Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?
speed dating washington dc african american

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?

E Samschdeg war e Schëff vun der däitscher ONG „Sea-Eye“

hook up maiden
penelope cruz dating list
speed dating washington dc african american

No Google versprécht och Facebook der Presse nei Abonnenten unzezéien

Facebook wëll et de Presse-Editeure méi einfach maache fir d‘User

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
speed dating washington dc african american

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL

An der Salariatskummer bleift den OGBL fiederféierend

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, hat den OGBL ënnert der Leedung vum André Roeltgen op e neits déi absolut Majoritéit erhalen, an trotzdeem eng Partie Ziler verpasst. 35 (-3) Mandater ginn dann awer labber duer fir d‘Presidence vun der Salariatskummer ze iwwerhuelen.

Hei muss ee kuerz drop hiweisen, datt den eigentleche „Dauphin“ vum Jean-Claude Reding den André Roeltgen hätt solle sinn. Bis ewell an esou laang een zréckdenke kann, waren et ëmmer d‘OGBL-Gewerkschaftspresidenten déi sech d‘Mandat vum President vun der CSL verierft hunn. Well awer den aktuelle President säin „Direktmandat“ net zougestane krut, gëtt elo mat der „Traditioun“ gebrach an et ass d‘Generalsekretärin, Nora Back, déi CSL an Zukunft leede muss.

D‘Nora Back ass zudeem – an dat ass dat erfreelechst – déi éischt Fra déi de Kommando an enger bisweile männerdominéierter Institutioun iwwerhëlt. D‘Gewerkschaftlerin, déi sech am Konflikt mat de Fleegeheemer ervirgedoen hat, soll dann och am Dezember déi nei Presidentin vum OGBL ginn. Dat bedeit dann och datt d‘Nora Back zolidd an d‘Verantwortung geréit. Beim OGBL hofft een an éischter Linn drop, datt et der neier Presidentin ka geléngen, de sozialen Dialog innerhalb der CSL no de Virstellunge vum OGBL ka perenniséiert ginn. Dat awer kéint zum Dissens féieren.

Net liichtfankeg mat er Verantwortung ëmgoen

Fir d‘Nora Back ass et awer eng Éier esouvill Vertrauen entgéint bruecht ze kréien. Si verweist awer op hire Virgänger, Jean-Claude Reding, deem et zouzeschreiwe wier, datt d‘CSL haut den éischten Uspriechpartner vun der Regierung ass, wann ëm Wirtschafts-, Sozial- oder juristesch Froe geet. Si betount datt d‘Salariatskummer dat eenzegt duerchsetzungsfäegt Sproochrouer vun de Salariéeën a Pensionären ass. Et géif vill Aarbecht op déi nei Ekipp waarden, mee et wier ee gutt opgestallt…

Dat kann een, ënner Berécksiichtegung datt de Jean-Claude Reding an de Patrick Dury (LCGB) jo als Vizepresidenten dem Nora Back sollen zur Hand goen, net wierklech kontestéieren. Béid Häre verfügen iwwert eng laangjäreg Erfarung, wéi gutt Kontakter zu Regierungs- a Wirtschaftskreesser. A mat dëser Ekipp wëll d‘Nora Back sech verstäerkt an de legislative Prozess vun der Regierung abanne loossen an och Gesetzprojeten – esou wéi dat juristesch virgesinn ass – abréngen.

Logement an energetesch Transitioun

Geet et der neier CSL-Presidentin no, soll sech an de nächste Joer méi intensiv mam Logement an dem Ëmweltschutz befaasst ginn. Am Kontext vum Logement, ass dem Nora Back de Mangel u politescher Kredibilitéit en Dar am A. Déi géif sech weiderhin op „Spezialfonge“ stäipen, déi awer zur Konsequenz hunn, datt der Spekulatioun weidere Spillraum zougestane gëtt. E weider Chantier ass déi „energetesch Transitioun“, mat där sech eis Gesellschaft zwéngend ausenanersetze muss.

Als weideren, prioritären Dossier steet d‘Steiergerechtegkeet op der Dagesuerdnung. Hei erwaarden sech d‘Frontalieren Äntwerten op hir Fuerderungen. En Dossier deen alles anescht wéi liicht ze handhaben ass, well hei déi national Politik net alles regele kann. Vergiesse mir och net de Volet vun der „numerescher Transitioun“. Déi zouhuelend Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt, dierft eng vun de bedeitenden Erausfuerderunge fir d‘Salariat am grousse Ganze ginn. Dann awer lass…

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, CSL, Jean-Claude Reding, LCGB, Nora Back, OGBL, Patrick Dury, Salariatskummer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel