Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Se sinn net Doud, se rocke nach!
Neiegkeeten

Se sinn net Doud, se rocke nach!

D’Rolling Stones hunn hir Europatournée mat engem Open-air Concert am

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
Neiegkeeten

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
Neiegkeeten

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod

De Mëssstand am Prisong vu Schraasseg, wou et rezent zum „Streik“ vun de Prisonéier komm ass, huet sech och an de sozialen Netzwierker verbreet. Och politesch ass d‘Situatioun opgegraff ginn, woubäi et bei der CSV zum Gedanke komm ass, d‘Giischtercher ze bewaffnen.

An de Justizkommissioun ass dëse Virschlag net zréckbehale ginn. Et huet sech awer drop gëeenegt, datt d‘Personal vum Prisong soll mat Pefferspray an „Flash-Ball“ Pistoule sollen ausstafféiert ginn. Wann domatter d‘Moyenen sech ze verdeedegen ausgebaut ginn, esou ass gläichzäiteg de Kader ganz kloer Definéiert ginn, an deem se agesat kënne ginn.

D‘Aktioun „Luxembourg Ouvert et Solidaire“ (ALOS) an d‘Mënscherechtsliga (LDH) bedauert den Opruff zur Gewalt vun eenzele Prisonéier. En Fait deen als Inakzeptabel betruecht gëtt, woubäi si an der Bewaffnung vun de Giischtercher keng positiv Entwécklung erkenne kënnen. Et wier esouguer eng kontraproduktiv Moossnam.

Säitens der ALOS-LDH géif een et begréissen, wann een „Ueleg an de Moteur géif schëdden, amplaz es op d‘Feier ze geheien“. Si ruffen all concernéiert Parteien op sech zesummenzeräissen. Béid Organisatioune verfollege mat groussem Interessi d‘Prisongsreform a begréissen seng Modernitéit, déi grouss Fortschrëtter bei den Haftkonditioune versprécht.

De Gedanken zu Enn denken

Dorënner beispillsweis d‘Schafe vun engem externen Organ dat als Observatoire an zur Evaluatioun soll agesat ginn. De Gedanke vun enger duebeler Notzung, mat der externer Kontroll vun de Raimlechkeeten zur Haftmoossnam (CELPL) gouf vum President Claude Weber preziséiert.

Et géife Prisonge gebaut, mee et géif keng Ënnerlagen, keng Statistik déi explizit genuch wier, sech e Bild zu der Populatioun am Prisong ze maachen, wéi et ëm hir Situatioun bestallt ass. Et géif zudeem och keng Joresbilanen zu de verschiddenen Infrastrukturen. Hie plaidéiert dann och fir d‘Schafe vun engen onofhängegen Organ, mat wëssenschaftlechem Hannergrond.

D‘ALOS-LDH kann sech an dësem Kontext virstellen, datt een hei mat der Universitéit kann zesummeschaffen. En Iddi déi dem Argument follegt, datt et am Frankräich en onofhängegen Observatoire gëtt, esou wei dat am Gesetz virgesinn ass. Dee këmmert sech dann am Frankräich awer ëm 200 Haftanstalten. Zudeem ass d‘Situatioun vu béide Länner net vergläichbar.

An d‘ALOS-LDH fuerdert eng Transitiounsperiod fir déi Leit, déi ënnert dem „ale Regimm“ veruerteelt goufen. Si sollte vun de neien Dispositioune profitéieren, ouni eng Prozedur an d‘Wee ze leeden. Heivunner wiere 600 Prisonéier betraff, déi drop waarden datt d‘Gesetz ugewannt gëtt. Et solle Strofen nogelooss ginn, déi deem entspriechen, wéi se et an engem Uerteel dierften erwaarden.

Un der Bestrofung gëtt awer festgehalen

De Claude Weber fuerdert awer elo net d‘Fräiloossung vun alle Prisonéier, mee datt d‘Gesetz berécksiichtegt, datt een et zu Schraasseg net kann zouloossen, datt zwou Klasse vu Prisonéier zesummeliewen. Esou géif ee Spannunge schafen, déi zur Gewalt féiere kënnen. D‘Zesummenaarbecht mat der Universitéit kéint een dann och als neien Depart betruechten.

D‘ALOS-LDH erënnert dann och drun, datt d‘Gesetzer weder am Prisong nach um Geriicht gemaach ginn, mee um Krautmaart. Si gesinn et dann och kritesch, datt den Text zur Reform, den Androck hannerléisst, wéi wann dëse vum Parquet geschriwwe gi wier. En Androck deen doduerch bestäerkt gëtt, datt am neie Gesetz keen Haftriichter virgesinn ass.

Mee bei der ALOS-LDH mécht ee sech net nëmme Gedanken ëm d‘Prisonéier, an esou huet een och Fuerderunge fir d‘Giischtercher. Ei gëtt op Mediatioun gesat, eng Moossnam déi verhënnere kann datt et zu Konflikter kënnt. Verlaangt gëtt och eng „Begleedung“ an „Ënnerstëtzung“ vum Personal, déi sech och engem externen Organ sollen uvertraue kënnen.

An dësem Sënn soll et och e bessere Schutz fir d‘Giischtercher an hir Famillje ginn. Gläichzäiteg sollen an engem groussherzogleche Reglement d‘Sanktiounen opgelëscht ginn, déi beim Verstouss géint d‘Disziplin ugewannt ginn. Déi misst der Lëscht vum Gesetzprojet entspriechen.

Gefuerdert gëtt dann och, datt de Recours géint Disziplinarmoossname muss suspensiv sinn. Zudeem misst d‘Aarbechtsrecht och am Prisong ugewannt ginn, d‘Prisonéier – déi schaffen – un d‘Gesondheets- a Pensiounskeess affiliéiert ginn. D‘ALOS-LDH hofft dann awer, datt dat neit Gesetz bis zur Schoulrentrée a Kraaft triede kann.

Ähnlech Sujeten ALOS, Claude Weber, LDH, Prisongsreform, Schraasseg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel