Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone
International Neiegkeeten

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone

E Mëttwoch ginn zu Ettelbréck Atelieren an am Uschloss d’Presentatioun

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner
International Neiegkeeten

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) felicitéiert d‘ALUPSE fir déi exemplaresch Kollaboratioun

surprise
Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU
International Neiegkeeten

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Virum Parlament huet de briteschen Ausseminister gemengt, datt déi europäesch

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten

Honnerten Ukrainer hunn an der Nuecht vum Mëttwoch op en Donneschdeg um Fluchhafen zu Kiew Dosenden Zivilisten an Zaldoten empfaangen, déi vun de Separatisten am Kader vun engem massiven Austausch fräigelooss gi sinn.

Déi ukrainesch Autoritéiten an déi prorussesch Separatisten, déi en Deel vum Oste vum Land kontrolléieren, haten an um Virmëtteg iwwer 300 Prisonéier ausgetosch. Et war eng vun de gréissten Operatiounen dëser Aart am Verlaf vu bal véier Joer Krich.

Mat Fändelen an Blummen hunn d‘Leit op d‘Prisonéier gewaart. Wéi de Fliger gelant war ass geklappt a gejaut ginn. „Vive d‘Ukrain, vive eis Helden!“ huet de Prisonéier entgéint geklonge wéi se aus de Fliger geklomme sinn. Hei sinn se da vun hire Familljen empfaange ginn.

„Salut Grimmelchen, gesäis de, de Papp ass nees doheem“, esou en ukraineschen Zaldot mat senger Duechter um Telefon, während seng Fra hien ënner Tréinen an den Äerm festgehalen huet. 21 Méint a Gefaangenschaft bei de Separatisten hunn hir Spueren hannerlooss…

Schwiereg Verhandlungen

Iert de Prisonéieraustausch konnt stattfannen, hat et vill Verhandlunge gebrauch. An de leschte Woche war och de russesche President Vladimir Putin dru bedeelegt. Betraff ware 73 Prisonéier déi an den zwou selwer erkläerte Republike festgehale goufen, an 233 Rebellen déi Kiew gefaangen hat.

Den ukrainesche President Petro Porochenko, begleet vun der franséischer Ambassadrice an der Ukrain, Isabelle Dumont, an engem däitschen Diplomat, haten op der Frontlinn d‘Prisonéier empfaangen iert déi mat zwee Helikopter op Kharkiv evakuéiert gi sinn.

Zu Kharkiv huet de Petro Porochenko, deen extra am Drillech ugereest war, de frësch fräigeloossen Zaldoten zougeruff: „Léif Leit, et ass eis endlech gelongen“. Vill vun den Zaldoten haten och nees d‘Uniform un an den ukrainesche Fändel iwwert d‘Schëlleren hänken.

Et ass dat dann och den éischten Austausch zanter 15 Méint, an den zweetgréisste säit ausbrieche vum Konflikt 2014. Ofgewéckelt ginn ass den Austausch zu Gorlivka, ronn 40 Kilometer vun der separatistescher Haaptstad vun Donetsk. Den Austausch huet sech iwwer Stonne gezunn.

Falsch Helden

Ënnert de Prisonéier och den Igor Kozlovski. En unerkannten Historiker dee virun zwee Joer vun de Separatiste gefaange gi war a fir vill Opreegung an der Ukrain gesuergt huet. „Ech si wéinst menger pro-ukrainescher Haltung verhaft ginn“, esou den 63 järege géintiwwer der AFP.

Hien huet matgeholl ausgesinn, mee gedëlleg säin Tour ofgewaart. Um Fluchhafe vu Kharkiv, nieft dem President a virun der Éieregarde: „Mir sinn zréck. (…) Mir hu gelidden, Folter a Krankheeten ausgehalen (…) mir hu stänneg d‘Léift vum ukrainesche Vollek gespiert“.

Déi däitsch Kanzlerin an de franséische President, deenen hir Länner mat um Parrainage fir de Fridde bedeelegt sinn, hunn de Prisonéieraustausch an engem gemeinsame Communiqué begréisst. Si hu béid „Parteien“ opgeruff de Prozess och ob déi verbliwwe Prisonéier unzewennen.

D‘Befreiung vun de Prisonéier ass ee vun den Haaptpunkte vum Minsker Friddensaccord, deen am Februar 2015 no der däitsch-franséischer Mediatioun ënnerschriwwe gi war. Dat hat wuel dozou gefouert, datt d‘Kämpf ofgeholl hunn, mee politesch huet et keng Fortschrëtter ginn.

Den Austausch geet weider

Mat der Operatioun vum Mëttwoch, déi eng éischt Etapp am globalen Austausch vun alle Prisonéier an béide Lager ass, kënnt een enger friddlecher Léisung e Schratt méi no. Woubäi esouwuel d‘Separatiste wéi d‘Ukrainer sech politesch net wierklech méi no komm sinn.

Bei der zweeter Etapp, fir déi nach keen Datum festgeluecht ginn ass, sollten nach emol 29 Prisonéier vun de Separatisten, géint 74 Gefaangener vu Kiew ausgetosch ginn. Esou zumindest d‘Ausso vum Viktor Medvedtchouk, dee fir Kiew verhandelt an dem Putin soll no stoen.

Aus engem Communiqué dat vum ukrainesche Parlament um Mëttwoch verëffentlecht ginn ass, sollen déi pro-russesch Separatisten awer nach ee puer honnert Zaldoten an Ziviliste gefaangen halen. Genau Zuelen zu wien wéi vill Prisonéier huet leien awer net vir.

De Konflikt, bei deem sech am Oste vun der Ukrain, pro-russesch Separatisten a Regierungstruppe géinteniwwer stinn, wäert der Welt awer erhale bleiwen. Kiew a Bréissel beschëllege Russland sech anzemëschen, Moskau dementéiert. Hei gëtt dann och gäre vun engem neie Kale Krich geschwat.

mam Ioulia Silina an Andriy Perun/AFP

Foto: Ukrainesch Zaldoten déi während den Ausenanersetzunge mat de pro-russesche Separatisten a Gefaangenschaft gerode sinn, sinn um Mëttwoch géint „Rebellen“ ausgetosch ginn. Vun engem Enn vum Konflikt ass een dann awer nach ganz wäit ewech. © Aleksey Filipov/AFP

Ähnlech Sujeten Donetsk, Kiew, Krich, Russland, Ukrain
Nächsten Artikel Virrechten Artikel