Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltonguesurprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
Crazy Erkläert Stories

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn
Crazy Erkläert Stories

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am

coollove
Vill Talenter hu sech beim nationale Championnat am Bouschéissen ervir gedoen
Crazy Erkläert Stories

Vill Talenter hu sech beim nationale Championnat am Bouschéissen ervir gedoen

Beim nationale Championnat am Bouschéissen huet et Iwwerraschendes, Erfreeleches an

tongue

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der Press statt. Wéi all Joer gëtt dobäi op déi wäertvoll Aarbecht vun der Press higewisen. Mee et ginn net nëmme gutt Noriichten un deem Dag: Och d’Problemer, déi Journalisten op der ganzer Welt begéine, ginn an de Mëttelpunkt gestallt. Dëst soll net nëmmen de Leit do bausse kloer ze maachen, wéi wichteg eng fräi a kritesch Press ass. Si déngt och dozou, de Leaderen op der ganzer Welt dëst ze verdäitlechen.

Wat ass den Haaptthema dëst Joer?

All Editioun huet och säin eegene Slogan. Dëst Joer ass en op Keeping Power in Check: Media, Justice and the Rule of Law (op Lëtzebuergesch ongeféier: D’Muecht am Grëff behalen: Medien, Gerechtegkeet an d’Gesetzer). Dobäi geet et laut UNESCO dann och ëm d’Transparenz vun de politesche Prozesser, der Onofhängegkeet an der Medie-Literassitéit vun der Justiz.

Wéi steet et ëm d’Pressefräiheet zu Lëtzebuerg?

Bei Reporters without Borders (RSF) fënnt ee Lëtzebuerg op Plaz 15 vum Ranking. Domat si mer zwou Plaze gefall, ouni dat eise Score sech geännert hätt. Zu Lëtzebuerg leeft een zwar als Journalist net Gefor, an de Prisong gespaart ze ginn oder ëmbruecht ze ginn, mee domat ass nach laang net alles am grénge Beräich. Luxleaks wërft hei e wäite Schied, gouf am Kader vum Prozess dem Raphaël Halet kee Whistleblower-Schutz zougestanen, wéi Reporters without Borders festhält.

Wou kéint Lëtzebuerg sech soss nach verbesseren?

Fir datt eng Gesellschaft méi oppe gëtt, muss Informatiounen liicht ze erreechen sinn. An där Hisiicht steet Lëtzebuerg schlecht do: Laut dem Media Pluralism Monitor 2015 war de Schutz vum Informatiounsrecht als niddreg agestuuft, bezéiungsweis als héich gefährt. Eng Gesetzespropositioun gouf zwar schonn 2000 deposéiert, mee läit aktuell säit Enn 2016 bei der Mediekommissioun. Och wat d‘Besëtzverhältnesser an d‘Verknëppung tëscht de Besëtzer vu Cross-Media Entreprisen ugeet, ass de Bericht kritesch. Bei der politescher Onofhängegkeet kritt Lëtzebuerg allerdéngs eng gutt Note.

A wéi enge Beräicher ginn et di gréisste Problemer?

Laut RSF sinn déi allsäits bekannte Fake News aktuell déi gréisste Problemer, mat deene Journalisten ze kämpfen hunn. Net nëmme gëtt et eng immens grouss Zuel vun Acteuren an de sozialen Netzwierker, mee et gëtt fir d’Notzer ëmmer mi schwéier, gudden an uerdentleche Journalismus vu senger Fälschung a Propaganda ze ënnerscheeden.

Disclaimer: Deeler vun dësem Artikel goufe schonn d’lescht Joer op dëser Plaz verëffentlecht. Et handelt sech hei ëm eng ergänzt an aktualiséiert Versioun.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Presse, Pressefräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel