannent zwee Méint organiséiert ginn.

„Op d‘Fro am Bezuch op de Fait, datt d‘Illegalitéiten an Irregularitéiten d‘Integritéit vun der Wal beaflosst hätten, huet sech d‘Geriicht entscheet, dovunner auszegoen, datt et esou ass“m seet de President vum ieweschte Geriicht, David Maraga.

D‘Presidentewal „wier net am Aklang mat der Verfassung gefouert ginn“ an dowéinst ass d‘Resultat „ongëlteg“ esou de Maraga weider. Hie huet d‘Wahlkommissioun opgefuerdert bannent 60 Deeg eng nei Wal ze organiséieren.

Eng Premiere

Laut der Oppositioun am Kenia, ass dat déi éischte Kéier an Afrika, datt en Ieweschte Geriichtshaff d‘Resultat vun enger Presidentewal annuléiert. D‘Entscheedung, esou dramatesch wéi onerwaart, ass vun der Majoritéit getraff ginn. Nëmmen zwee Riichter, dovunner een dee wéinst Krankheet net Deel huele konnt, waren anerer Meenung.

Beim bekannt gi vun der Nouvelle, war d‘Freed bei den Unhänger vun der Oppositioun grouss. Gejaut gouf um Freideg vu Freed, dat ronderëm de Geriichtshaff, an am Zentrum vun der Haaptstad Nairobi. Am Virfeld war e grousse Sécherheets-Dispositif virgesi ginn.

De President vum ieweschte Geriichtshaff huet dann och direkt d‘Wahlkommissioun verantwortlech gemaach. Hien huet behaapt si hätt: „versot, negligéiert oder sech geweigert“ d‘Wahlen am Aklang mat der Verfassung ofzehalen. Och soll et zu Onreegelméissegkeete komm sinn, beim iwwerdroe vun de Resultater.

Bedauerlech awer de Fait, datt et hei alt nees huet missen zu Onroue kommen. Onroue bei deenen op mannst 21 Mënschen hiert Liewe gelooss hunn. D‘Police war och net mat wäissen Händche mat de Manifestanten ëmgaangen.

Dem Kenyatta seng Affekoten hu sech hirersäits op de groussen Ecart mam Odinga – ëmmerhin iwwert 1,4 Millioune Stëmmen – beruff. Och ass hei ugefouert ginn, datt d‘Partei vum President bei de Wale fir d‘Gouverneure, Senateuren an Deputéiert déi meeschte Stëmmen ergattert huet, an esou eigentlech keen Zweiwel u senger Victoire kéint bestoen.

mam Cyril Belaud/AFP

Foto: D‘Riichter vum ieweschte Geriichtshaff zu Nairobi hunn um 1. September Neiwahlen ugeuerdent, nodeems se d‘Presidentewal, bei där de Kenyatta déi meeschte Stëmmen sollt kritt hunn, annuléiert haten. (© Simon Maina/AFP)

Ähnlech Sujeten Afrika, Kenia, Kenyatta, Odinga, Presidentewal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel