Search

You may also like

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe
Neiegkeeten

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar

Héije Besuch fir d’Generaldirektioun vun der DG SANTE
Neiegkeeten

Héije Besuch fir d’Generaldirektioun vun der DG SANTE

Gëschter Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet
Neiegkeeten

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

Schraasseg: Prisonéier dout a senger Zell opfonnt ginn

Schraasseg: Prisonéier dout a senger Zell opfonnt ginn

Wéi d’Regierung matdeelt ass gëschter Owend géint 21:15 Auer ee Prisonéier dout a senger Zell zu Schraasseg fonnt ginn. D’Doudesursach ass bis ewell nach net gekläert. D’Autoritéite goufen informéiert, eng Autopsie gouf ugefuerdert.

Als externe Kontroller waren den Ombusman, sou wéi och de stellvertriedenden Direkter vun der Gefängnisverwaltung, den Direkter an de stellvertriedenden Direkter vum Gefängnis op der Plaz. D’Famill gouf natierlech iwwert den Doudesfall informéiert.

An dësem Fall dinn sech natierlech d’Spekulatiounen op. Wat engem als éischt an de Kapp kënnt wir ee Suizid, war grad elo, wärend der Coronakris, net esou onwahrscheinlech wier. Net nëmmen gëtt de Prisonéier d’Fräiheet, mee och de Kontakt zu hire Léifsten – oft déi eenzeg Stäip an hirem Liewen – duerch d’Restriktiounen quasi ewech geholl. Zur Zäit ass et fir déi Inhaftéiert just méiglech, duerch eng perséinlecher Ufro, d’Famill iwwert Skype ze gesinn.

Fir d’Verbreedung vum Covid-19 och am Prisong ze limitéieren, solle scheinbar drastesch Reegelen opgestallt gi sinn, déi d’Prisonéier dozou zwéngen, just nach an hirer Zell setzen ze dierfen. Och Formatiounen, sportlech Aktivitéiten an Atelieren gëtt et aktuell keng. Schonn eleng vum Liesen kann engem do ellen ginn.

Op Fräiheetsentzuch

Kee Wonner also, datt et viru kuerzem och zum Opstand duerch 25 Prisonéier komm ass. D‘Fäischt hunn iergendwann fléie missen. A wéi de Justizministère spéider kommunizéiert huet, wir et net auszeschléissen, datt déi ergraffe Mesuren am Kader vun der Pandemie zu dësem aggressiven Eclat gefouert hunn.

Verhënneren konnt een d’Ausbreedung vum Virus awer och am Prisong net. An der Nuecht zum 18. Abrëll ass een Häftling vun de Giischtercher an d’Quarantäne-Statioun gesat ginn. Hien ass positiv op Covid-19 getest, dunn och an den CHL bruecht ginn. Hu mir elo ee weidere Fall, deen ze spéit bemierkt ginn ass?

Wéi ee gesäit, laascht aktuell immensen Drock um Gefängnis. Net nëmmen d’Prisonéier, mee och d’Giischtercher sinn uerg vun der Situatioun an duerch d’Restriktioune betraff. Et freet ee sech, wisou grad dëse Fall matgedeelt gëtt, woubäi et dach wuel dës Ëfteren zu Kläppereien, Eclaten, Aggressiounen a Stierffäll kënnt.

Et ginn divers plausibel Grënn – vu Covid-19, iwwert een natierlechen Dout, bis hin zum Suizid – wisou ee Prisonéier bemol stierft. Hätt dësen Dout kënne verhënnert ginn? Wäerte mir de Grond gewuer ginn, oder gëtt hei d’Ursaach ënnert den Teppech gekiert, falls d’Resultat mat schlëmme Konsequenze fir de Prisong verbonnen ass?

Opmaacherbild: © Simon King / Unsplash

Related topics Centre Penitentiaire, Covid-19, CPL, Doudesfall, Dout, Prisong, Schraasseg, Stierffäll, Suizid, Zell
Next post Previous post