Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland
International Neiegkeeten

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland

Nom Récktrëtt vum Premierminister Antti Rinne soll déi aktuell Verkéiersministerin

Mamma, liese mir e Buch?
International Neiegkeeten

Mamma, liese mir e Buch?

Ewéi den Educatiounsminister confirméiert huet, dass d’Schoulen nach bis de

dislike
Den Donald Trump ass de Klimakiller
International Neiegkeeten

Den Donald Trump ass de Klimakiller

Och wann hien d’Spannung héich gehalen hat, spéitstens nom Bréisseler

Prisong fir den australesche Kardinol Pell

Prisong fir den australesche Kardinol Pell

Um haidege Mëttwoch huet d‘Geriicht zu Melbourne, ënnert dem Virsëtz vum Riichter Peter Kidd, de Kardinol George Pell, deen och esou eppes wéi de Finanzminister vum Vatikan ass, oder besser war, zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn. Hien ass „ouni iwwer ‚Lass‘ ze goen“ direkt a seng nei Raimlechkeete gefouert ginn. Dem Pell säin Affekot hat gëschter schonn de Recours annoncéiert.

Dem Kierchemann seng Affekoten haten awer am Virfeld zum Uerteel, en Antrag zréckgezunn, mat deem gefrot war, de Kardinol géint eng Kautioun op fräiem Fouss ze loossen. Wéi laang de George Pell hanner Gitter soll kommen, dat gëtt eréischt den 13. Mäerz verkënnt. Et kéint bis zu 50 Joer goen, mee dat schléisse gewinnten Observateure vun esou Prozesser eigentlech aus. Woubäi…

mat indymedia/syd/mel

Ähnlech Sujeten Australien, Kannermëssbrauch, Kardinol George Pell, kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Pedophilie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel