Search

You may also like

Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
International Neiegkeeten

Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!

No laangem Plange sinn dëse Summer d’Belugaen Little Grey a

Zur Petitioun elo och e Video!
International Neiegkeeten

Zur Petitioun elo och e Video!

D‘Biergerinitiativ Areler Strooss gouf wéinst der „Neigestaltung“ vum Gelänn „Stade

Oh yes,we have no bananas!
International Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung vun ënner 50%, nëmmen 41,8 % vun de Stëmme kritt, séi Géigner Rafal Trzaskowski huet 30,4% Zoustëmmung erhalen an esou kënnt et dann a 14 Deeg zur Stéchwahl.

Wahle schéngen net de groussen „Dada“ vun de Polen ze sinn. Laut der Wahlkommissioun hu ronn 48% vun de Wahlberechtegten hir Stëmm ofginn. Zur Erënnerung: 2015 waren et 49%. Dat huet den Andrzej Duda net dru gehënnert sengen Unhänger zu Lowicz Merci ze soen an ze betounen, datt et wichteg ass, datt ee Land esou gefouert gëtt wéi dat vun der Majoritéit gefuerdert ass.

Polen

De Rafal Trzaskowski huet sengersäits de Wahlowend zu Warschau ofgeschloss an senge Wieler zougeruff, datt d‘Resultat géif däitlech maachen, datt eng héije Prozentsaz vun de Mënschen am Land de Wiessel fuerdert. „Mir hunn nach ëmmer d‘Chance ze gewannen. (…) Déi zweet Wahlronn wäert doriwwer entscheeden op Polen e President kritt deen der Regierung op d‘Fanger kuckt, oder weiderhin een d‘Mandat ausfëllt, dee seng eegen Ënnerschrëft net wierdegt“.

Allebéid hu galant driwwer ewechgesinn, datt hir „Majoritéit“ oder den „héije Prozentsaz“ an absoluten Zuele keng Referenz sinn. Wichteg sinn dës Wahlen trotzdeem, an dat besonnesch fir d‘PiS-Partei, déi am Parlament déi absolutt Majoritéit huet an hire Kandidat am Amt bestätegt wëll gesinn. Dee géif d‘Muechtmonopol vun der PiS-Partei bis zu de Parlamentswahlen 2023 sécheren.

PolenDozou muss ee wëssen, datt d‘Mandat vum President mat wäitreechende Vollmuechten ausstafféiert ass. De polnesche President kann net nëmme Gesetzer mëttels dem Vetorecht blockéieren, deen dierf och Gesetzesinitiativen abréngen. Fir déi ultrakonservativ, déi sech regelméisseg mat der EU-Kommissioun uleeën, well si stänneg Gesetzer beschléissen déi da vum EuGH nees zréckgewise ginn, ass et entspriechend wichteg, datt „hire“ Mann dëst Mandat bekleet.

De Rafal Trzaskowski ass de Kandidat vum gréissten Oppositiounsbündnis, déi liberalkonservativ Biergerkoalitioun (KO). Dat hien déi zweet Ronn ka fir sech entscheeden, schéngt awer éischter ausgeschloss, et sief et géif een d‘Leit motivéiert kréien, vun hirem Wahlrecht gebrauch ze maachen an esou d‘Kräfteverhältnis ëmzedréinen. Et stinn also nach 14 Deeg Motivatiounsaarbecht aus.

PolenGéif awer de Rafal Trzaskowski – entgéint alle Prognosen – den 12. Juli als Gewënner aus der Stéchwahl ervirgoen, hätt d‘PiS-Partei ee Problem. Déi misst da bei all Gesetzprojet domadder rechnen, datt de President vu sengem Veto gebrauch mécht. An hei huet de Rafal Trzaskowski schonn am Virfeld ugekënnegt, datt, sollt hien d‘Mandat zougesprach kréien, déi ëmstridde Justizreform vun der PiS géif réckgängeg maachen. Dat géif och zu Bréissel gutt ukommen…

mat indymedia/waw

Foto: © oliwka (via Twitter)

Related topics Andrzej Duda, Polen, Presidentschaftswahl, Rafal Trzaskowski, Stéchwahl
Next post Previous post