Search

You may also like

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch
Neiegkeeten

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)
Neiegkeeten

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

D’Prinzessin Claire feiert hire 35. Gebuertsdag!

D’Prinzessin Claire feiert hire 35. Gebuertsdag!

Um haitegen Dag feiert S.A.R. d’Prinzessin Claire hiren 35. Gebuertsdag. D’Fra vum Prënz Félix a Mamm vun zwee Kanner stécht mat Wëssen, engem immensen Engagement an Interessi an de verschiddenste Beräicher besonnesch ervir. D’Redaktioun vu Moien.lu gratuléiert häerzlech zu dësem feierlechen Dag!

D’Prinzesinn Claire ass um 21. Mäerz 1985 als Claire Margareta Lademacher zu Fliderstadt an Däitschland gebuer ginn. Si ass dat zweet Kand vum Hartmut a Gabriele Lademacher, den eelere Brudder heescht Felix. Op der Hochzäit um 21. September 2013 mam Prënz Félix huet d’Claire Lademacher den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg erhalen.

D’Claire an de Félix si glécklech Elteren vun der Prinzessin Amalia Gabriela Mari Teresa, gebuer um 15. Juni 2014 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte, wéi och dem Prënz Liam Henri Hartmut, deen um 28. November 2016 zu Genf am Spidol Générale-Beaulieu gebuer ginn ass. Zënter August 2018 lieft d’Famill zu Frankfurt.

Prinzessin Claire

© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Mat Engagement a Fläiss

Schonn als Kand huet d’Prinzessin Claire sech fir d’Danzen begeeschtert, spillt elo leidenschaftlech gären Tennis, Volleyball a Badminton. Ma, dobäi kënnt nach d’Passioun fir de Pilates an d’Ski-Fueren. Mat Begeeschterung fir d’Natur, Fotografie a Musek ass den Interessi fir kulturell, awer och sozial Themen immens ausgepräägt. Op hire Reesen huet si sech un humanitäre Projeten bedeelegt, wéi beispillsweis am indeschen Tirupur.

Ma, och a Saache Bildung huet d’Claire sech mat Fläiss a Motivatioun ervir gehuewen. Nodeems hatt an Däitschland d’Grondschoul besicht huet, ass d’Famill op Atlanta geplënnert, wou si d’Atlanta International School besicht huet. Zeréck an der Heemescht goung et fir d’Claire un d’Frankfurt International School, a fir déi zwee lescht Schouljoren un d’Schwäizer Internat College Beau Soleil. Am Joer 2003 huet d’Prinzessin vu Lëtzebuerg hire Diplom mam engleschen A-Level an dem Prize of Excellency fir aussergewéinlech Leeschtungen entgéint geholl.

No dëser erfollegräicher éischter Etapp huet et d’Claire a Frankräich gezunn, fir un der American University of Paris hir Etüden an der Internationaler Kommunikatioun ze maachen. Nom Bachelor-Ofschloss (2007) huet si éischt Beruffserfarung bei Editions Condé Nast zu New York an a München, wéi och bei IMG World zu Berlin gesammelt.

Fir de Master am Beräich Bioethik, deen d’Claire mat summa cum laude ofgeschloss huet, ass et un d’Universitéit Regina Apostolorum op Roum gaangen. Nieft den Etüden war si bei der UNESCO aktiv. D’Promotioun iwwert ethesch Aspekter zum Averständnis zur Organspend huet d’Prinzessin vu Lëtzebuerg mat engem PhD (Doktorat) ofgeschloss. Am Kader vun dëser Fuerschungsaarbecht war si och beim Kennedy Institute of Ethics vun der Universitéit Georgetown zu Washington D.C. als Gaaschtfuerscherin aktiv.

D’Prinzessin Claire beherrscht nieft der Mammesprooch Däitsch och nach Englesch, Franséisch an Italienesch. Mat hire beruffleche Kenntnisser a Professionalitéit setzt si sech fir d’Organisatioun Luxtransplant an.

Opmaacherfoto: © Cour grand-ducale / Christian Aschman

Related topics 35. Gebuertsdag, Alles Guddes, Engagement, Groussherzoglechen Haff, Happy Birthday, Intelligent, Prënz Félix, Prinzessin Claire
Next post Previous post