Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
https://moien.lu/dating-someone-who-is-not-in-college/

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

https://moien.lu/friends-but-not-dating/
https://moien.lu/dating-someone-who-is-not-in-college/

how long should i leave it before dating again

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
https://moien.lu/dating-someone-who-is-not-in-college/

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

Presserevue: Kréinung vum Macron

Presserevue: Kréinung vum Macron

D‘Investitur vum Emmanuel Macron als neien an jéngste President vu Frankräich dëse Sonndeg war, wann ee sech duerch déi franséisch Presselandschaft duerchgebliedert huet, absolut feelerfräi. Allerdéngs fänkt dann elo awer och dee méi eeschten Deel vun sengem neien Liewensofschnëtt un.

An der „Libération“ freet sech den Editorialist Grégoire Biseau:; „Et war een impeccabele sans-faute. Alles war geduecht a berechent fir dësem Dag eng Presidentiell Eeschthaftegkeet ze ginn.“ an weider steet fir hie fest „Eng immens Erausfuerderung erwaart den Emmanuel Macron, wëll mir kennen déi iwwerwonnen Ambivalenz vun de Fransousen: si wëllen alles an de Géigendeel vun allem“.

Esou gesinn dat dann och engersäits de Sébastien Lacroix vun der „Union/L’Ardennais“ deen da schreift: „Et gouf net ee falsche Schrëtt, net dee klengste Feeler am Protokoll oder der mise en scène“ an anersäits den Paul Caraci vum „Midi Libre“ dee jugéiert datt „D‘Iwwerdroen vun der Muecht huet seng protokollär, politesch a mënschlech Versprieche gehalen“.

Idem an der „Nouvelle République du Centre-Ouest“ wou den Olivier Pirot bestätegt „Keng fausse note (…) Et muss een unerkennen datt den Emmanuel Macron säin Dag reusséiert huet“. An der „Dernières Nouvelles d’Alsace“ insitéiert den Pascal Coquis „Net dee klengste falschen Toun a net déi mannste faute de goût“. „En huet sech keng bléisst ginn“ relancéiert de Patrice Chabanet vum „Journal de la Haute-Marne“ an de Laurent Bodin vum „L‘Alsace“ huet „ee gelongenen Optrëtt an eng perfekt mise en scène“ gesinn.

Virun der Erausfuerderung vun der Muecht

De Sébastien Lacroix fënnt dann och, datt de „...Macron säi Passageexamen gepackt huet“ fir dann ze preziséieren „Et war dat einfachst“. „Déi seriös Saachen fänken awer haut (Méindeg) un“, warnt op der Titelsäit den „Le Parisien“. „Elo steet hien dann virun der Erausfuerderung vun der Muecht a senger Amtszäit“ ënnersträicht de Pascal Coquis. „Hien muss sech elo de Realitéite stellen“, avertéiert dogéint den Daniel Muraz vum „Courrier Picard“. An den Jean-Claude Souléry, vun der „Dépêche du Midi“ warnt virun den „…parteilechen Ofnäipungen déi undaueren“.

Am „Républicain Lorrain“ schreift den Pierre Frehel „Déi haart Realitéit vun der Strooss erwaart hien“. „Mat Schluechten esou zuelräich wéi schwéier“ schéngt den Bruno Dive am „Sud-Ouest“ ze äntweren. „Dat schwéierst läit virun him“ weess deen Philippe Marcacci, vum „l’Est Républicain“.

„D‘Garde républicaine Revue ze passéieren an Frankräich op Schratt ze bréngen, sinn zwee puer Schong“, lästert den Patrick Apel-Muller, an der „L’Humanité“. Op „Nodeems hie gewisen huet wéi hien Frankräich wëll presidéieren, muss den Emmanuel Macron elo weisen wéi hien et gedenkt de gouvernéieren“, verweist den Matthieu Verrier, an der „La Voix du Nord“.

D‘Zäit ass komm vun enger gedëlleger an exigenter Aarbecht, fir de Fransouse dat Selbstvertrauen zeréck ze ginn, datt schonns ze laang geschwächt ass“, erkläert den Guillaume Goubert, vun der „La Croix“ an iwwerhëlt domadder quasi d‘Wieder vum neie President.

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel